CFL - Divers
CFL - Divers
CFL - Divers


Projet de loi 2582

1) approuvant le protocole additionnel complétant l'article 3 de la Convention belgo-franco-luxembourgeoise du 17 avril
1946 relative à l'exploitation des chemins de fer du Grand-Duché;

2) modifiant les articles 4, 5, 11 et 36 des statuts de la Société Nationale des CFL et complétant ces statuts par un article
12bis nouveau et

3) complétant la loi du 16 juin 1947 concernant l'approbation de la Convention belgo-franco-luxembourgeoise du 17 avril
1946 relative à l'exploitation des chemins de fer du Grand-Duché et des conventions annexes.

- Rapport de la Commission des Travaux publics et des Transports.

- Discussion générale.

- Lecture du texte du projet de loi.

- Vote et dispense du second vote constitutionnel.

- Motions

$P-2001

8. Projet de loi 2582

1) approuvant le protocole additionnel complétant l'article 3 de la Convention belgofranco-luxembourgeoise du 17 avril 1946 relative
à l'exploitation des chemins de fer du. GrandDuché; 2) modifiant les articles 4, 5, 11 et 36 des statuts de la Société Nationale des
CFL et complétant ces statuts par un article 12bis nouveau et 3) complétant la loi du 16 juin 1947 concernant l'approbation de la
Convention belgo-francoluxembourgeoise du 17 avril 1946 relative à l'exploitation des chemins de fer du Grand-Duché et des
conventions annexes Rapport de la Commission des Travaux publics et des Transports M. Marc Zanussi (LSAP) rapporteur.- Mme
Presidentin, dir Dammen an dir Hären. Wéi Dir richteg gesot hut, hat ech leschte Méindeg ee klengen Akzident, an ech wëllt der
Châmber merci soe fir déi léif Blummen, Genesungswënsch `a fir d'Emännerung vum Ordre du jour.

Mir si mat engem Projet konfrontéiert, wou sollen déi verschidde Basistexter vun der Eisebunn diskutéiert gin, a wou un dene
Basistexter eng Rei vun Emännerungen an eng Rei vun Zousätz solle virgeholl gin.

U sech funktionnéiert d'Eisebunn op der Basis vun dräi verschiddenen Texter.

Engersäits as et een Zousazprotokoll zur belsch-franséisch-lëtzebuerger Konventioun, dee mir haut sollen diskutéieren.

Zwetens solle verschidden Artikelen aus dem Statut vun der Eisebunn diskutéiert a verschiddener ergänzt gin. Drëttens soll
d'Eisebunnskonventioun u sech tëschent der Belsch, Frankräich a Lëtzebuerg an engem Artikel ergänzt gin.

De Projet, esou wéi mir e virleien hun, kennt u sech eng ganz laang Virgeschicht. 1982 as de Projet mam Aecord vun denen zwee
Partnerlänner ugaange gin, an en as 1982 an der Châmber deposéiert gi mam Zweck, fir eng integral Reform vum Eisebunnsstatut a
vun de Cahiers des charges vun der Eisebunn virzehuelen.

Well deen Dossier awer eng ganz Rei vu Joren do long, a well an der Zwëschenzäit eng ganz Rei vun Emännerungen an
Amendementën derbäi komm sin, war d'Kommissioun der Menung et sollt ee vläicht am Ufank vun der Diskussioun eng Analys
iwwer d'Base légale vum Droit

 

 

 

 

ferroviaire maachen, duerno kucken, wéi d'Entwécklung vurn Dossier u sech stattfond huet, an-als leschte Punkt kucken, wéi déi
zwee Amendementer, déi zu deem Projet gemaach gi sin an de Géigestand vun dësem Projet de loi sin, ausgesinn.

Aganks e puer Informatiounen zur Eisebunnsgesetzgebung u sech. Déi éischt Gesetzestexter iwwer d'Eisebunn datéieren aus dem Jor
1859. Si hun haaptsächlech zum Zweck gehat, fir d'Eisebunnspolice ze regelen a bilateral Accoren tëschent Lëtzebuerg an den
Nopeschlänner ze klären.

Am Gesetz vum Dezember i920 as d'Regirung autoriséiert gin, ee Statut fir d'Aarbechter an d'Beamten, déi op Lëtzebuerger
Territoire op der Eisebunn schaffen, auszeaarbechten. Dëst Gesetz as zu engem groussen Deel duerch den Eisebunnsstatut vun 1946
an 1947 ersat gin. Allerdings stellt dat Gesetz vun 1920 haut nach ëmmer déi ganz wichteg Basis vum Eisebunnerstatut a vum
Eisebunnerpensiounsregim duer. Wann een elo emol vun der Eisebunnspolice ofgesäit, da kann ee feststellen, dass insgesamt
d'Eisebunnsgesetzgebung no dem Krich ganz iwwerholl,gin as op der Basis vun denen Texter, déi och am Titel vun dësem Projet de
loi stin, an déi ech virdrun zitéiert hun. Mat all denen Texter, déi mir am Zesummenhank mat dësem Projet de loi virfond hun, kann ee
scho soen, dass et sech hei ëm e wuel gemixte juristesche Cocktail handelt, wou mir an der Kommissioun heiansdo Schwiregketen
haten, de kloren definitive juristeschen Duerchbléck ze behalen.

Wat elo d'Entwécklung vum Dossier vun de Statutenännerungen ubelaangt, wéilt ech folgendes rappeléieren: D'Partnerlänner waren
1982 d'accord, dass den Eisebunnsstatut sollt iwwerholl gin. En as deementspriechend 1982 an der Châmber deposéiert gin, an
duerno un de Conseil d'Etat iwwerwise gin.

Déi deemoleg Reform huet u sech dräi grondsätzlech Ziler verfollegt. Engersäits d'Upassung vun den CFL-Texter un d'Décisioune
vun der deemoleger Communauté économique européenne, Décisiounen aus dem Jor 1969 an 1975. Décisiounen, déi haaptsächlech
sech mat der Thematik vun der schlechter - schon deemools - Finanzsituatioun vun den nationalen Eisebunne beschäftegt huet, déi
haaptsächlech op deen deemools lues a lues awer staark opkommende Stroossentransport zréckzeféiere waren.

Den zweten Deel vun denen Décisiounen huet sech dann och mat den Interventioune staatlechersäits an déi national
Eisebunngesellschafte beschäftegt, an do ganz besonnesch a bezuch op d'Pensiounslaaschten an a bezuch op d'Kompensatiounen,
déi de Stat fir nët rentabel Déngschter awer öffentlech Leeschtungen un d'Eisebunne sollt bezuelen. - Een zwete Punkt, deen
deemools hätt sollen an där Reform am Detail duerchgekuckt gin, wär gewiescht, fir Léisungsusätz ze sichen, fir d'Finanzproblemer
vun den Eisebunnen ze léisen, fir d'Verhältnis tëschent dem Stat an der Eisebunn an dene verschiddene Co-participantën, d'Belsch a
Frankräich, nei ze definéieren. Drëttens, wir et drëm gaangen, eng allgemeng Upassung un déi ekonomesch, sozial an administrativ
Entwécklung vun deem Statut ze maachen, dee bekanntlech direkt an den Nokrichjoren 1946 entstanen as.

Dat waren d'Absichte fir de Statut 1982 ëmzeänneren. Et as näischt geschitt. Et kann ee bedaueren, dass et eng ganz Rei w Jore
gedauert huet, bis déi zoustänneg Avië vum Conseil d'Etat komm sin, besonnesch wann ee weess, dass no 1982, 1986 d'Regirung
eng Rei vun zousätzlechen Amendementer zu deem Projet gemaach huet, mam Zil Ännerunge vun den Eisebunnsstatuten an
Ännerunge vum Cahier des charges a bezuch op europäesch an international Accoren ze erliichteren.

Och déi Amendementer goufen an der Châmber deposéiert an 1986 un de Conseil d'Etat verschéckt.

Den Inhalt vun deem deemolegen Amendement war deen, dass an Zukunft nët méi all d'Regirungen an all d'Parlamenter vun de
Co-participantën un der Eisebunn missten Emännerungen um Statut oder um Cahier des charges ratifizéieren, mä dass eng einfach
Majoritéit am Verwaltungsrot vun der Eisebunn géing duergoen, fir déi deementspriechend Emännerungen ze maachen. D'franséisch
Regirung an d'belsch Regirung ware mat denen do Virschléi d'accord. Jhust as do 1986 och erëm eng Kéier keen Avis vum Conseil
d'Etat komm.

1991 as e bëssche Bewegung an dee ganzen Dossier komm, virun allem awer duerch d'Direktiv 91/440, déi den Titel an den Zweck
huet, d'Entwécklung vun den europäeschen Eisebunne virunzedreiwen.

Mat dëser Direktiv as dee klasseschen ekonomeschen a juristesche Kader vum Schinnentransport, dee mir an der Europäescher
Gemeinschaft kennen, zu engem groussen Deel op d'Kopp gehäit gin.

Dat heescht, eng staatlech Gesellschaft muss nët onbedingt eng staatlech Eisebunn géréieren. D'Exklusivrecht vun der Exploitatioun
an de staatleche Gesellschafte soll nët nëmmen denejéinege gehéieren, mä dat Exklusivrecht soll opgesprengt gin. Dës Direktiv huet
dozou gefouert, dass eng ganz Rei vun Diskussiounen iwwer d'Eisebunn ugaange sin. Am Prinzip kënnt ee mengen a soen, dass de
Fong vun där europäescher Direktiv duerchaus positiv as. D'Interpretatioun vun der Direktiv erlaabt et, an déi eng oder déi aner
Richtung dësen Text auszeleën, an et as un denen nationale Regirungen a Parlamenter fir ze kucken, wat se mat denen Direktiven do
maachen.

Hei kéint een zwou Méiglechkete gesinn. Engersäits d'Interpretatioun an d'Richtung vum Status quo vum Personal, keng
Rationaliséierunge méi.

Déi zweet Méiglechkeet wir déi, dass ee géing soen, et géing ee ledeglech déi liberal an ekonomesch Interpretatioun uwenden.
Béides sin Extremer a béides as falsch: Dat éischt nët realistesch, an dat zweet nët méiglech. Ech sin der Menung, dass d'Emsetzung
vun där Direktiv nëmme ka geschéien an engem kontinuéierlechen Dialog mat de Sozialpartner. Déi rezent Erfarungen hu bewisen,
dass een iwwer de Wee vun de Gespréicher dach am meeschte kann erreechen. Am Rapport hu mir eis nët laang mat der Direktiv u
sech beschäftegt. Mir wäärten an denen nächste Méint an der Kommissioun an am Plenum nach desöfteren d'Geleënheet kréien
iwwer d'zukünfteg Ausriichtung vun der Eisebunn ze

 

 

 

 

diskutéieren. Dofir awer vläicht jhust déi véier, fënnef markant Elementer, déi trotzdeem an där Direktiv enthale sin. 1. Et geet drëm,
dass niewent denen nationalen Eisebunnsgesellschaften och aner öffentlech oder privat Gesellschaften op de Marché zougelooss sin.
2. D'Eisebunnsgesellschafte sollen eng kommerziell Autonomie kréien, fir dass se hir Aktivitéiten onofhängeg vum Stat kënne
géréieren. 3. Tëschent der Infrastruktur an der Exploitatioun soll eng Trennung garantéiert gin. Déi Trennung as obligatoresch am
Beräich vun der Comptabilitéit, a si as fakultativ am Beräich vun de Strukturen an den Organismen. 4. D'Memberstate mussen dofir
suergen, dass d'Scholdelaascht vun hire Gesellschafte reduzéiert gët, an hinne bei der Sanéierung vun de Finanzen hëllefen. 5. Denen
aneren Entreprises ferroviaires, déi wëllen op de Réseau kommen, dierfe keng diskriminatoresch Elementer an de Wee gestallt gin.

Duerch dës Direktiv, dat war jidderengem klor, as déi geplangte Revisioun vun 1982 total depasséiert gewiescht.

Ennert dëse Konditioune war et och sënnvoll bei dësem Projet de loi, nëmme méi déi Elementer zréckzebehalen, déi och am Kader
vun der neier Direktiv nach Gëltegkeet hun.

Dëse Revirement huet zu der Gebuert vun deem neie Projet gefouert, deen am Fong een zwete Jeu vun Amendementer zum initiale
Projet vun 1982 as.

Ze bemierken as, dass et bei dësem Projet nët méi ëm d'Revisioun vum Cahier des charges vun der Eisebunn geet. Dëse Projet as
dann den 20. Juli 1993 vum Conseil d'Etat aviséiert gin. Verschidden Observatiounen, besonnesch a bezuch op
d'Erliichterungsprozedur an op d'Statutenëmännerunge goufe kritiséiert.

No dem Avis gouf iwwer de Wee vun Amendementer den Text reexaminéiert, an zesumme mat de belschen a franséische Partner ee
Resultat ausgeschafft, dat dann och de 16.11.1993 an der Châmber deposéiert gin as.

Paralell dozou si Prozeduren ugelaf, fir iwwer de Wee vun engem Protocole additionnel an iwwer de Wee vun der
belsch-franséisch-lëtzebuerger Konventioun Statutenännerungen ze integréieren.

