Uelzecht-Iwwerbréckung zu Fenteng oder Bréck beim Fentenger Kiefecht?

Mehr
12 Mai 2019 10:27 - 12 Mai 2019 10:29 #5404 von admin
Déi 2 attachéiert al Fotoen hei sollen d’Uelzecht-Iwwerbréckung zu Fenteng am November 1917 duerstellen.

Déi eenzeg Bréck iwwert d’Uelzecht ass awer am Gleisdräieck (zu Béiweng zou) an déi ass net grouss … Déi aner ass op der Stross no bei Fenteng (geet iwwer Strooss an Uelzecht) an déi kenne mir vun anere Fotoen. Béid kënnen et net sinn. En plus leien hei Schinnen ënnert der Bréck an do ass keng Uelzecht. Menger Meenung no stëmmt dat mat der Uelzecht net. Esou grouss kann ech mir just virstellen, datt et déi Bréck beim Fentenger Kiefecht an der Rue Armand Rausch ass. Do ass 1917 effektiv déi al Betonsbréck ofgerappt ginn an et ass fir eng 17 Joer eng hölzen Noutbréck dohinner komm. Kéint dat déi heite sinn??? Weess ee méi?

Merci,

Roland Schumacher

Dieser Beitrag enthält Bilddateien.
Bitte anmelden (oder registrieren) um sie zu sehen.

Letzte Änderung: 12 Mai 2019 10:29 von admin.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.069 Sekunden

rail.lu RSS

Zum Seitenanfang