Stellwierk an der Gemeng Hesper?

Mehr
09 Nov 2019 10:05 #5492 von tu_st_to
tu_st_to antwortete auf Stellwierk an der Gemeng Hesper?
Stellwirk war +/-100m vum Roint point do as haut nach emmer eng Anbuchtung ob lenkser Sait wann een vun Bivange op Fenteng fihrt

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
18 Mai 2019 12:00 #5427 von Schumi
Schumi antwortete auf Stellwierk an der Gemeng Hesper?
Wow, villmools merci fir déi opschlussräich Informatiounen. Ech huelen dat alles esou un (schued, datt et net op dem Territoire vun der Gemeng Hesper läit) a bedanke mech!!! Op www.rail.lu sinn tatsächlech ganz vill Leit mat nach vill méi Ahnung. Chapeau!!!

Roland Schumacher (Fentange)

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
15 Mai 2019 17:42 - 15 Mai 2019 22:11 #5424 von BB3608
BB3608 antwortete auf Stellwierk an der Gemeng Hesper?
Mëtteg,
daat Gebai do steht do wou d'Gleiser no riets fir op Syren(Eiter), vun denen fir riit aus Richtung Lëtzebuerg oofzweigen. Daat muss ausser Betrieb geholl gin sin, wéi daat elektrescht Siemens-Stellwierk waat an der Gare Bierchem ënnerbruecht war, a Betrieb gaangen ass. Schätzungsweis Ufank bis Mëtt 50er Joren. D'Siemens Stellwierk aus der Gare Bierchem selwer, ass den 3.Juli 2005 moies géint 2 Auer definitiv ausser Betrieb geholl gin, an d'Signalanlagen gin zënterhier vum Stellwierk Lëtzebuerg bedëngt. Bei Minut 5.31 am Video beim Thema "Felseinschnitt bei Fentingen" geseit een et aus aanerer Perspektiv. Et huet och keng Fensteren méi, mee souweit ech am Bild sin, huet d'Rott Geschirr dra leien. Daat hei um Google Maps ass definitiv daat vun der schwaarz-weiss Foto......kuckt emol d'Glänner fir eran an den Support vun der Luucht déi um Eck hung ass haut souguer nach do.

Hei dei genau Positioun vun Bierchem-Nord am Google Maps
Letzte Änderung: 15 Mai 2019 22:11 von BB3608.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
15 Mai 2019 14:45 #5423 von Schumi
Schumi antwortete auf Stellwierk an der Gemeng Hesper?
Et gouf och gesot, datt fréier do, wou haut de Rond-Point (Rue de Roeser, Rue de Bettembourg, Rue Edward Steichen) viru Béiweng ass, och ee Stellwierk gewiescht wier ...

Roland Schumacher (Fentange)

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
15 Mai 2019 14:40 #5421 von Schumi
Schumi antwortete auf Stellwierk an der Gemeng Hesper?
Villmools merci fir d'Äentwert. Ech hunn natierlech elo Problemer, fir do dat selwecht Stellwierk op deenen 2 Fotoen ze erkennen. Wou ongeféier (op enger Kaart) stéing dat dote Stellwierk (farweg Foto), da géing ech eng Kéier sur place kucken?

LG,

Roland Schumacher (Fentange)

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
12 Mai 2019 13:58 - 12 Mai 2019 13:58 #5406 von Lux
Geing soen et wier daat heiten zu Bierchem-Nord:

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.

jpg
Letzte Änderung: 12 Mai 2019 13:58 von Lux.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
12 Mai 2019 10:47 #5405 von admin
Stellwierk an der Gemeng Hesper? wurde erstellt von admin
Weess een eppes iwwer des Stellwierk?



Et misst eigentlech an der Gemeng Hesper sinn, vläit Fenteng-Alzeng oder Houwald …

Villmools Merci am viraus fir all Info,

Roland Schumacher

Dieser Beitrag enthält Bilddateien.
Bitte anmelden (oder registrieren) um sie zu sehen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.110 Sekunden

rail.lu RSS

Zum Seitenanfang