Den 19. a 26. November 1993 hun d'belsch an d'franséisch Regirungen den Accord approuvéiert, an den 2. Dezember hun och déi
Bevollmächtegt vun denen dräi Staten dee Protocole additionnel ënnerschriwwen. Am Januar 1994 dun, huet de Conseil d'Etat deen
doten Text als favorabel aviséiert, a mir konnten an der Kommissioun dorunner schaffen.

Elo e puer Wuert vläicht zur Portée vum Projet selwer.

De Projet u sech huet dräi Voletën: 1. Engersäits d'Approbatioun vum Protocole additionnel doduerch, dass am Artikel 3 vun der
belsch-franséisch-lëtzebuerger Konventioun vun 1946 en 2. Alinea bäigefügt gët, fir déi erliichtert Prozedur bei de
Statutenëmännerungen ze integréieren; 2. geet et drëm, am Statut vun der Eisebunn eng Rei vun Artikelen ëmzeänneren an een
Artikel bäizefügen, an 3. geet et drëm, an engem Zousazgesetz vun 1947, déi intern Prozedur fir d'Emännerung vun de Statuten, a
bezuch op de Cahier des charges an a bezuch op europäesch Direktiven, festzehalen. D'Kommissioun huet an enger Rei vu Sëtzunge
getaagt, an Artikel fir Artikel duerchgaangen, wuelwëssend, dass déi Emännerungen, déi mer haut hei présentéieren, an déi
hoffentlech mat enger grousser Majoritéit votéiert gin, nëmmen transitoresche Charakter hun. A wéi scho virdru gesot, wäerte mer
sécherlech an denen nächste Méint nach des öfteren d'Geleënheet kréien, fundamental iwwert d'zukünfteg Ausrichtung vun der
Eisebunn kënnen ze diskutéieren.

Mir hun et awer och nët vernoléissegt, am Rapport och e puer Elementer an e puer Iddiën iwwert déi zukünfteg Reform vun der
Eisebunn festzehalen. An d'Finalitéite vun där Reform kéint een usätzweis folgendermoosse skizzéieren.

An där zukünfteger Reform muss och d'Verhältnis tëschent dem Stat an der Eisebunn nei definéiert gin, an d'Responsabilitéite klor
festgeluet gin.

D'Eisebunn muss modern Strukture kréien, déi hir déi noutwendeg Flexibilitéit gin, sech dem europäesche Marché kënnen
unzepassen, an déi öffentlech Dingschtleeschtungen, déi ugebuede gin, mussen zum beschte Präis fir d'Kollektivitéit geleescht gin.

D'Roll vum Stat soll och eiser Menung no weiderhi sin, séng finanziell a politesch Responsabilitéit och am Kader vun enger neier
Struktur ze iwwerhuelen. De Stat muss d'Autoritéit hun, fir d'Koexistenz vun eventuell zwee verschiddenen Opérateurë kënnen ze
iwwerwaachen.

De Stat muss och weiderhin derfir suergen, dass d'lnfrastrukturen an engem gudden Zoustand bleiwen, an dass mer och als
Eisebunnsréseau weiderhi gutt international Verbindungen halen a se och weiderhin ausbaue kënnen.

En anere Punkt deen elementar wichteg as, as deen, dass de Stat muss mat där zukünfteger Gesellschaft eng Rei vu Kontrakter
iwwer Services publics ofschléissen, déi, wéi mer alleguerte wëssen, nët bénéficiaire kënne sin, mä zum groussen Deel defizitär sin.
Déi Kontrakter mussen och staatlechersäits garantéiert gin.

Dat war nëmmen e klengen Exkurs an déi zukünfteg méiglech Ausriichtung vun der Eisebunn. Och wann d'Kommissioun der
Châmber wierklech ëmfeelt dëse Projet mat enger méiglechst breder Majoritéit ze stëmmen, an och wann d'Kommissioun an hirer
Majoritéit déi allgemeng Bemierkungen iwwert d'Zukunft vun der Eisebunn an der Kommissioun approuvéiert huet, sollt een dee
Rapport awer op kee Fall als e vireilege Jo zu där grousser geplangter Eisebunnsreform gesinn. Un dee Jo oder deen Nee sin eng
ganz Rei vu Froën an Äntwerte gekoppelt, déi mer nët haut brauchen ze diskutéieren, mä op déi mer sécherlech nach eng Kéier op
dëser Plaz zréckkommen.

Mme Presidentin, dir Dammen an dir Hären. D'Statutenëmännerungen, déi elo hei virleien, sin am Fong u sech onpolitesch.

Den Zoufall huet e gewollt, dass d'Diskussioun jhust an eng Zäit gefall as, wou op der Eisebunn e Sozialkonflikt virun der Dir stung. E
kuerze Moment konnt een den Androck hun, dass d'Eisebunnsadministratioun wéilt d'Responsabilitéit bei engem Deel vu Konflikt op
d'Parlament ofwälzen, a besonnesch a bezuch op deen Deel vum Konflikt wat de Stückgut ubelaangt.

 

 

 

 

D'Châmber huet, mengen ech, an deem heite Konflikt nët ze schlichte gehat. D'Tripartite huet siégéiert an d'Politik huet am Kader
vun der Tripartite hir Responsabilitéit iwwerholl, an och tranchéiert.

Mir kënnen nëmmen alleguer begréissen, dass dee soziale Konflikt, dee virun der Dir stung, ofgewant konnt gin. Et geet elo drëm en
Accord, dee virläit, ëmzesetzen, an d'Eisebunnsadministratioun mat deem gesamte Management si gefuerdert, mat Kompetenz a
Wäitsiicht déi politesch Entschedungen, déi geholl sin, an d'Praxis ëmzesetzen.

Déi doten Diskussioun as opkomm am Zesummenhang mam Artikel 11 vum Eisebunnsstatut, deen an dësem Projet de loi
ëmgeännert gët. Dozou muss ee wëssen, dass an deem ursprünglechen Text vun der Eisebunn stung: « La société ne peut céder~ an
an deem neie Statut steet: « la société peut, lorsqu'elle l'estime nécessaire, céder en partie le droit d'exploitation-. Dat war u sech
d'Ursaach fir déi doten Diskussioun.

De Conseil d'Etat huet a séngem Avis gesot, dass een déi doten Dispositioun ganz aus dem Statut soll sträichen. Mir sin awer der
Menung gewiescht als Kommissioun, dass een déi lescht genannte Formulatioun onbedingt soll bäihalen. Dobäi muss een och
wëssen, dass mat dëser Emännerung u sech nëmmen den Eisebunnsstatut aktualiséiert gët, well et ganz einfach an der Tëschenzäit
esou as, dass d'Eisebunn schon en Deel vun hiren Notzungsrechter am Kader vu Partizipatiounen an anere Gesellschaften
ofgetrueden huet, wéi z.B. Gesellschaften wéi Railtour, Luxfreight oder Combilux, woubäi een och muss bemierken, dass déi
Partizipatiounen, fir d'Eisebunn a fir den öffentlechen Transport insgesamt, duerchaus positiv waren.

Beim Artikel 5 wir folgendes ze bemierken. Et as jo eng bekannten Tatsaach, dass de Lëtzebuerger Stat, am Verglach zu séngen
zwee anere Partner, vill méi an d'Eisebunn investéiert huet. Dësen Zoustand gët an dësem Artikel 5 beschriwwen a festgeluet, dass
am Fall vun enger Opléisung vun der Eisebunn, un déi mer jo sécherlech nët brauchen ze denken, mä déi awer reng hypothetesch as,
an dofir och an dem Text festgehalen as, dass am Fall vun enger Opléisung alleguerten d'Besëtzgidder un de Lëtzebuerger Stat
géingen zréckfalen: Immobilien, Grondstécker, asw. an dass déi zwee Partner, d'Belsch an d'Fransouse jhust hiirt investéiert an nët
amortiséiert Kapital géingen zréckkréien.

Och mat där doter Formulatioun waren déi zwee Co-Partner vun der Eisebunnsgesellschaft averstanen. Dann duerch d'Emännerung
vum Artikel 4 muss ee soen, dass doduerch am Statut festgehale gët, dass nët nëmmen an Zukunft nei Linnen op der Eisebunn kënne
geschafe gin, mä dass och an Zukunft nei Linne kënnen ofgebaut gin. Mä och dat heite soll een nët iwwerbewäerten, et as ledeglech
eng Mise à jour vum Statut, well d'Aktualitéit et souwisou verlaangt huet an dene leschte Jo,ren, dass eng Rei vu Linnen hu missten
ofgebaut gin. Also och dat heiten as nëmmen eng Mise à jour vum Statut a bezuch op d'Aktualitéit.

Dobäi kënnt awer nach méi e wichtegen Tiret am Artikel 4 dozou, nämlech, dass d'Eisebunn och an Zukunft ka Partizipatiounen un
Transportgesellschafte maachen. Dat huet se scho virdru gemeet, mä, dass se och elo ka Partizipatiounen u Gesellschafte maachen,
déi nëmmen eng Activité annexe au transport hun.

Mat denen Emännerungen, déi mer elo am Statut hei festgehalen hun, wat haaptsächlech Aktualiséierungsëmännerunge sin, déi vläicht
nët déi grouss politesch Bedeitung hun, mengen ech awer dach, dass si richtungsweisend fir d'zukünfteg Ausrichtung vun der
Eisebunn sin.

Och scho mat denen heite klengen Emännerunge kritt d'Eisebunn méi Spillraum. Si ka sech besser reorganiséieren, a si kritt och
d'Méiglechkeet, nei Aktivitéiten ze entwécklen.

Da kënnt en Artikel 12bis bäi. Deen Artikel behandelt de Kaf an de Verkaf vun Immobilien, well laut Artikel 21 an 22 vum
CFL-Statut kann d'Eisebunn Immobilie verkafen, tauschen, fir d'Eisebunn u sech fonktionnéieren ze doen. An dësem Artikel gët dann
elo festgeluet, dass dat Geld, wat duerch de Verkaf vun denen Immobilien erakënnt, op engem Fong blockéiert gët, a fir soss näischt
diirft profitéiert gin, wéi ledeglech fir de Kaf vun neien Immobilien. Dobäi muss ee soen, dass och dës Mesür reng transitoresche
Charakter huet, an den Detail vun där doter Fro wäerd och am Kader vun där grousser Reform iwwert d'Eisebunn diskutéiert an nei
beschwat gin.

Ofschléissend vläicht nach e puer Wuert iwwert déi erliichtert Prozedur bei der Emännerung vun de Statuten. De Conseil d'Etat huet
a séngem Avis vum 20. Juli kritiséiert gehat, dass déi Statutenëmännerung a bezuch op EG-Richtlinnen nëmme mat enger absoluter
Majoritéit vum Verwaltungsrot kënnten a Kraaft gesat gin. Deen Text as duerno iwwerschafft gin, et as no Léisunge gesicht gin, an et
as da folgendes festgehale gin, och an Ofsproch mat de Co-Participantën, dass déi Statutännerungen a Kraaft ~rieden nodeem
d'Co-Participantë Bescheed gesot kritt hun, an nodeem d'Lëtzebuerger Regirung d'lnitiativ geholl huet wann 30 Deg duerno keng
Reklamatioune virleien gëllen déi Emännerungen als ugeholl.

E leschten Artikel dee bäigefügt gët an d'Gesetz vum 16. Juni 1947 kënnt als Artikel 10 bäi. An an deem doten Artikel gët da
festgehalen, dass d'Emännerunge vum Statut an Zukunft och musse vum Législateur aviséiert gin, dass dat iwwert de Wee vun engem
Règlement grand-ducal geschitt, dass en Avis obligatoire vum Conseil d'Etat virleie muss, an dass déi zoustänneg
Châmberkommissioun mat deem Thema do muss befaasst gin.

Mme Presidentin, dir Dammen an dir Hären. Dat war schon de Rapport deen u sech en technesche Charakter huet, mä duerch
d'Aktualitéit vläicht e bëssen a politesch Turbulenze gerode war, wat ménger Menung no nët schlecht war fir vun der Technik
ofzewäichen an op d'Politik hinzeweisen, well mer wierklech mengen, dass an deem Projet hei schon eng Rei vun Akzenter fir
d'Zukunft vun der Eisebunn klor ze erkenne sin.

Wann een elo kuckt wéi d'Situatioun op der Eisebunn as da géing ech mengen, dass den Terrain räif as fir déi grouss Reformen
unzegoen. Wann ee gesäit wat d'Resultat vun der leschter Tripartite war, da stellt ee fest, dass all Sozialpartner bereet sin no vir ze
kucken an d'Zukunft vun der Eisebunn ze plangen.

Wann ee mat den Eisebunner schwätzt huet een dee ganz festen Androck, dass se alleguer bereet sin, fir all Aarbechtsplaz, a wann et
nëmmen eng as, ze kämfen, Domadder géing ech mengen, wiren déi beschte Viraussetzungen erfëllt fir déi grouss Reform unzegoen,
an ech géing mer wënschen, dass mat dësem Projet de Start gin as fir eng wichteg, laang, sécherlech och kontrovers, awer
hoffentlech fruchtbar Diskussioun iwwert d'Zukunft vun der Eisebunn. Ech soen lech merci.

 

 

 

 

Mme la Présidente.- La parole est maintenant au premier orateur inscrit, l'honorable M. Loes.

Discussion générale

M. Nico Loes (CSV).- Mme Presidentin, dir Dammen an dir Hären. Erlaabt mer fir d'éischt vun dëser Säit dem Rapporter, dem
Kolleg Marc Zanussi, merci ze soe fir säin ausféierleche schrëftlechen a mëndleche Rapport. Ech géif him awer och vun dëser Plaz
aus alles Guddes wënschent dass hien no séngem Sportsakzident erëm mat zwee Féiss ferm kann um Buedem stoën.

