Güterzich zu Lëtzebuerg
Trains de marchandise à Luxembourg
Güterzüge in Luxemburg

E puer Beispiller:

 


Duerch d'Spärung vum Hollerecher Contournement, misst d'DE 18 307 mam Käerjenger Sand an d'Stater Gare eran fueren fir do Kapp ze maachen an schlussendlech weider op Beetebuerg ze fueren.  (Photo: 6.6.2020 Tom Lambert)


Den allerleschten Viseer war schliisslech erëm iwwert d'Nordstreck gefuer. Gezunn vun der 3009, ginn déi 5 Drockgaszetären an déi 1 Zetär op Beetebuerg bruecht.. (Photo: 6.6.2020 Tom Lambert)


D'3020 rangéiert an der Stater Gare op Gleis 11.  (Photo: 5.6.2020 Tom Lambert)


Duerch d'Spärung vun der L60, missten sämtlech Sibeliten an der Päischtvakanz entweder iwwer Dippech ëmgeleet ginn, oder iwwer Frankräich. Sou huet d'3012 (gelount bei Sibelit) den Zeebrugger bis op Athus iwwerfouert, wou eng T13 den restlechen Trajet iwwerholl huet (Photo: 5.6.2020 Tom Lambert)


En ëmgeleeten Kinkempois iwwert d'Dippecher Stréck, gezunn vun der 3015 an 3009 ënnerwee fir op Beetebuerg. (Photo: 5.6.2020 Tom Lambert)
Coils vun Tilleur fir d'Galvalange


D'DE 18en 304 an 303 en charge vum Rodanger fueren mat eidelen Schrottkëschten an Brammen duerch Houwald. (Photo: 5.6.2020 Tom Lambert)


En ëmgeleeten Viseer, gezunn vun der 3009 um Houwald  (Photo: 5.6.2020 Tom Lambert)


Mat ronn 9 Stonnen Verspéidung, bréngt d'4009 Owes en Kieler vun Ehrang duerch Millbech op Beetebuerg. (Photo: 4.6.2020 Tom Lambert)


D'1343 an 1341 duerch Diddeleng. (Photo: 2.6.2020 Tom Lambert)


D'Akiem 27123 mat enger Rame Coils zu Diddeleng. (Photo: 2.6.2020 Tom Lambert)


D'1331 an 1336 fueren en emgeleeten Antwerper aus dem Triage a Richtung Frankräich.  (Photo: 2.6.2020 Tom Lambert)


D'4016 fiert Owes mat engem Mars duerch Millbech a Richtung Beetebuerg. (Photo: 28.5.2020 Tom Lambert)


An nach e Bild vun der 4016, dës Keier un engem Homburger fir op Belval. (Photo: 20.5.2020 Tom Lambert)


D'3018 un engem kuerzen Viseer fiert hei duerch Péiteng a Richtung Beetebuerg. (Photo: 16.5.2020 Tom Lambert)


D'4016 un engem Mars fiert grad zu Éiter op Gleis 1 fir iwwer Syren weider an den Triage. (D'Bréck am Hannergrond ass iwwregens gespaart, well e Bauer dran gerannt ass. Zum Gléck sollt se anscheinend net ganz ofgerappt ginn) (Photo: 14.5.2020 Tom Lambert)


D'4016 am Asaz bei der Cargo um Gremberger a Richtung Ehrang. (Photo: 12.5.2020 Tom Lambert)


D'4016 ass wuel eng vun den raren Maschinnen déi mat hirer Werbung ( vum Light@Night Festival ) duerch d'HU komm ass. Säit dem 10. Abrëll fiert se erëm, hei wor se fir d'Cargo un engem Gremberger. (Photo: 9.5.2020 Tom Lambert)


D'4015 mat engem 4 deelegen Gremberger (Photo: 9.5.2020 Tom Lambert)


D'4010 fiert mam Gremberger an d'Éiter Gare eran.  (Photo: 18.4.2020 Tom Lambert)


No enger Kräizung zu Syren, kennt d'4017 hir entgéint mat engem weideren Gremberger fir op Ehrang, hei zu Éiter. (Photo: 18.4.2020 Tom Lambert)


Ausnahmsweis eng UM DE 18 um Kieler, hei zu Éiter.  (Photo: 18.4.2020 Tom Lambert)


En emgeleedten Zuch a Richtung Puna (Bosnien) mat der 4015 fiert zu Éiter raus a Richtung Ehrang.  (Photo: 17.4.2020 Tom Lambert)


D'4015 mat engem Mars duerch Millbech.  (Photo: 16.4.2020 Tom Lambert)


Am fréien Mueren (géint 6h30) bréngt d'DE 18 311 Schrottkëschten op Ehrang duerch Millbech.  (Photo: 15.4.2020 Tom Lambert)


D'4009 déi erm e Mars fir op Saarbrécken um Krop hat, hei an der Ausfahrt Millbech.  (Photo: 11.4.2020 Tom Lambert)


E Mars mat der 4017 zu Schëtter an der Kéier.  (Photo: 9.4.2020 Tom Lambert)


Géint 6h50 fiert en Homburger mat der 4017 duerch Mutfert a Richtung Belval.  (Photo: 8.4.2020 Tom Lambert)


D'UM 4015-4010 mat engem emgeleedten Apacher mat Drockgaskesselween zu Millbech.  (Photo: 7.4.2020 Tom Lambert)


Eng DE18 un engem Gremberger, normalerweis ass deen Asaz den 4000er iwwerlooss, mee dee Mëtten war d'304 drun.  (Photo: 6.4.2020 Tom Lambert)


Mëttes dann 1. Gremberger mat der 4002.  (Photo: 6.4.2020 Tom Lambert)


D'303 am lënksverkéier (fir en RE ze kräizen) kënnt an d'Eiter Gare eran  (Photo: 6.4.2020 Tom Lambert)


D'4002 mat der 310, 311 en véhicule an dem Mars zu Schëtter  (Photo: 6.4.2020 Tom Lambert)


D'4015 mat engem bal vollen Kieler.  (Photo:4.4.2020 Tom Lambert)


D'DE18 311 an 310 mat Brammen fir op Rodange (Photo: 31.3..2020 Tom Lambert)


D'4002 mat engem emgeleeten Apacher mat Chemiekesselween déi Phenol transportéiert hunn, iwwert d'Syrener Streck (Photo: 31.3.2020 Tom Lambert)

 

Liens / Links
RAIL.LU - News

Any information or picture completing these pages is welcome! For more information just send us an e-mail.

Toute information ou photo pouvant compléter ces pages est la bienvenue! Pour des informations supplémentaires, veuillez nous envoyer simplement un e-mail.

Jede Information oder jedes Foto, welche(s) diese Seiten vervollständigen, ist herzlich willkommen! Für mehr Informationen, senden Sie uns einfach ein e-mail. 

 

Created by / Créé par / Copyright: jmo