Chantier Bettembourg - Bettembourg-frontière
2013


Dëse Weekend ginn Finissage - Aarbechten um Chantier op der Beetebuerger Grenz gemaach. Mat enger Rail-Route gëtt den Iwerfloss Ballast verzunn, mee och am Zäitalter vun de Maschinnen kann de Greef nach nët ersat ginn. (Photos: 22.6.2013 René Birgen)


Während dem Chantier leeft de Betrib tëscht Beetebuerg an Thionville op engem Gleis weider. Zwou 27000 vun der SNCF brengen um richtege Gleis e Lorryrail-Zuch op Beetebuerg, duerno fueren zwou Type 13 vun der SNCB “à contre-sens” a Richtung Thionville. D’Rail-Route steet; di zwou Type 13 fuere mat den Pantoën erof duerch d’Zone de séparation op der Grenz. (Photos: 22.6.2013 René Birgen)


Di zwee Baggeren schaffen „Hand an Hand, éischter Schëpp a Schëpp fir e Gleissteck opzehiewen, dann dreckt deen ee Bagger d’Streck op d’Plaatz an d’Gleis Beetebuerg - Thionville (Photos: 25.5.2013 René Birgen)


De Loco 1031 wor mat dräi Bunkerween vun der Firma Europool de leschte Weekend am Gleis Beetebuerg-Grenz – Beetebuerg um Neibau am Asaatz.


Wéinst de schwierege Verhältnisser am Tunnel ka keen Embauzuch agesat ginn, d’Schinnen ginn a Panneauën vun 10 m geschnidden an dann all Kéier op enger Längt vu ronn 400 m eraus gehuewen.

Den Terrassement gët mat Baggeren gemaach. Déi tippen deen aale Ballast an d’Bunckerween an déi schleeft de Loco 1031 op d’Héicht un der Husky, wou e mam Förderband ausgeluede gëtt, mat Baggeren a Kamionë geschëppt gët an da fortgeféiert gët.

Da leet de Bagger d’Panneauën nees zreck, de Schlackenzuch bréngt esou laang neie Ballast bis d’Bourreuse d’Gleis nees op di al Heicht zreck gehuewen huet.

Dat ganzt leeft nach 5 Weekender, nach zwee um Gleis Thionville – Beetebuerg, nach dräi um Gleis Beetebuerg – Thionville. (Photos: 23.3.2013 René Birgen)

 

Liens / Links
RAIL.LU - News

Any information or picture completing these pages is welcome! For more information just send us an e-mail.

Toute information ou photo pouvant compléter ces pages est la bienvenue! Pour des informations supplémentaires, veuillez nous envoyer simplement un e-mail.

Jede Information oder jedes Foto, welche(s) diese Seiten vervollständigen, ist herzlich willkommen! Für mehr Informationen, senden Sie uns einfach ein e-mail. 

 

Created by / Créé par / Copyright: jmo

Last update / Dernière mise-à-jour: 28-jan-2013