Mme Presidentin, dir Dammen an dir Hären. D'Eisebunn hei zu Lëtzebuerg steet virun engem entschedende Moment. Déi intern wéi
déi extern Emstänn erlaben et nët méi stoen ze bleiwen. Um europäesche Plang as d'Direktiv vum Conseil vum 29. Juli 1991 fir
d'Zukunft vum Zuch, an der ganzer Gemeinschaft, sécherlech ausschlaggebend. Um nationale Plang as dee strukturellen Defizit vun
der CFL an deem Ausmooss, wéi mer en an dene leschte Jore kennen, op d'laang Siicht nët méi ze droën. Et besteet also e groussen
Handlungsbedarf, dofir awer kee Grond zum Pessimismus. Entgéint deem wat an anere Secteure geschitt as, kommen d'Reformen an
déi néideg Restrukturatiounen nët ze spéit, aus dem ganz einfache Grond, well d'Eisebunn kee Secteur • en déclin, as. Ech muss
soen, dass d'Evolutioun, déi am Ausland festzestellen as, positiv as. D'Erfindung a Frankräich vum Train à grande vitesse as zum
Beispill amgaang d'Eisebunn ze revolutionéieren. Seit 1981 huet den Zuch e ganz aneren Image kritt: et as keen aalmoudescht
Transportmëttel, mä, am Géigendeel, dat Transportmëttel vun der Zukunft op Mëtteldistanzen, dat nët nëmme konkurrenzfäeg as, mä
och nach méi effikass wéi de Fliger oder den Auto. D'Extensioun vun engem Réseau à grande vitesse an Europa as mat Sécherheet
ee wesentlechen Aspekt vum Schafe vun enger kompetitiver Infrastruktur op eisem Kontinent. En Emdenken zu Lëtzebuerg as also
erfuerdert, mä mat positiven Aussichten. Wierder, wéi Emstrukturéierung, Reform, Innovatioun weisen dat, weisen, dass dëse
Secteur eng Zukunft huet. An dofir grad musse mir eis national Eisebunnsgesellschaft nei orientéieren. Mme Presidentin, dir Dammen
an dir Hären. Et kann ee sech wonneren, dass et elo 12 Jor gedauert huet fir e Gesetzesprojet duerch sämtlech Instanzen ze drécken.
Mir stëmmen haut de Projet 2582, deen am Jor 1982 vum deemolegen Transportminister Josy Barthel deponéiert gin as. Et kann ee
sech awer och wonneren, dass de Projet, deen haut um Ordre du jour as, nët méi allzevill mat deem ursprüngleche Projet ze din huet.

Dozou géif ech folgendes soen: Et as nët ze bestreiden, dass dëse Projet eréischt no enger laanger Zäit evakuéiert gët. D'Châmber as
zwar nët dofir responsabel: nodeem de Conseil-d'Etat säin Avis ofgin hat, huet d'Châmberkommissioun séier geschafft. Mä dat
nëmmen niewebäi bemierkt. Et muss een awer och soen, dass dëse Projet vum Juli 1982 un, duerch d'Evolutioun vum Droit
communautaire, a besonnesch duerch verschidden Décisioune vum Conseil, a verschiddenen Aspekter iwwerholl war.

1984 as dun vum Conseil d'administration vun der CFL beschloss gin, an enger éischter Phas d'Revisiounsprozedur vun de Statuten
a vum Cahier des charges vun der CFL ze erliichteren. An dësem Kontext as den Amendement gouvernemental I an de Protocole
additionnel zu der Konventioun vum 17. Abrëll 1946 am Oktober 1986 vum Regirungsrot ugeholl gin.

D'Direktiv 91/440 vum Juli 1991 féiert e puer Joer drop eng fundamental Ännerung vum legalen an ekonomesche Kader vum
Transportmëttel Eisebunn an. De klassesche Modell vun enger staatlecher Monopolgesellschaft gët liberaliséiert, an deem Sënn zum
Beispill, datt den Accès zum Eisebunnsréseau fir aner Transportgesellschaften opgemaach gët, op d'manst an der Theorie. Am
Dezember 1992 as dann den Amendement gouvernemental II deponéiert gin. Den Avis vum Conseil d'Etat mat Ännerungsvirschléi
as den 20. Juli komm. A schliisslech as eng amendéiert Versioun vum Amendement gouvernemental Il de 16. November 1993
erabruecht gin.

Dat as also eng kuurz Beschreiwung vun der Evolutioun vum Projet als Erklärung fir déi schon aussergewéinlech Dauer vun der
Prozedur. Madame Presidentin, dir Dammen an dir Hären. Komme mer elo zum Fong ! Effektiv as de Projet vun haut nët méi
vergläichbar mat deem vun 1982. Am Ufank war eng global Ännerung vun de Statuten a vum Cahier des charges vun der Société
nationale des Chemins de Fer luxembourgeois virgesinn. Haut hu mer als Resultat e Projet, dee sech op dräi prezis Punkte
beschränkt:

1. d'Approbatioun vum Protocole additionnel vum Artikel 3 vun der Konventioun vum 17. Abrëll 1946;

2. d'Ofännere vu gewëssenen Artikele vun de Statute vun den CFL; 3. d'Complétéiere vum Gesetz vum 16. Juni 1947 iwwer
d'Konventioun vum Abrëll 1946.

Dat Resultat wiirkt vläicht bescheiden, as et awer nët. Mir konnte feststellen - an ech hun dat scho gesot - dass den Droit
communautaire an den 80er Joren immens séier evoluéiert huet. Et kann een also berechtegt dervun ausgoen, dass eng
global-Revisioun vun de Statuten a vum Cahier des charges, déi virun e puer Joer duerchgefouert gi wär, elo schon nees iwwerholl
wir. Mir hun awer elo, duerch dat neit Gesetz fir d'éischt emol en Instrument geschafen, fir eis national Texter denen neien an
zukünftege communautären Dispositiounen esou séier wéi méiglech unzepassen.

D'CFL as eng international Gesellschaft an all Emännerung vun de Statute muss nom Zoustëmme vun der franséischer an der belscher
Regirung iwwer e Gesetz ugeholl gin. Dat as eng schwireg a laang Prozedur. Duerch dat neit Gesetz gët d'Prozedur vereinfacht oder
op alle Fall beschleunegt, ouni d'Rechter an d'lntérêtë vun eise Partner a Fro ze stellen.

Dat as de Sënn vum Protocole additionnel complétant l'article 3 de la Convention belgo-franco-luxembourgeoise du 17 avril 1946
relative à l'exploitation des chemins de fer du Grand-Duché. De Protokoll as den 2. Dezember 1993 vun den dräi Partner
ënnerzeechent gin. Den Ajout zum Artikel 3 gesäit vir, dass d'Emännerungen, déi op d'Applikatioun vum EG-Recht zréckzeféiere sin,
vun der Lëtzebuerger Regirung virgeschloë gin. Déi belsch an déi franséisch Regirung hun dann 30 Deg Zäit, fir eventuell Bedenken
auszespriechen. No dësem Délai as d'Propositioun ugeholl a kann iwwer de Wee vun engem Règlement grand-ducal adoptéiert gin.

 

 

 

 

Ze bemiirke bleift, dass de Conseil d'administration vun der CFL fir all Ännerung consultéiert muss gin. Dat gët an enger neier
Versioun vum Artikel 36 vun de Statute festgehalen.

Dës vereinfacht Prozedur bedingt, dass d'Approbatiounsgesetz vum 17. Abrëll 1946 vun der Konventioun iwwer d'Eisebunn och
ofgeännert gët. Déi wichtegst Neierung besteet doran, dass déi Emännerungen, vun dene mer elo schwätzen, iwwer Règlement
grand-ducal an nët méi iwwer Gesetz an eist nationaalt Recht ëmgesat gin. Et gët sech do op d'Habilitatiounsgesetz vum 9. Juni 1971
beruff, wat erlaabt, a verschiddenen Domainen Direktiven oder aner Décisiounen op EU-Niveau iwwer Règlements grand-ducaux an
d'nationaalt Recht ëmzesetzen.

Dat Ganzt schéngt elo ganz technesch a komplizéiert, an de Rapporteur huet dat och scho bemiirkt. Et bleift awer, datt mer elo
iwwer déi néideg Instrumenter verfügen, fir eis Legislatioun a Reglementatioun deem europäesche Kontext unzepassen. Madame
Presidentin, dir Dammen an dir Hären. Ech kommen elo zum zweten Aspekt, der Ofännerung vun eenzelnen Artikele vun de
Statuten.

Wéi ech schon ugedeit hun, kënnt et duerch d'Direktiv 91/440 vum Juli 1991 zu enger fundamentaler Ännerung vum legalen an
ekonomesche Kader vum Transportmëttel Eisebunn. D'Monopolstellung vun nationalen Eisebunnsgesellschafte gët a Fro gestallt.
Vun elo u soll de Stat nët méi sénger nationaler Gesellschaft d'Responsabilitéit iwwer d'lnfrastruktur an d'Exploitatioun vun der
Eisebunn iwwerloossen an, als Géigeparti, d'Defizitter vun der Gestioun vun der Infrastruktur a vum Transport decken. De Stat, par
contre, behält eng direkt Responsabilitéit: déi eng um Gebitt vun der Infrastruktur, an déi aner um Gebitt vum Service public, deen en
oprechterhale wëllt. Déi kommerziell Autonomie, vun där d'Transportgesellschafte profitéiere wäerten, bedingt awer eng strikt
Finanzgestioun, déi strukturell nët méi defizitär sollt sin.

Natiirlech bedeit dës EG-Direktiv vun 1991 eng fundamental Restrukturéierung vum Eisebunnswiesen hei zu Lëtzebuerg, nët nëmme
fir de Stat, mä och fir d'CFL. Dës Restrukturéierung geschitt an dräi Etappen:

1. eng begrenzt Upassung vun eenzelne Statuten, wéi hei am Projet virgesinn; 2. soll eng Upassung vun de Statute kommen um
Niveau vun de finanziellen a comptablen Dispositiounen, wéi d'Differenzéierung tëschent der Infrastruktur an der Exploitatioun; Dës
Etapp verleeft schon no där neier vereinfachter Prozedur. 3. d'Ausaarbechtung vun engem Gesetz, wou kloer d'Kompetenze vum
Stat a vun der CFL definéiert gin, a wou d'CFL nom Modell vun enger Société anonyme fonktionnéiert. Fir d'éischt befaassen ech
mech mat ponktuellen Emännerungen, déi eis duerch déi europäesch Gesetzgebung operluegt gin. Et si genau 5 Artikele vun de
Statute betraff. D'Emännerung vum Artikel 4 erméiglecht d'Bedelegung vun,der CFL un aneren Transportgesellschaften oder
Gesellschaften, déi irgendwéi mam Transport ze din hun. Et as allerdings, wéi de Conseil d'Etat a séngem Avis bemiirkt huet,
schwéier ze moossen, wéi dat am Prakteschen ausgesäit.

Vläicht kann den Här Minister eis dozou e puer Erklärunge gin. Derbäikënnt, datt d'Prozedur fir d'Ofschafe vun nët rentable
Strecken der Prozedur fir d'Schafe vun neie Linne gläichgestallt gët. An deem Kontext muss ee sech kloer sin, datt et do
automatesch zu engem Konflikt kënnt tëschent, engersäits, der Rentabilitéit vun enger Zuch- oder Busstreck, an anersäits de
Missions de service public vun der CFL.

Et muss een awer och betruechten, dass d'Rentabilitéit, vun där mer hei schwätzen, méi en déiwe Sënn huet wéi déi strikt finanziell
Rentabilitéit vun enger bestëmmter Streck. Et geet ëm d'Rentabilitéit am globale Kontext vun enger aktiver Politik am öffentlechen
Transportwiesen. Esou verstin ech dee Saz: « Dans le cas où la société doit remplir des missions de service public, elle doit
notamment fournir des prestations efficaces et appropriées au moindre coût possible pour la qualité du service rendu.» Ech gesinn
also nët, dass dës nei Dispositioun am Artikel 4 vun de Statuten eng iwwergrouss Zuel vun Zuch- oder Buslinnen a Fro stelle wäerd.

Et kënnt ee sech zwar och fir d'Zukunft d'Fro stellen, ob nët déi CFL-Busse vu Strecken, déi broochgeluegt goufen, am städtesche
Busservice agesat kënnte gin an de Spëtzestonnen. Ech denken do virun allem un d'Schoulen um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg.

Dass de Lëtzebuerger Stat, wéi et am Artikel 5 vun de Statute steet, Recht op den « actif net » vun der Gesellschaft huet, falls se
opgeléist gët, as eng ganz normal Saach, well de Stat jo dauernd fir d'Gläichgewiicht vun de Konten an der Vergaangenheet opkomm
as. (M. René Kollwelter prend la Présidence)

Den Artikel 11 erlaabt der CFL am ' Kader vum europäesche Recht, enger Société tiers säin egenen « droit d'exploitation » ze
iwwerdroen. Dat Recht konnt se bis elo nët engem Drëtten delegéieren. Dës Ännerung hänkt natiirlech ganz enk mat där neier
Versioun vum Artikel 4 zesummen.

