LocoPulseur am Asatz zu Lëtzebuerg

Mehr
31 Mai 2017 22:17 #4789 von BB3608
BB3608 antwortete auf LocoPulseur am Asatz zu Lëtzebuerg
Gudden Owend,
deen Locopulseur vun deser Foto ass laut der Persoun vun daer mer en hun, vum Neuberg zu Gasperech

MbG
Serge
Folgende Benutzer bedankten sich: jmo

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
30 Mai 2017 22:23 #4784 von Fränk
Fränk antwortete auf LocoPulseur am Asatz zu Lëtzebuerg
Villmols merci fir déi gutt Explicatiounen!

LG,

Fränk

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
30 Mai 2017 06:23 #4782 von MiBra
Rehi

- Asaatz emol gesechert während der Zait ewou ech geschafft hunn (1982-1985).
- Verschibbe vu Won am W5 (Wagonnage 5) besonnesch gelueden Won oder ganz Gruppe vu Won.
Erklärung dozu: De W5 war dee mei klengen Wagonnage (Haut ass do d'Fabrikatioun (Ersatzdeelprouktioun) an d'Achsekontroll an Dreierei an deem Gebai)
Dess Equipe war ënner annerem zoustänneg fir d'Revisiounen an och den Nettoyage vunn de Weeswon (Tdgs an Tms) ze machen. Well op dei meescht Gleiser am W5 keen direkten Zougang bestaanen huet (Transborder virun der Diir vir op Daachstännsgeiser, an och en Transborder bannen am Gebei fir dei enzel Gleiser ze bedengen.), wou een hätt kennen mat engem Locotrac oder Rail-route erafouren, huet all Won misste mat der Hand gedrëckt ginn. War daat bei engem Won (2-achser esou em 12 tonnen) nach ouni Problemer meiglech esou ass während der Weeskampagne (Gruppe vu Won ze reckelen) a bei geluedene Won de Poulseur an den Asaatz komm.
- Ersaat gouf en nett, et wor du wahrscheinlech zu engem bestemmten Zaitpunkt kee Besoin mei do.
(W5 ass ofgeschaaft ginn, Tdgs'en goufen zu Fcs emgbaut, an d'Tms'en sin hors Service gaangen, emmer manner 2-achseg Won, a 4 achser hunn nett op den Transborder bannen am gebai gepasst)
- Fotoen hunn ech während menger Aarbecht do keng gemaach a ka mech och nett erenneren dass der do gemeet gi sinn.

MbG
Michel, deen an dem W5 geschafft huet.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
29 Mai 2017 07:27 #4779 von Fränk
Fränk antwortete auf LocoPulseur am Asatz zu Lëtzebuerg
Gudde Moien,

Ech hun nach e puer Froën zum Péitenger LocoPulseur:
- Vu wéini bis wéini wor een am Asatz?
- Wat war genee sain Asaatzgebidd?
- Wat (wéi ee Gefier) huet een, resp. duerch wat gouf een ersat?
- Ginn ët Fotoën dovun am Asatz?

Villmols merci am viraus!

LG,

Fränk

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
26 Mai 2017 21:22 #4774 von MiBra
Salut
Ginn do nach weider Infoen gebraucht, funktiounsweis oder Asaatzgebidd innerhalb vum Atelier Peiteng?

MbG
Michel

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
24 Mai 2017 06:47 #4759 von MiBra
Hallo

Leiwer eng speid ewei guer keng Aentwert.
Effectif haat den Atelier vu Peiteng esou ee LocoPulseur, ech hunn deen an den 80er selwer bedengt.
Ann deen huet genee esou ausgesi wei deen do, war awer blo an haat e bessechen an anere Kapp vir ennert den Tampon ze klemmen.
Gefeierlech war en effectif, mais eichter op Gleiser dei nett am Betong luchen!!
An en aanere Problem war de Kickstarter, ech ka mech un en Aarbechtsunfall erenneren wou een sech de Fouss gebrach haat well de Motor zereckgeschloen huet beim Kicken.

MbG
Michel
Folgende Benutzer bedankten sich: admin, jmo, UP3985

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
13 Dez 2016 20:40 #4657 von BB3608
BB3608 antwortete auf LocoPulseur am Asatz zu Lëtzebuerg
Gudden Owend,

laut Info vun engem pensionneierten Meeschter aus dem Atelier Peiteng vun der CFL (haut CFL-Technics) haat deen Atelier och sou en Apparat. En ass awer seier ausser Betrieb geholl gin, well en gefeierlech war, zumols op Gleiser dei am Beton luchen.

Mbg
Folgende Benutzer bedankten sich: admin, UP3985

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
12 Dez 2016 22:16 #4653 von BB 26072
BB 26072 antwortete auf LocoPulseur am Asatz zu Lëtzebuerg
Silocentrale zu Miersch haat och esou een Gefier am Gebrauch fir Tdgs Weesewagonen ze récklen. Hunn déi Maschin puermol selwer am Déngscht, an och an hierem Atelier gesinn. Kann awer net genau soen op se och vum belschen Konstrukteur war.
Folgende Benutzer bedankten sich: admin, UP3985

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
12 Dez 2016 21:55 #4652 von RV
wann ech mech gudd erenneren, haat den Munhowen op sengem freieren Raccordement um leschten Steiwer och esou en Gefir. Daat muss esou em 1967/1968 gewiescht sinn ...
Folgende Benutzer bedankten sich: admin, UP3985

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
12 Dez 2016 18:37 - 12 Dez 2016 18:42 #4651 von admin
LocoPulseur am Asatz zu Lëtzebuerg wurde erstellt von admin
Wou war ee LocoPulseur zu Lëtzebuerg am Asatz?

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


LocoPulseur Pulso - S.A. des Ateliers de Construction Jambes-Namur (Belgique)
Pulso-Einmann-Wagenschieber

Anscheinend waren esou Gefierer mol beim Neuberg zu Gasperëch an am Péitenger CFL Atelier am Asatz fir eenzel Güterween ze rëckelen.

All weider Info a Foto ass ewéi ëmmer wëllkomm!

Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!
Letzte Änderung: 12 Dez 2016 18:42 von admin.
Folgende Benutzer bedankten sich: UP3985

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.133 Sekunden

rail.lu RSS

Zum Seitenanfang