Offiziell Aweiung vun der Energie 507 beim Train 1900 am Fond-de-Gras
21.4.2023


De Freideg, 21. Abrëll gouf beim Train 1900 am Fond-de-Gras déi tëscht 2016 an 2022 grëndlech revisionéiert Dampmaschinn Energie 507 (030T, Kriegsdampflok Typ 7, Energie-Marcinelle 1946) offiziell an der Presenz vun e.a. dem Tourismusminister Lex Delles an de Buergermeeschteren Christiane Brassel-Rausch (Déifferdeng) a Pierre Mellina (Péiteng) ageweit. (Photos: 21.4.20123 Francis Wagner)


Op der Kombinatiounsfoto gesi mer de Minister Delles souwéi de Jean-Marie-Thill, Propriétaire vun der Lokomotiv bei hiren Usproochen. Och eng Rei auslännesch Muséesbunne wuäre present. Eng Sonderfart huet op Péiteng geféiert, wou et um Quai vum Train 1900 eng kleng Receptioun gouf. D’Energie wäert an dëser Saison awer net nëmmen a Gras aktiv sinn, et stinn och Expeditiounen a Polen (Wolsztyn), a Frankräich (Jura) an an d’Belsch (Mariembourg) um Programm. Eng baugläich Maschinn vum Typ KDL 7 gouf iwwregens op der Diddelenger Schmelz agesat. (Photo: 21.4.20123 Francis Wagner)


Liens / Links
RAIL.LU - News

Any information or picture completing these pages is welcome! For more information just send us an e-mail.

Toute information ou photo pouvant compléter ces pages est la bienvenue! Pour des informations supplémentaires, veuillez nous envoyer simplement un e-mail.

Jede Information oder jedes Foto, welche(s) diese Seiten vervollständigen, ist herzlich willkommen! Für mehr Informationen, senden Sie uns einfach ein e-mail. 

 

Created by / Créé par / Copyright: jmo