Den Artikel 12bis as u sech eng Iwwergangsbestëmmung, bis datt et zur comptabler Trennung tëschent der Infrastruktur an der
Transportaktivitéit kënnt. Den Artikel 36 preziséiert, wéi mer scho gesinn hun, dass de Conseil d'administration automatesch gefrot
muss gi fir all Annerung vun de - Statuten. Här President, dir Dammen an dir Hären. Mat dem Projet de loi 2582 sti mir elo eréischt
am Ufank vun enger laanger an och schwireger Restrukturatioun vun der Eisebunn hei zu Lëtzebuerg. Mir verfügen awer elo iwwer
déi legal ugepassten Instrumenter, fir dës Reform och duerchzeféieren. Dofir fënt dëse Projet d'Zoustëmmung vu ménger Fraktioun.

Wat d'Reform selwer ugeet, kann ech mer nëmme virstellen, dass eng gelonge Reform am Dialog duerchgefouert gët, an dofir
schéngt fir mech d'Tripartite-CFL eng exzellent Ausgangsbasis ze sin. Ech soen Iech merci.

M. le Président.- Den nächste Riedner as den honorablen Här Schummer.

M. John Schummer (DP).- Här President, dir Dammen an dir Hären. Virop wëllt ech dem Rapporteur Marc Zanussi merci soë fir säi
schrëftlechen a ganz ausféierlechen an exzellente mëndleche Rapport. Dat erlaabt mir, mech op e

 

 

 

 

ganz kuurzen Exposé ze beschränken, an nët nach eng Kéier op all déi technesch Detailer anzegoen. Ech wëll dem Här Zanussi awer
am Numm vu ménger Fraktioun alles Guddes wënschen, an ech hoffen, dass hie geschwënn erëm op séngen zwee Bee steet. An der
Zäit, wéi ech Sport gemaach hun, war ech och ëmmer mat denen dote Saache geplot, an ech weess, wéi sauer dass et as. Une voix.-
En as glécklecherweis nët op de Kapp gefall ! M. John Schummer (DP).- Dat hun ech nët gesot !

Une voix.- Den Här Zanussi as och nët esou héich erofgefall !

M. le Président.- Loosse mer op de Gesetzprojet zréckkommen ! Ech hat dem Här Zanussi iwwregens ofgeroden, fir do
matzespillen ! (Hilarité) M. John Schummer (DP).- Här Kollwelter, ech verstin awer, dass den Här Zanussi sech nëmmen un
d'Rotschléi vu Fachleit hält, an dofir awer matgespillt huet.

Blague à part ! Dëse Projet 2582 huet dräi Voletën:

1) approuvant le protocole additionnel complétant l'article 3 de la Convention belgo-franco-luxembourgeoise du 17 avril 1946
relative à l'exploitation des chemins de fer du GrandDuché, 2) modifiant les articles 4, S, 11 et 36 des statuts de la Société nationale
des Chemins de Fer luxembourgeois et complétant ces statuts par un article 12bis nouveau, et 3) complétant la loi du 16 juin 1947
concernant l'approbation de la Convention belgo-franco-luxembourgeoise du 17 avril 1946 relative à l'exploitation des chemins de
fer du Grand-Duché et des conventions annexes.

D'Evolutioun vun dësem Projet huet säin Ursprong den 1. Mäerz 1982 ënnert dem deemolegen DP-Minister Josy Barthel fond.
Deemools goufen dräi Ziler ugestrieft:

- d'Upasse vun den Texter vun den CFL u verschidden Décisiounen a Reglementatiounen, déi d'CEE zwëschen 1969 an 1975 geholl
huet, an dat - fir d'Dégradation financière besser an de Grëff ze kréien, wéi zum Beispill de Verloscht vun Transporter,
d'Augmentatioun vun de Chargë vun de Pensiounen oder onrentabel Persounentransporter; - fir déi finanziell Problemer vun dem
CFL ze léisen, déi zwëschen dem Stat an den CFL bestin, mä och ënnert de Co-participants vun der Convention
belgo-franco-luxembourgeoise vun 1946. Wéi 1991 d'Direktiv 91 /440/CEE koum, déi den ekonomeschen a legale Kader vum
Schinnentransport, sou wéi e bis dohinner bestanen buet, geännert huet, war den initiale Projet hifälleg. D'Haaptzich vun dëser
Direktiv si schon zitéiert gin, an ech brauch dat also nët nach eng Kéier hei ze widderhuelen. D'Regirung huet dun en neie Projet
ausgeschafft, deen awer dem Conseil d'Etat séng Approbatioun nët fond huet, de sougenannten « Amendernent II ». Dorophin gouf
an Zesummenaarbecht mat de belschen a franséische Partner eng nei Versioun ausgeschafft, déi de 16. November 1993 hei an der
Châmber deposéiert gouf.

Paralell sin d'« procédures de signature > zwëschen denen dräi Länner engagéiert gin, an och de Conseil d'Etat huet de 25. Januar
1994 säi . feu vert * gin.

Déi lescht Versioun enthält déi dräi Voletën, déi ech agaangs zitéiert hun. Dëse Projet huet en fait nëmmen e « caractère transitoire *.
Déi eigentlech juristesch a finanziell Reorganisatioun vun der Eisebunn geschitt eréischt op der Base vun engem zukünftege
Gesetzprojet. Ech zitéieren hei de Conseil d'Etat: . Il est entendu que la restructuration fondamentale qui découle pour l'Etat et les
CFL de ce nouveau contexte communautaire, devra comporter l'élaboration d'une législation spécifique. »

De . résultat final » vun där gesamter Reform soll eng kloer Limitatioun vun de Responsabilitéite vum Stat a vun den CFL sin. Déi
Texter, déi der Kommissioun am Kader vun der « transposition légale » vun der CFL-Restrukturatioun nach solle virgeluegt gin,
mussen dann zur gegebener Zäit examinéiert gin. Deen neie Libellé vun den Artikele 4 an 11 bréngt fir d'CFL méi eng grouss
Flexibilitéit an hiren Aktivitéiten.

Wie seet méi Libertéit, seet awer och méi Responsabilitéit. Dass d'Eisebunn muss méi rationell schaffen an denken, as sous-entendu.

Dass si bénéficiaire kënnt gin, as ondenkbar, mä dass duerch eng straff Organisatioun verschidden onrentabel Aktivitéite kënnen
ofgebaut gin, an neier, zukunftsorientéierter kënnen opgebaut gin, muss eent vun den Ziler sin.

Bis elo war d'Bunn e Faass ouni Buedem, an et gëlt d'Degradatioun vun der finanzieller Situatioun vun den CFL an de Grëff ze
kréien, d'autant plus, wou d'ekonomesch Situatioun vum Land doudsécher keng positiv Wiirkung op de Schinnentransport an
nächster Zukunft wäerd hun.

Duerch dës Konventioun erlabe mer den CFL och déi néideg Initiativen, wat den internationale Volet vum Dossier betrëfft, ze huelen.
D'Zil misst ët ebenfalls sin, e Maximum vun den Transporter vun der Strooss op d'Bunn ze kréien. Dëst muss eent vun de groussen
Objektiver bleiwen, och wann ët nach wäit dovun ewech as a schwéier däerft sin.

D'CFL missten eigentlech duerch eng méi straff Gestion financière déi enorm Moyenën, déi de Stat zur Verfügung stellt, kënne
progressiv erofdrécken.

Toutefois as de Vote vun dësem Projet nëmmen ee Schrëtt, oder besser gesot, eng Dir opgemaach. Esou steet dann och am Avis
vum Conseil d'Etat: . En attendant ces grandes réformes, le projet de loi sous avis se limite à quelques modifications ponctuelles des
statuts, imposées par les dispositions de la directive 91/440/CEE et le règlement (CEE) 1893/91 du Conseil du 20 juin 1991
modifiant le règlement (CEE) 1191/69 du Conseil du 26 juin 1969>.

Méng Fraktioun wäerd dëse Projet stëmmen. Néanmoins musse mer feststellen, dass dat wat de Josy Barthel 1982 gemaach huet,
dat heescht, séng Responsabilitéit geholl huet an e Projet de statuts fir d'Eisebunn ausgeschafft huet, mat Erfolleg vun dëser Majoritéit
10 Joër am Tirang schlofe gelooss gin as. Ech hoffen, dass elo, nodeem hei e spatze Mëndche gemaach gouf an deen hei Projet als
wegweisend duergestallt gët, och déi «grandes réformes >, vun denen de Conseil d'Etat schwätzt, séier nokommen.

Ech soën lech merci.

 

 

 

 

M. Ie Président.- Deen nächsten ageschriwwene Riedner as den honorablen Här Hary Ackermann. M. Hary Ackermann (LSAP).-
Här President, dir Dammen an dir Hären. Dir musst mech entschëllegen, ech sin hees an ech hun den Houscht, mä ët wäerd jo awer
goën.

Ech wëll onsem Frënd, dem Här Zanussi, merci soë fir dee gudde Rapport, deen ën eis virgeluegt huet, sief ët schrëftlech oder
mëndlech. Ech géing ëm awer och wënschen, dass säin Akzident, dat ën hat un der Achillesseen, gutt an d'Rei geet. Iwwert den
Historique vun dësem Gesetzesprojet wëllt ech weider nët vill Wierder verléieren; ët sief jhust, dass ech mäin Erstaunen driwwer zum
Ausdrock brénge wëll, dass de Staatsrot ni Stellung bezun huet zu den éischten Texter aus de Joren 1982 an 1986, dëst obschon all
déi Virschléi, fir d'CFL-Statuten aus dem Joër 1947 der neier Zäit unzepassen, d'Zoustëmmung vun den « hautes Parties
contractantes», der belscher an der franséischer Regirung, fond haten. Haut hu mer an dësem héijen Haus nëmmen iwwert eng
Minireform, e sougenannten Amendement II, deen den 20. Juli d'lescht Joër d'Zoustëmmung vum Staatsrot fond hat, ze befannen.
Dës Minireform vun den CFL-Statuten as awer vu grousser Bedeitung fir eist Land a fir eis national Eisebunnsgesellschaft. Si kann
aus ménger Siicht an zwee Punkte positiv an an engem leschte Punkt éier skeptesch bëuerteelt gin.

Den neien Artikel 5 leet eendäiteg fest, wéi verfueren as bei enger fréizäiteger Opléisung, respektiv bei der Opléisung « à terme •, dat
heescht, am Joër 2044, vun der nationaler Eisebunnsgesellschaft. An deem enge wéi an deem anere Fall kréien de belschen an de
franséische Stat nëmmen hiirt abezueltent Kapital zréckbezuelt, esou wäit dëst nët schon iwwert de jäerlechen Amortissement
geschitt as. Jo, Dir wäerd ët nët glewen, d'CFL-Gesellschaft muss all Joër 1/99 vum abezuelte Sozialkapital un déi staatlech
Aktionären zréckbezuelen.

De verbleiwenden Actif net an all beweglech Gidder wéi d'lnfrastruktur, Gebailechketen, Installatioun an de ganze Fuerpark, esou
wéi all Grondstécker falen un de Lëtzebuerger Stat an dëst nëmmen zu Recht, well ët de Lëtzebuerger Stat wor, dee bis haut aleng fir
den Ausbau an d'lwwerliewe vun den CFL gesuergt huet. Domadder as och séchergestallt, dass de Lëtzebuerger Stat zu all Moment,
an dëst ouni Ennerbriechung an ouni Substanzverloscht, de Betrib kann am Intérêt vun eisem Land, der Bevölkerung an der Industrie
weiderféieren.

Wat déi vereinfacht Prozedur betrëfft, fir d'CFL-Statute permanent un d'Gemeinschaftsrecht unzepassen, muss d'Zukunft weise wat
d'Ennerschrëfte vun eise groussen Noperen ënnert dem Protocole additionnel vum 2. Dezember 1993 wäert sin. Mech berouegt ët,
dass dëst iwwert de Wee vun engem Règlement grand-ducal ze geschéien huet, zu deem den CFL-Verwaltungsrot an de Staatsrot
hiren Avis an d'Aarbechtskommissioun vun eiser Châmber esouguer hir Zoustëmmung musse gin.

Grouss Bedenken hun ech dogéint beim neien Artikel 11, deen der Société, dat heescht am Kloertext, dem CFLVerwaltungsrot,
d'Méiglechkeet zougesteet, hiirt Konzessiounsrecht, dat se duerch d'Gesetz vum 16. Juni 1947 kritt huet, deelweis un
Drëttpersounen ofzetrieden.

Notamment d'Aschränkung, fir der CFL-Gesellschaft iwwert dee Wee d'Méiglechkeet ze gin, an aner Transportoder
Branchegesellschaften anzeklammen, as mir nët prezis an och nët restriktiv genuch, fir méng Ängschten ewechzehuelen. Mir hu jo all
viru kuurzem mussen erliewe wéi légère den CFL-Management mam alen Artikel 11, dee jo nach a Kraaft as, ëmgesprongen as
beim Verschachere vum Stückgut un d'Post a beim Oploosse vun de Wageladungen iwwert déi fréier Jhanglisstrecken.

Wann d'Eisebunnergewerkschaften, virop de Landesverband, nët gewiescht wiren, wir den Artikel 11, deen der Société verbitt «
tout ou partie de son droit d'exploiter à des tiers associés ou non • ze cédéieren, schéi vergewaltegt gin.

Fir mech misst séchergestallt gin, dass den CFL-Management nët Streck fir Streck vum öffentlechen Optrag, deen d'national
Eisebunnsgesellschaft vum Land krut huet, u Privater, direkt oder indirekt, kënnt bradéieren. Alles an allem kënnt dee virleienden
Text méng Zoustëmmung fanne wann ech sécher wir, dass ën och an Zukunft an deem heitege Geescht kënnt ugewant gin.

Ech soën lech merci.

M. le Président.- Deen nächste Riedner as den honorablen Här Jup Weber.

M. Jup Weber (GLEI).- Merci, Här Vizepresident, fir d'Wuert, Madame, dir Hären. Mir hun haut de Mëtteg e Projet, deen de
Statut vun der Eisebunn soll änneren, dee sech laut Rapport op eng Direktiv baséiert, déi ons Gréng am Prinzip ganz sympathesch as,
well e puer Saachen drastin, déi ët erlaben, dass den Eisebunnsservice an der Europäescher Unioun an Zukunft kann esou gefördert
gi wéi mer eis dat virstellen .

Mir fannen awer, wa mer elo kucke wat hei ëmgesat gët, dass déi puer Artikelen, déi geännert gin, dass mer do nach laang nët alles a
virun allem och nët dee Geescht ërëmfannen, deen an der Direktiv dran as, well dat wat an eisem Projet steet as en zweeschneidegt
Schwäert. Et kënnen onrentabel, an zwar onrentabel vu kuurzfristeg ekonomesche Betrachtungen aus, Servicer ofgebaut gin. Dat as
an eisen Aë ganz geféierlech.

Et as an eisen Aë ganz geféierlech wann een an esou eng Richtung geet, grad an enger Zäit wou ët dach an Europa awer nach an den
Alpenlänner Leit gin, déi e gesonde Mënscheverstand hun, déi wësse wivill dass hir Emwelt hinne wäert as. Ech erënneren do un dee
Referendum, deen de leschte Sonndeg an der Schwäiz war. D'Schwäizer hun décidéiert, dass innerhalb vun denen nächsten 10 Joër
de Wuerentransport, dee ganzen Transit, op d'Bunn soll verluegt gin an dat as eng Saach, déi mir Gréng begréissen. Mir hun och nët
laang gewaart an direkt e Méindeg de Moiën dem Ambassadeur vun der Confédération Helvétique e Félicitatiounstelegramm
geschéckt.

(Interruption)

Dir hut ganz Recht, Här Goebbels, dee war bestëmmt nët frou driwwer, well Äre Kolleg, den Här Ogi huet zimlech schlëmm
gewiedert géint dee Referendum a géint d'lnitiateure vun deem Referendum. Mä soit, mir waren immens frou an ech wäerd och herno
nach eng Kéier dorobber zréckkommen. Mir hun nämlech eng Motioun preparéiert, déi lech, Här Goebbels, eng Aufgab gët, och an
däer Richtung.

 

 

 

 

Kucke mer dann elo emol déi Direktiv op Grond vun däer dëse Gesetzesprojet laut Rapport zustane komm as. Do sti ganz flott
Saachen dran. Do as nämlech virgesinn, dass déi verschidden Eisebunnsgesellschaften an der Europäescher Unioun hir Defizitter
sollen ofbauen, notamment déi, déi duerch finanziell Laaschten, déi eigentlech ongerecht sin, entstin. Ech denken hei och un de
Pensiounsregim, dee jo zu Lëtzebuerg nach zu Laaschte vun der Eisebunn selwer as. Et as jo och geplangt, dass dat aneschter soll
gin.

Dat si lauter Saachen, déi mir begréissen. Et steet och dran, dass ët soll esou gemaach gin, dass nach jhust d'lnfrastruktur soll vun de
Gesellschaften an dene verschiddene Länner iwwerholl gin an dass de ganze Matériel roulant an och déi konnex Installatioune wéi
Containerterminal asw. vu Privatgesellschafte kënne gemanaged gin, déi international zesummeschaffen. Dat as an eisen Aën eng
positiv Entwécklung.

Dee leschten Tiret an der Direktiv seet: « Cette directive a pour objet de garantir aux entreprises ferroviaires individuelles effectuant
du transport combiné et aux regroupements de deux ou plusieurs entreprises ferroviaires établies dans les Etats membres différents et
effectuant tout autre genre de transport un droit d'accès non discriminatoire sur les réseaux des autres Etats membres pour acheminer
leurs transports ..

Dat as eppes wat mir onheemlech begréissen, well ët as jo genau dat wat eigentlech an der Schwäiz och geschitt as. Si hätten ebe
gäer, dass soll mat Transports combinés gefuer gin, dass mat Huckepack gefuer gët. Dat steet alles ganz kloër an däer Direktiv hei,
op déi mir eis beruffe fir eise Projet de loi ze maachen. Wann ech awer elo d'Artikele 4 an 11 vum Projet de loi kucken, da gesäit
een, dass den Artikel 11 ët erlaabt fir Servicer, déi an enger kuurzfristeger ekonomescher Approche onrentabel sin, ofzeschafen. Den
Artikel 4 seet, dass Reglementer vun der Administratioun kënne geholl gin « pour autoriser les CFL à réduire, à suspendre ou à
supprimer, ainsi qu'à effectuer en tout ou en partie par une autre technique de transport les services ferroviaires dont l'exploitation est
habituellement déficitaire ». Dat si Saachen, déi ons absolut guer nët gefalen.

Et kann een den Defizit vun engem Service public dach nët esou berechnen, dass ee seet, okay, ech kréien eben aus dem Verkaf vu
méngen Abonnementer - an ech huelen e Jumboabonnement fir d'Kanner wat 1.300 Frang am Joër kascht oder ech kucken och
nach den Öko-Abonnement: 1.300 Frang de Mount - nët genuch era fir d'Käschten ze decken. Do kann een dach nët soën, da
schafe mer dat elo of.

Ech mengen, ët misst ee kucke beim öffentlechen Transport wou de Virdeel fir d'Emwelt as, wou de Virdeel fir d'Sociétéit as. Mir
musse kucke wivill Autoë kréie mer duerch e gudden öffentlechen Transport vun der Strooss an do muss een d'Valeur rechnen. Déi
Rentabilitéitsrechnung muss ee maachen.

Et steet och am Artikel 4 « dans le cas où la société doit remplir des missions de service public, elle doit notamment fournir des
prestations efficaces et appropriées au moindre coût possible pour la qualité du service rendu-.

En anere Punkt an dëser Diskussioun as deen, wat as eigentlech e Service public ? Ech ka mer virstellen, dass kuurzfristeg einfach
dohinner tendéiert gët, dass een och bei ganz nëtzlechen Ariichtungen, wéi zum Beispill en S-Bunn system, seet, dat kascht esouvill,
da schafe mer déi Geschichten of. Ech wëll drop hiweisen, dass eigentlech 80% vun deem Trafic, deen iwwert d'Lëtzebuerger
Schinne leeft, S-Bunnverkéier as. Dat sin eben déi Linnen tëschent Lëtzebuerg-Esch, Lëtzebuerg-Waasserbëlleg, a vläicht 20 % vun
deem Trafic, deen hei leeft, as deen internationale Verkéier, Bréissel, Stroossbuerg, respektiv dorobber op Léck.

Mir mussen also eng Definitioun fannen, wat as Service public a wivill wëlle mer eis dee kaschte loossen ? Ech wëll drop hiweisen,
dass d'CFL 1,3 Milliarde méi gefrot hat am Budget fir 1994 a si hun déi nët kritt. Ech wëll och drop hiweisen, d'CFL as déi
Entreprise zu Lëtzebuerg, déi no der Stolindustrie am meeschte Leit ofgebaut huet, bal 900 Leit tëschent 1982 an 1991 an dat muss
eis dach awer ze denke gin.

Den Här Goebbels wäerd elo waarscheinlech, wann ën ërëm erakënnt a säi Kaffi gedronk huet soën, jo, mä mir hun awer immens vill
gemaach. Mir hun zum Beispill d Nordstreck moderniséiert, mä ech wëll awer soën, d'Nordstreck war effektiv eng Streck, déi ganz,
ganz vereelst war vum Techneschen hir. Ech wëll drop hiweisen dass, éier d'Nordstreck renovéiert gin as, nach mat Pëtrolskänkië
geliicht gin as..

(Interruption)

Neen, dat as nach guer nët esou laang hir. D'Signalisatiounsluuchte sin nach mat Petrolskänkië beliicht gi jhust éier renovéiert gin as.
Ech mengen, dat sin Technologiën, déi si 40 Joër al. Et war déck Zäit dass d'Nordstreck renovéiert gin as. Et schéngt elo, nodeem e
Streik ugedrot gin as, dass de Cargozenter an de Colis express bleift, obschon den Artikel Il, deen haut an dësem Gesetz hei zur
Diskussioun steet, ët géing erlaben, dass dat un eng aner Entreprise kënnt ofgi gin.

Wann ee kuckt wéi d'praktesch Problemer sech hei zu Lëtzebuerg stellen, da gesäit een, dass dëse Projet nët nëmme positiv Säiten
huet.

De fréieren Transportminister, de Marcel Schlechter, hat e Projet hei deponéiert wou ët ëm d'Harmonisatioun vun de
Konkurrenzbedéngunge gaangen as an ech wollt froën, wou as deen eigentlech verschwonnen ? Kënnt deen och wann déi grouss
Reform vum Statut kënnt ? Dee Projet war am Fong geholl aus ekologescher Hinsicht guer nët esou schlecht, mä leider Gottes as ën
aus den Tirangen ni méi opgekräizt.

Une voix.- Här Weber, ech kann lech vläicht informéieren. Dee Projet kënnt d'nächst Woch an d'Kommissioun .

M. Jup Weber (GLEI).- Et freet mech dat ze héieren !

Et geet hei ëm nët méi an nët manner, wéi dass een déi Bedéngungen, déi am Moment um Transporteursecteur vun de Marchandise
bestin, harmoniséiert, dat heescht, dass ee fir de Camionstransporteur déi effektiv Käschten och emol berechent an dass deen
Transport, dee mat de Camionë gemaach gët, effektiv déi ekologesch Schied och bezillt, déi e verursaacht.

Et as eng Etüd gemaach gi vum Schwäizer Verkéiersclub an do hu mer Chifferen, - zwar nët fir Camionën, - wou een einfach emol
ka kucke wivill dass e Kilometer, dee mat engem Auto gefuer gët, d'Emwelt belaascht, wivill Käschten

 

 

 

 

dass entstin, déi nët duerch de Präis vum Bensin ofgedeckt gin. Bei däer Etüd as erauskomm, dass 4 Frang pro Kilometer
ongedeckte Käschten entsti wann ee mam Auto fiert a wann ee jhust de Präis vum Bensin rechent.

Wann ee beim Autoverkéier de Pollueur-payeur-Prinzip géing strikt uwenden, da misst no enger Berechnung, déi gemaach gin as
vum « Umwelt- und Prognoseinstitut» an Däitschland, de Liter Bensin mindestens 40 Frang méi kaschte wéi elo. Dat sin Etüden, déi
gemaach si gi vu seriösen Instituter. Wann een elo nach héichrechent wéi déi Chiffere fir de Camionsverkéier sin a wéi de Verglach
tëschent Camion an Eisebunn as, da muss een sech einfach soën, mir Lëtzebuerger hänke mat eise ganz niddrege Bensinspräisser
wäit hannendran an ech si jo och nët deen éischten, deen dat hei op dëser Tribün seet. Ech erënneren drun, dass den Här
Vizepresident a sénger Egenschaft als Budgetsrapporteur och e renomméiert däitscht Institut beoptraagt hat fir de Lëtzebuerger
Budget analyséieren ze loossen an dat huet genau déi selwecht Saachen erausfond wéi déi, déi ech elo gesot hun. Ech fannen, do
musse mer wierklech direkt ëmdenken.

M. le Président.- Den Här Transportminister huet d'Wuert.

M. Robert Goebbels, Ministre des Transports.- Här President, ech géif gäer dem Deputéierte Weber eng Fro stellen, wann ëm
domat d'accord as.

(Assentiment)

Här President, den Deputéierte Weber huet elo grad gesot, dass sénger Menung no de Bensinspräis ëm op d'manst 40 Frang misst
ugeglach gin.

Den Deputéierte Garcia huet bei enger viregter Geleënheet schon eng Kéier heibanne gesot, sénger Menung no - an hien huet och en
Institut zitéiert - misst de Bensinspräis 120 Frang de Liter kaschten. Ob elo de Bensinspräis an d'Géigend vun dene 70 Frang de
Liter kënnt, déi den Deputéierte Weber do préconiséiert huet oder denen 120 Frang de Liter, déi den Deputéierte Garcia
préconiséiert huet, géif ech nawell gäere wëssen ob den Deputéierte Weber der Menung as, dass am Fall wou d'Regirung géif mat
op dee Wee goën an de Bensinspräis esou héich gesat géif gin, dann och misst den Indexmechanismus an eisem Land spillen ?

M. Jup Weber (GLEI).- Här President, den Transportminister huet elo grad gesot ech wir der Menung, dass de Bensin misst 70
Frang kaschten. Ech hun elo jhust gesot, dass d'« Umwelt- und Prognoseinstitut » ausgerechent huet, dass wann een de
Pollueur-payeur-System géing uwenden, dass dann de Bensin misst 70 Frang kaschten. Domadder hun ech awer nët gesot, dass Der
muer de Bensin musst op 70 Frang setzen.

M. Robert Goebbels, Ministre des Transports.- Also elo fänkt Der awer un lech ze dréinen !

M. Jup Weber (GLEI).- Neen, neen, absolut nët. Mir Gréng sin der Menung, dass een - an dat wësst Der aus der Diskussioun
iwwert d'Öko-Steieren - d'Öko-Steier - an dat hei as jo notamment eng Öko-Steier, ët as eng Steier op der Energie an um
CO2-Ausstouss - nët ka vun haut op muer aféieren, mä dass een dat iwwert e « laps de temps • vu 5 oder 10 Joër muss maachen.
An ech mengen, do si mer eis alleguer an der Europäescher Unioun eens...

M. Robert Goebbels, Ministre des Transports.- Dat as awer nei, déi Ausso do ! 5-10 Joër ! An 10 Joër si mer mat Sécherheet op
70 Frang, aleng schon duerch d'Inflatioun !

M. le Président.- Den Här Weber huet d'Wuert !

M. Jup Weber (GLEI).- Do gesäit een, dass Der vu Wirtschaft awer nët esou vill verstitt, wéi een eigentlech misst.

M. Robert Goebbels, Mimstre des Transports.- Méi wéi Dir !

M. Jup Weber (GLEI).- Wann ech vu 70 Frang schwätzen, da schwätzen ech vun engem Präis vun haut an Dir wësst jo ganz genau,
dass d'Inflatioun matgeet an dass Der déi musst aberechnen. Ech mengen, mat esou Mëllechmederchersrechnunge kënnt Der awer
hei nët kommen.

Mir sin och der Menung, dass ee sozialbegledend Moossname muss maachen, dass een aner Steiere kann ofbauen, dass een zum
Beispill d'Steieren op der Aarbecht kann ofbaue wou d'Leit méi Revenuën hun. Et gin enorm vill Modeller iwwert déi ee kann
diskutéieren, ob een den Index elo bäibehält oder nët.

Wat eis wichteg as, dat as, dass effektiv déi Käschten, déi entstin, ofgedeckt gin, dass een eng seriös Öko-Steier mécht, dass een se
op e « laps de temps » ausdeent, deen och sozial verträglech as. Dat as dat wat an eisen Aën enorm wichteg as.

Komme mer awer elo zréck zu de Problemer vum Camionsverkéier. Eng aner Distorsion de concurrence as déi, dass
d'Camionschauffeuren am Moment onwaarscheinlech schlëmm Aarbechtsbedéngungen hun. 60-Stonne-Woche sin do keng
Seltenheet an déi sklavenhalteresch Methoden, déi an denen Entreprise bestin, as och eppes wat an eisen Aë muss ofgeschaaft gin.

Mir sin der Menung, ët as vill besser, ët erhält een der Eisebunn, wann een de Statut reforméiert, hire Statut. Et léisst een déi Leit, déi
do schaffen, ënnert uerdentleche Konditioune schaffen an ët kuckt een, dass een nach Plazen op der Eisebunn dobai kritt. Dofir, Här
Vizepresident, hu mer och eng Motioun gemaach, déi d'Regirung invitéiert dass an Zukunft d'Acquië vun den Eisebunner, déi am
aktuelle Statut vum Personal dra sin, respektéiert solle gi wann de Statut geännert soll gin.

Motion 3

La Chambre des Députés, considérant que la réforme du statut des CFL ne peut en aucun cas servir de prétexte pour toucher aux
acquis sociaux des cheminots, invite le Gouvernement à respecter dans le futur les acquis des agents des CFL découlant de l'actuel f
Statut du Personnel » de la Société Nationale des Chemins de Fer.

(s.)Jup Weber, Nick Clesen, Robert Garcla, Jean Geisbusch et André Hoffmann. Eng zweet Motioun geet op dat zréck wat ech
virdru gesot hun. Et as eis wichteg, dass d'Regirung ganz genau definéiert wat eben de Service public as an dass d'Regirung och
ophält sech derlaanscht ze drécken eben deen Defizit, deen am Moment besteet, ze iwwerhuelen.

 

 

 

 

Motion 2

La Chambre des Députés, - considérant que l'entreprise des « Chemins de Fer Luxembourgeois » joue un rôle important tant au
niveau écologique qu'au niveau social dans notre société, - considérant qu'elle est coincée entre deux logiques, I'une exigeant que ses
comptes soient en équilibre et permettent une certaine marge d'autofinancement, et l'autre qui voudrait que l 'objectif principal des
CFL, en tant que fourmsseur d 'un service public, ne soit pas celui de la stricte rentabilité, mais de remplir un rôle social, -
considérant que dans ces conditions, compte tenu du récent désengagement financier de l'Etat, il importe d ëquilibrer dans une
perspective écologique la concurrence entre les différents modes de transport, - considérant que la gestion d'entreprise imposée aux
CFL entraîne la société des chemins de fer dans une situation financière extrêmement précaire qui h,vpothèque lourdement le
développement pourtant nécessaire d'une politique offensive en matière de transports en commun, invite le Gouvernement à définir
avec précision quelles seront à l'avenir les activités à caractère de « service public » incombant aux CFL, à chiffrer la compensation
financière à verser par l 'Etat au profit des CFL pour ses services non-rentables. (s) Jup Weber, Nick Clesen, Robert Garcia, Jean
Geisbusch et André Hoffmann.

Eng lescht Motioun, Här Vizepresident, as déi, déi sech un de Referendum an der Schwäiz de leschte Sonndeg unhänkt. Mir sin
natiirlech elo nët déi, déi heihinner kommen a plaidéieren, Lëtzebuerg kënnt dat selwecht maache wéi d'Schwäiz a fir de
Schwéiertransport einfach d'Grenzen zoumaachen. Mä de Sënn vun esou enger Initiativ wéi déi, déi an der Schwäiz -leeft, as deen,
dass een déi laang Streckentransporter op d'Bunn verleet.

Et as jo esou, dass d'Schwäiz e Couloir as, dee vläicht 200 Kilometer laang as tëschent Italien an den nordeuropäesche Länner an ët
misst een sech eng ege Philosophie zu ege maachen an der ganzer Europäescher Unioun doduerch, dass ee seet, wa mer
Marchandisen ze transportéieren hu wat iwwert eng gewëssen Distanz erausgeet - an do kann ee jo och Etüde maachen ob dat elo
70, 100 oder 150 Kilometer sin - dat setze mer automatesch op d'Bunn.

Dat as eng Motioun, déi geet an d'Richtung wn deem wat de leschte Sonndeg och an der Schwäiz gestëmmt gin as. Ech wir frou,
wann de Minister, dee mat dëser Motioun den Optrag kritt sech an der Europäescher Unioun dofir anzesetzen, dass eben de
Marchandisentransport op d'Bunn verluegt gët, och elo bei de Bäitrëttsverhandlunge vun Éisträich säin ekologescht Gewësse spillen
deet, well ech ka mer virstellen, dass elo nach eng Kéier méi Drock vun der Transporteurslobby op d'Eisträicher gemaach gët,
respektiv op déi Leit, déi verhandelen, fir dass méi Camionën duerch Éisträich an Italien fuere kënnen, well d'Schwäiz lues a lues
zougeet.

Motion 1

La Chambre des Députés, prenant acte avec satisfaction du résultat du référendum suisse du 20 février 1994 concernant le mode de
transport des marchandises en transit par les Alpes, considérant que le résultat du référendum suisse est un signe encourageant pour
les discussions futures concernant le transport de marchandises au niveau de l 'Espace économique européen et de l'Union
Européenne, considérant que le transport par voie ferrée doit occuper une place de première iniportance dans toute politique de
transport européenne respectueuse de l'environnement et doit être préféré de façon générale au transport par la route, mvite le
Gouvernement à plaider au niveau européen en faveur d'une politique de transport respectueuse de l'envlronnement où le transport
intemational des marchandises sera effectué obligatoirement par rail.

(s) Jup Weber, Nick Clesen, Robert Garcia, Jean Geisbusch et André Hoffmann. Mir Gréng fannen, dass an däer Direktiv wuel gutt
Punkten dra sin, Punkten, déi ee fir eng ekologesch Transportpolitik kënnt verwäerten. Mir fannen allerdéngs, dass de Projet de loi
nët nëmmen déi gutt Punkten aus däer Direktiv iwwerholl huet, mä och verschidde Gefore mat sech bréngt, notamment dass
sougenannte kuurzfristeg onrentabel Servicer kënnen ofgeschaaft gin iwwert dëst Gesetz an dofir wäerte mir eis bei dësem Gesetz
enthalen.

Ech soën lech merci.

M. le Président.- Deen nächste Riedner as den honorablen Här Nicolas Strotz.

M. Nicolas Strotz (CSV) Här President, dir Dammen an dir Hären. Nodeem mäi Fraktiounskolleg Nico Loes déi technesch
Aspekter vum Gesetzesprojet analyséiert huet, géif ech e puer Remarken zur Eisebunn en général maachen, a speziell zu der
Situatioun, wéi mer se hei zu Lëtzebuerg an dësem Moment kennen.

Ech delen d'Menung vu méngem Fraktiounskolleg, d'Eisebunn huet eng Zukunft, mä déi Zukunft kann nëmme garantéiert gin, wa mer
et fäerdegbréngen d'Eisebunn ze moderniséieren an ze restrukturéieren.

Wéi beim Traité vu Maastricht, kann ee soen, déi zum Deel nei europäesch Gesetzgebung as eng Erausfuerderung, mä och eng
Chance. Eng Erausfuerderung, well mer gezwonge gin ze handelen. Mir kënnen nët méi an deem Train-train weiderfueren. Eng
Chance, well duerch d'Redefinitioun vun de Kompetenzen d'Moderniséierung vun der Gestioun vun den CFL bestëmmt een neien
Elan kritt.

D'Restrukturéierung vun den CFL geschitt bekanntlech an dräi Etappen:

Déi éischt Etapp, mat der Adoptioun vun dësem Gesetz. Déi zweet, mat der Adoptioun vun de Statute vun den CFL no der
vereinfachter Prozedur. Schliisslech dréi drëtt mat engem neie Gesetz, wou d'Kompetenze vum Stat a vun der nationaler
Eisebunnsgesellschaft nei definéiert gin, a wou d'CFL ähnlech Statute kritt wéi déi vun enger Société anonyme.

Wat bedeit dat elo konkret ?

De Stat soll éischtens responsabel gi fir d'Infrastruktur. Mir vergiesse vill ze vill oft, dass d'Eisebunn de Moment ganz staark
benodelegt as, am Verglach zu denen aneren Transportmëttelen. D'CFL as nämlech direkt verantwortlech fir d'Infrastruktur, wat
sech natiirlech um Niveau vum Compte d'exploitation ganz däitlech nidderschléit.

 

 

 

 

Doduerch, dass de Stat d'Responsabilitéit iwwer d'Infrastruktur iwwerhëlt, gët eng Gläichheet mat aneren Transportmëttele
geschafen. An der Praxis ännert sech zwar nët villd'Gestioun vun der Infrastruktur bleift nämlech an den Hänn vun der CFL, déi dofir
eng Entschädigung vum Stat kritt.

Zwetens definéiert de Stat déi Missiounen, déi d'CFL ze erfëllen huet um Niveau vun der öffentlecher Transportpolitik, sougenannt
Missions de service public. Fir déi Missioune kritt d'CFL nees eng Entschiedegung.

Ech kommen duerno nach eng Kéier op dat Wuert « missions de service public » zréck. Well dat schéngt mir ee wesentlechen
Aspekt an der ganzer Debatt vun der Emstrukturéierung ze sin. D'CFL op där anerer Säit gët autonom an der Gestioun a
fonktionnéiert ewéi eng Société anonyme.

D'Eisebunnsgesellschaft muss also eng strikt Finanzgestioun um Niveau vun den Transportaktivitéite féieren, déi nët méi strukturell
defizitär solle sin.

D'Relatiounen tëschent dem Stat an der CFL gi gesetzlech an engem « contrat de plan» festgehalen. Am Kader vun enger nationaler
Planifikatioun gin d'Missiounen an d'Mëttelen, déi dofir agesat gin, also nei ëmrass.

Een zukünftegt Gesetz regelt d'Organisatioun vum Transport an och d'Gestioun vun der Infrastruktur. Schliisslech gët mam Fonds du
Rail een Etablissement public geschafen, deen d'Aufgabe vum Stat iwwerhëlt um Niveau vun,der Infrastruktur, deen awer och
zoustänneg gët fir d'Bedelegung vum Stat un internationale Projetën, fir d'Surveillance, fir den Agrément a fir d'Sécherheet. Dës
global Restrukturéierung huet a méngen Aen zwee grouss Meriten, dee vun der Transparenz an dee vun der Responsabiliséierung.

D'Transparenz fir d'éischt emol. Wann een déi verschidde Comptes d'exploitation kuckt, stellt ee fest, dass d'CFL graff gesinn, een
Defizit vun 10 Milliarden opweist, wat sécherlech nët näischt as. Mä kann een iwwerhaapt dës Zuelen einfach esou gëlle loossen ?
Mat Sécherheet nët. Mir hu schons gesinn, dass d'CFL an der aktueller Situatioun responsabel fir d'lnfrastruktur as, wat eleng nët
wäit ënner I Milliard am Jor kascht.

D'CFL muss als Betrib d'Käschte vun de Pensiounen droen. 1985 waren dat 2,9 Milliarde Frang. Am Jor 1992 sin dat 4,3
Milliarden, e Plus vu 50% a 7 Jor. Am Jor 1985 waren et 3.838 Aktiver fir 4.305 Pensionnéierter, am Jor 1992 3.483 Aktiver fir
4.140 Pensionnéierter.

Dësen Trend, méi Pensionnéierter wéi Aktiver, wäärd sech weiderhi verstäerken. Et as also nët verwonnerlech, wann
d'Pensiounskäschten insgesamt e groussen Deel vum sougenannten Defizit ausmaachen.

Drëttens, d'Mission de service public, déi vum Stat um Niveau vum Persounentransport oder vum Gütertransport imposéiert gët,
muss och nach a Betracht gezu gin. Mat der aktueller Komptabilitéit as dat leider nët méiglech. Et gin also all Jor Zuele publizéiert
vun engem defizitäre Compte d'exploitation, Defizit, deen effektiv enorm schéngt an deen d'Leit dobaussen erféiert, deen awer staark
ze nuancéieren as, wéi mir gesinn hun.

Ech sin iwwerzeegt, dass eng komptabel Transparenz, déi eng klor Definitioun vun de Kompetenze vun deem engen a vun deem
anere bedéngt, déi eenzel Acteure besser responsabiliséiert.

Wann de Stat zum Beispill ganz niddreg Präisser fir den interne Réseau vum Persounentransport imposéiert, as et klor, dass d'CFL
nët responsabel ka gemaach gi fir den Defizit u Recetten, deen do entsteet.

1992 huet zum Beispill d'CFL 6 Millioune Frang manner kasséiert wéi dat Jor virdrun, obschons déi alldeeglech Offer un nationalen
Zich ëm 43% an d'Luucht gaangen as. D'Transparenz as also eng Virbedingung fir eng riguréis Finanzgestioun.

An deem Konterxt, wéi ech schon ugedeit hun, stellt sech d'Fro vum Service public en général. Déi Debatt as fir mech
ausschlaggebend. Si gët leider nët genuch zu Lëtzebuerg gefouert. Wéi gesi mer den öffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ? Et as
klor, mir kënnen eis uleë wéi mer wëllen, d'Eisebunn ka keng Gesellschaft gin, déi op eemol bénéficiaire géif gin. Dat gët hoffentlech
och vu kengem verlaangt, well d'Rentabilitéit vun der Eisebunn eben anescht gemooss soll gin.

Den Zuch as een ekonomesch rentabelt Transportmëttel, wann doduerch Honnertdausende vu Stonnen an den Autosstaue kënne
gespuert gin.

En as sozial rentabel, well Leit, déi keen Auto hun, sech trotzdeem dép-lacéiere kënnen. De Service public heescht souwäit wéi
méiglech derfir ze suergen, dass d'Leit déi iwer kee privat Transportmëttel verfügen, vun engem öffentleche Mëttel profitéiere kënnen.

Dat sin alles Saachen, déi nët direkt erfaassbar sin. Et as awer kee Grond, fir dës Aspekter ze vernoléissegen.

Am Géigendeel, dës Diskussioun iwwer de Service public as eng Nécessitéit. De Grond woufir d'Eisebunnsgewerkschaften esou
opbruecht waren, an och nach heiansdo sin, as esou ze erklären. Natiirlech as déi geplangte Restrukturéierung eng Prioritéit.
Natiirlech kënne mer nët mat Defizitter vun « 10 Milliarden d'Jor oder méi» à la longue liewen. Dofir musse mer awer genau wëssen,
wou et higeet.

Mir sollen eis fir d'éischt eens gin, alleguer, sief dat de Conseil d'administration, d'Gewerkschaften, déi politesch Responsabel, wat fir
eng Missiounen d'CFL ze erfëllen huet. Wéi soll d'Politik vum öffentlechen Transport ausgesinn ? Wéi wäit solle mer do goen ? Wou
stousse mer un d'Grenz vun de finanzielle Limiten ? Esou Froe mussen absolut gekläert gin. Ech weess, dass dat nët ëmmer einfach
as. Huele mer emol d'Beispill: d'Offer vum Transport.

Et läit op der Hand, dass Zuch- oder Busstrecken, déi nët vill Leit unzéien, d'Fro opwerfe vun hirer Existenz. Déi Konsequenz as an
eenzelne Fäll berechtegt. Op där anerer Säit, kann een och feststellen, dass eng gréisser Offer, dem Prinzip vun der liberaler
Wirtschaft trei, eng gréisser Demande generéiert. Sin d'Leit sech sécher, dass se zu jidder Stonn d'Méiglechkeet hun, en Zuch oder e
Bus ze huelen, da gi se och encouragéiert een öffentlecht Transportmëttel ze benotzen .

Esou konnte mer feststellen, dass wéi d'Stad Lëtzebuerg d'Décisioun geholl huet, vill méi Bussen anzesetzen, d'Zuel

 

 

 

 

vun de Passagéier op eng spektakulär Aart a Weis an d'Luucht gaangen as. Wa mer bis definéiert hun, wat mir genau wëllen, wat
mer vum öffentlechen Transport wënschen oder souguer verlaangen, da gi vill Problemer méi klor, wéi d'Décisiounen iwwer de Bau
vun engem neien Atelier, den Ausbau oder d'Reduzéierung vum öffentleche Réseau, d'Erhale vum Stückgütertransport an esou
weider.

Mir stin effektiv virun engem entschedende Moment fir d'Eisebunn. Mir hun elo déi néideg Instrumenter, eng adaptéiert Legislatioun
an een effikasst Konzertatiounsorgan mat der Tripartite, déi nach besser soll genotzt gin.

Mir mussen, wéi am Ausland, eis beméien, no dem Vote vun dësem Projet, den öffentlechen Déngscht, d'Eisebunn nei ze definéieren.

Dat as keng einfach Aufgab, déi awer derwäert as enger zerguttster Léisung zougeféiert ze gin. Och als Châmber si mir do
gefuerdert. Diskussiounen iwwer déi ustehend Problemer solle mir a voller Sérénitéit mat alle konzernéierte Gremien esou séier wéi
méiglech féieren, fir eis Responsabilitéit als Législateur a voller Sachkenntnis och kënnen ze huelen a matzedroen.

Ech soen lech merci.

M. le Président.- Den Här André Hoffmann as den nächste Riedner.

M. André Hoffmann (NI) - Här President, dir Dammen an dir Hären. Et handelt sech bei dësem Gesetzprojet ëm provisoresch
Ännerungen en attendant dat, wat an Aussiicht steet, nämlech eng nei Legislatioun iwwer eis Eisebunn oder eng Reform vun eiser
Eisebunn an et as fir mech selbstverständlech, dass a Preparatioun vun där Reform eng grondsätzlech Diskussioun iwwer d'Zukunft
vun eiser Eisebunn an iwwer d'Zukunft vun eisem öffentlechen Transport stattfënnt.

Ech hat versicht mäi bescheidene Beitrag dozou ze liwweren a Form vun enger Interpellatioun virun enger gewësser Zäit iwwer
d'Zukunft vun der Eisebunn. Et as selbstverständlech, dass ech nët nach eng Kéier am Detail op all déi Froen, déi ech do opgeworf
hun an op all déi Virschléi, déi ech do gemaach hun, zréckkommen. Ech wëll mech relativ kuurz faassen, dobäi nët op all d'Detailer
vun dësem Gesetzprojet agoen, déi den Här Zanussi a séngem Rapport ausenanergeluegt huet.

Eppes as sécher, déi Ännerungen, déi haut hei zur Diskussioun stin, déi gin an engem anere Kontext diskutéiert, wéi déi éischt
Versioun vun denen Amendementer zum Eisebunnsstatut, wou 1982 déi éischt Versioun deposéiert gin as.

Een anere Kontext as et engersäits, well ëmmer méi akut a méi akut wéi virun 10 Jor, eng Emorientéierung vun eiser Verkéiers- an
Transportpolitik gët, eng Emorientéierung vun där een nach vill ze vill wéineg an der Praxis mierkt.

Anerersäits as de Kontext anescht wéinst der Entwécklung an der Europäescher Gemeinschaft, haut Europäesch Unioun, a virun
allem am Kontext vun där Direktiv, déi des öfteren elei schon zitéiert gin as vun 1991, déi Direktiv 91/440, déi effektiv an dësem
Gesetzprojet deelweis hiren Nidderschlag fënt. Déi Direktiv as héchst widderspréchlech a méng Aschätzung as vill manner positiv
wéi déi, déi den Här Jup Weber virdrun hei gemaach huet, well ech mengen, dass méi Geforen an der Direktiv sin, wéi positiv Usätz.
Op där enger Säit gët zwar deklaréiert am Text vun der Direktiv an och an de Kommentaren derzou, dass d'Entwécklung vum
Schinneverkéier a vun den Eisebunnen an der Europäescher Unioun soll favoriséiert gin.

Op där aner Säit awer, an do gesinn ech déi grouss Geforen dran, soll dat geschéien am Kader vun denen
Dereguléierungstendenzen, déi an Europa nach ëmmer dominéieren.

D'Eisebunnsgesellschaften, heescht dat, solle méi staark der Konkurrenz ënnerworf gin, solle méi staark no kommerzielle Kritäre
géréiert gin, an et gët och ganz däitlech am Text vun der Direktiv eng Tendenz a Richtung Privatiséierung, och wa se an de
Formulatiounen nach nët esou däitlech ausgedréckt as.

Wat as Konkurrenz haut an deem do Zesummenhank ?

Et as d'Konkurrenz tëschent dem öffentlechen Transport op där enger Säit an dem privaten Transport op där aner Säit. Et as
d'Konkurrenz tëschent der Schinn op där enger Säit an der Strooss op där aner Säit.

Dat as eng héchst ongläich Konkurrenz. Eng onlauter Konkurrenz. Dat wësse mir. Dat as schon oft hei gesot gin. Et as eng onfair
Konkurrenz, well d'Aarbechtsbedingungen, d'Léin an esou weider an denen zwee Secteuren, am öffentleche Secteur op där enger
Säit an am private Secteur op där aner Säit ganz ënnerschiddlech sin, well d'Sécherheetsnormen a virun allem hir Anhalung ganz
ënnerschiddlech sin, a well natiirlech och d'Käschten op där enger Säit vun anere gedroe gi wéi op där aner Säit. Bei den
Eisebunnsgesellschafte gin d'Käschte vun der Infrastruktur vun hinne selwer gedroen, während se bei dem privaten Transport an der
Regel vum Stat gedroe gin.

De President vun der franséischer Eisebunnsgesellschaft, der SNCF, seet zu där ongläicher Konkurrenz dat hei: « Un calcul
sommaire conduit à situer le différentiel dans les conditions de la concurrence entre le rail et la route dans une fourchette de 25 à
30% des prix du transport routier. En d'autres termes, le rétablissement progressif d'une concurrence égale majorerait dans cette
proportion les tarifs routiers. Il donnerait au chemin de fer un regain de compétitivité et lui permettrait d'asseoir ses développements
ultérieurs.

Ech wëll betounen, dass an deem « différentiel », wéi den SNCF-President dat hei nennt, an der Konkurrenz tëschent Strooss an
Eisebunn, emol nët mat agerechent as, dat wat een haut nennt extern Käschten, dat heescht also laangfristeg Wierkungen a Käschten,
déi sech duerch dat eent Transportmëttel respektiv dat anert Transportmëttel op Emwelt, op Landschaftsverloscht an esou weider
auswierken.

Leider liesen ech d'Direktiv vun der Europäescher Gemeinschaft anescht, wéi wann déi do Ugläichung vun der Konkurrenz
gewënscht wär. Wann et an der Direktiv heescht, d'Konkurrenz misst stimuléiert gin, da befäerten ech, dass nët eng Harmoniséierung
oder eng Nivelléierung no uewen, wéi den SNCF-President dat proposéiert, envisagéiert as, sondern éischter eng Nivelléierung no
ënnen.

Eng Nivelléierung no uewen, dat géif bedeite Verbesserung vun den Aarbechtsbedingungen am private Stroossentransport,
Verbesserung vun de Sécherheetsbestëmmungen, Anhalung virun allem vun de Sécherheetsbestëmmungen, eng aner
Käschteberechnung selbstverständlech vun denen

 

 

 

 

ënnerschiddlechen Transportmëttel a wéi gesot, duerch eng Harmoniséierung no uewen ongeféier vergläichbar
Konkurrenzbedingunge schafen.

Ech befäerten, dass déi Direktiv vun der Europäescher Gemeinschaft an eng aner Richtung geet, nämlech a Richtung vun enger
Ausnotzung vun der Konkurrenz fir eng Nivelléierung no ënnen, dat heescht, eng Upassung vun de Services publics, - dat bezitt sech
nët nëmmen op d'Eisebunn, - u privatwirtschaftlech Betriber an u Kritäre vu privatwirtschaftlecher Gestioun.

D'Direktiv gesäit vir - an dat spigelt sech jo schon, wann och eréischt an Usätz, an dësem Gesetzprojet erëm - d'lnfrastruktur op där
enger Säit an d'Exploitatioun op där aner Säit vunenaner ze trennen. Obligatoresch as dat duerch d'Direktiv um Plang vun der
Kontabilitéit. Fakultativ as et um Plang vun der Verwaltung respektiv vun den Institutiounen.

Ech gesinn doranner implizit eng Gefor. Et liicht selbstverständlech an, an et wär jo och fir d'finanziell Situatioun vun der Eisebunn
gënschteg, wann de Stat d'lnfrastruktur esou iwwerhëlt, wéi e jo och d'Stroosseninfrastruktur iwwerhëlt. Dogéint as also och näischt
ze soen.

D'Gefor läit awer doranner, dass dann déi Verlagerung benotzt gët, fir op deem, wat nach bleift fir d'Eisebunnsgesellschaft, dat
heescht, um Gebitt vun der Exploitatioun, dann.awer do d'Konkurrenz voll spillen ze loossen, also Konkurrenz am Sënn vun engem
Nivellement no ënnen an dene verschiddene Beräicher, déi ech opgezielt hun.

Déi diskret Ausso an der Direktiv iwwer d'Missioun, déi d'Eisebunne weider misste spillen als Service public, as mir esou eng
Randbemiirkung, dass ech kaum ka glewen, dass déi Randbemiirkung déi Gefor, déi sech do unzeechent, entschäärft. Zu Lëtzebuerg
gesäit ee jo och schon, wéi déi Tendenze sech konkret auswiirken. Zwar konnt duerch de Widderstand vun de Gewerkschaften
d'Verlagerung vum StéckguttTransport dës Kéier emol nach ofgewiert gin. Dat as och gutt esou, an dat beweist, wéi effektiv déi
Tendenze kënnen ofgewiert gin, wann déi betraffe Leit sech selwer wiren.

Mir däerfen eis awer op Grond vun deem punktuellen Erfolleg keng lllusioune maachen. Den Drock fir d'Privati séierung geet weider.
Dat as nët einfach eng Fro vum Statut, et as eng Fro vun de Kritären a vun de Prozedure vun der Gestioun.

Et as duerchaus méiglech, dass eng Gesellschaft, déi offiziell de Statut huet vun enger Société publique oder e Service public offiziell
géréiert, no privatwirtschaftleche Kritäre géréiert gët, an da steet de Service public nach jhust um Pabeier an heescht näischt méi. An
där Beispiller gët et och am Ausland.

Op där anerer Säit kann ech mer ëmgedréint duerchaus virstellen, dass eng gemëschte - Gesellschaft, wou also staatlecht a privat
Kapital sech verbannen, no anere Kritäre géréiert gët, wéi no reng privatwirtschaftleche Kritären.

Allerdéngs muss ee bei esou Aussoën héchst virsiichteg sin, well ënnert den aktuelle Bedingungen am aktuelle Kontext as et natiirlech
kloer, wann een dat do géif favoriséieren, da géif ee waarscheinlech eben nët eng Uwendung vun anere Kritäre favoriséieren,
sondern déi Tendenz no privatwirtschaftlecher Gestioun vun öffentlechen Déngschtleeschtungen éischter begënschtegen.

Eng bezeechnend Tendenz stelle mer och schon zu Lëtzebuerg fest: dat as déi zounemend Auslagerung vun Aktivitéiten a Form vu
Sous-Traitancen, an dat nët nëmme bei der Eisebunn, mä och bei anere Services publics, an nët nëmmen hei zu Lëtzebuerg, sondern
a ganz Europa.

Déi nei Méiglechkete vu Participatiounen un anere Gesellschaften, déi nei Méiglechketen, fir Aktivitéiten un Drëtter ofzegin, déi an
dësem Projet de loi festgehale sin, gin an déi Richtung.

D'Suppressioun vum zweten Abschnitt vum Artikel 11 oder den Artikel 4 maachen Ouverturen, déi duerchaus zu Privatiséierunge
kënne benotzt gin.

D'Beispiller am Ausland weisen, a wéi eng Richtung et ka goen, beispillsweis bei der SNCF. Déi huet scho méi laang e Statut, deen
eigentlech dem Sënn vun där europäescher Direktiv entsprécht. Do gët et dat do nët nëmmen a Form vun Tendenzen, sondern schon
a Form vun enger relativ wäitgediegener Praxis.

Selbstverständlech muss en öffentleche Service ëmsiichteg géréiert gin, och um finanzielle Plang. Allerdings iwwer d'Fro, wéi eng
ëmsiichteg finanziell Gestioun auszegesinn hätt, gët et ënnerschiddlech Usiichten.

Fir déi eng heescht dat finanziell Sanéierung. Finanziell Sanéierung heescht Rationaliséierung, Ofbau vu Lounkäschten a vun
Aarbechtsplazen, Ofschafung vu Strecke respektiv Servicer, déi haut ënner dene bestehende Bedingungen onrentabel sin. Och an
deem Sënn gët et leider fir mech an dësem Projet de loi, sou kuurz wéi en och ëmmer as, Ouvertüren, fir esou Ofbaumoossname méi
zügeg virzehuele wéi dat, wat bis elo méiglech war.

Finanziell Sanéierung heescht Konzentratioun op bestëmmte Servicer respektiv Clientën, déi kommerziell méi rentabel sin, wou
Geschäfter ze maache sin, a Vernoléissegung vum Rescht, also vun all deem, wou keng Geschäfter ze maache sin. Dat bréngt
allerdings gäre finanziell guer nët déi Erfolger, wéi dat gemengt as, wéi och d'Beispill erëm eng Kéier vun der SNCF weist. Déi hun
och probéiert sech op esou Créneauën ze konzentréieren, an herno hu se musse feststellen, dass dat iwwerhaapt nët derzou
bäigedroen huet, fir hir finanziell Situatioun ze verbesseren, sondern éischter nach derzou bäigedroen huet, fir hir Situatioun ze
verschlechteren .

Also ech gesinn d'Fro vun enger ëmsiichteger finanzieller Gestioun anescht. Fir mech muss en öffentleche Service wuel effikass sin,
awer no anere Kritäre verwalt gin, wéi reng Kritäre vu finanzieller privatwirtschaftlecher Rentabilitéit. Dofir léisst sech och eng
öffentlech Ennerstëtzung absolut rechtfertegen, souguer reng finanziell, wann een eng laangfristeg a global Käschterechnung
berücksichtegt. Ech sin allerdings och der Menung, dass d'Recettë musse klammen, an datt se doduerch kënne klamme bei der
Eisebunn, dass d'Zich sech erëm fëllen. Dofir muss een natiirlech eng Rei vu Viraussetzunge schafen.

An der Direktiv, déi jo de Geescht vun dësem Projet de loi bestëmmt, steet am Artikel 5, 1. Abschnitt, wat de Service public
betrëfft, missten déi Leeschtunge geliwwert gin . au moindre coût possible pour la qualité de services requis. Esou eng Formel stëmmt
mech héchst bedenklech. Wat as « Ia qualité de services requis » ? A wat as « le moindre coût » ?

 

 

 

 

« La qualité de services requis •, also déi klengste Qualitéit, an dann natiirlech och dee klengste Coût, sou kann een et
interpretéieren.

Wann ech dat ze formuléieren hätt, da géif dat anescht ausgesinn. Da géif dat heeschen: « La meilleure qualité au service de l'usager
et de la collectivité à un coût approprié. » Dat do sin nët Formelen...

M. Robert Goebbels, Ministre des Transports.- Wat heescht « à un coGt approprié . ?

M. André Hoffmann (Nl).- Dat heescht fir mech e Käschtepunkt, deen der Qualitéit entsprécht.

M. Robert Goebbels, Ministre des Transports.- Dat as dat selwecht !

M. André Hoffmann (Nl).- Neen, dat as nët dat selwecht ! Esou Formuléierungen ënnerschede sech. (Interruptions diverses) M. le
Président.- Den Här Hoffmann huet d'Wuert ! Jidferee ka sech nach aschreiwen, et as nach vill Plaz op der Lëscht !

M. André Hoffmann (Nl).- Ech mengen eben nët, dass d'Verschlechterung vun der finanzieller Gestioun vun den öffentlechen
Transportgesellschaften op eng Verschlechterung vun der Gestioun zréckzeféiere wär. Ech mengen nët, dass d'Gestioun haut bei den
Eisebunnsgesellschafte méi schlecht wär wéi viru 40 oder 50 Joer, wéi déi finanziell Situatioun nach ganz anescht ausgesinn huet.

Selbstverständlech hu Facteure sech verännert, wéi beispillsweis déi vun de Pensiounen. Ech sin allerdings der Menung, dass grad
déi Verschlechterung vun der finanzieller Situatioun zu engem ganz groussen Deel zréckzeféieren as op d'Vernoléissegung, op
d'Ofwäertung an den Ofbau vum öffentlechen Transport iwwer Joerzingten am Verhältnis zum privaten Transport, dat heescht also,
zum individuelle Persouneverkéier an zum private Wuerentransport op der Strooss. Ech sin also der Menung, dass d'Haaptfro nët déi
as vun enger finanzieller Sanéierung, sondern d'Haaptfro as déi vun enger Opwäertung vum öffentlechen Transport.
Selbstverständlech heescht dat eng Ausweitung vun der quantitativer Offer, méi Linnen an nët manner, méi héich Frequenzen. Dat
geet allerdings ménger Menung no nët duer, sondern wa wiirklech den öffentlechen Eisebunnstransport konkurrenzfäeg soll sin zum
individuellen Transport souwuel vu Persounen, wéi Camionstransport vun de Wueren, da muss een Avantagen ubidden, déi op
d'manst vergläichbar si mat dene vun den aneren Transportsecteuren.

Dofir wëll ech ganz kuurz nëmmen e puer Beispiller ugin. 1. Dat heescht zum Beispill, dass ee mam öffentlechen Transport nët
wesentlech méi Zäit däerf brauchen, fir de Wee zréckzeleën, deen een zréckzeleën huet. Ennert Wee verstin ech beispillsweis de
Wee vun der Wunnéng bis zur Aarbechtsplaz, natiirlech nët nëmmen déi Zäit am Zuch, well wann de Rescht derbäikënnt, an dat as
nach vill méi laang, dann as de Wee awer méi laang. Et däerf een nët vergiessen, dass déi Zäit, déi ee brauch fir op d'Aarbechtsplaz
ze kommen, jo am Fong geholl en Deel vun der Aarbechtszäit as, an d'Verlängerung vun den Aarbechtszäiten iwwer den Transport
as nët méi zoumuttbar.

2. D'Eisebunn däerf nët, wéi dat nach deelweis de Fall as, den Androck vun engem bëllege Massentransport vermëttelen. Ech
mengen, dass vill méi differenzéiert Servicer mussen ugebuede gin. Ech wëll nët nach eemol am Detail dorop zréckkommen, ech wëll
jhust e Beispill gin. Et misst ee sech Gedanke maachen - ech hun dat scho gesot bei ménger Interpellatioun - iwwer den
individualiséierten Zoubréngerservice op d'Garen. Ech sin der Menung, dass eng ganz Rei Leit den Zuch aus deem Grond nët huelen,
well d'Zäit vun hirem Transport grad doduerch verlängert gët, dass de Wee op d'Gare an de Wee vun der Gare ewech oft méi laang
as wéi den Transport am Zuch selwer. Ech ka mer och eng Rei vun anere Servicer virstellen an deem Zesummenhank, déi kënnte
wesentlech verbessert gi vis-à-vis vun de Leit, an och méi individualiséiert gin. 3. D'Garen däerfen dann och nët ausgesi wéi
Industriebroochen. Vläicht iwwerdreiwen ech do e bësschen, mä heiansdo muss een iwwerdreiwen, fir op e Problem opmiirksam ze
maachen. D'Garen däerfen och nët aus engem Schalter bestoen, sondern d'Garë missten erëm Zentre gin, oder Bestanddeel vun
attraktiven Zentren, wou d'Leit Servicer ugebuede kréien, ausser dem Schalter fir de Billjee. 4. D'Landesplanung misst et
fäerdegbréngen, dat gehéiert deelweis derzou, dat Ausernanerräisse vu Wunnéng, vun Aarbechtsplaz, vu Geschäftszentrum, vu
Verwaltungszentrum, vu Fräizäitaktivitéiten ze stoppen, respektiv erëm réckgängeg ze maachen, respektiv déi verschidde
Raimlechketen, wou sech déi ënnerschiddlech Aktivitéiten ofspillen, wa se nët zesummenzebrénge sin, dann op d'manst awer mat
engem attraktiven öffentleche Verkéierssystem matenaner ze verbannen. Här President. Ech mengen, a puncto Opwäertung vun der
Eisebunn wär nach vill ze maachen; an dat hätt och en duerchaus positiivt Resultat fir hir finanziell Situatioun. Ech miirke vun där
Opwäertung nach nët vill.

Ech gesinn an dësem Gesetzprojet héchstbedenklech Usätz, och wa se nëmmen implizit formuléiert gin. Dat as de Grond, firwat ech
mech bei der Ofstëmmung iwwer dëse Gesetzprojet enthalen. Ech soen Iech merci.

M. le Président.- Den nächsten a leschten ageschriwwene Riedner as den honorablen Här Geisbusch. M. Jean Geisbusch (GAP).-
Här Vize-President, dir Dammen an dir Hären. Fir dem Här Rapporteur Zanussi séng Achillesseen ze schounen, wäerd ech mech
dann och e bëssche méi kuurz faassen, wéi ech dat ursprünglech geduecht hat.

Ech kann lech also berouegen, ech wäerd mech och nët drugin, d'Zesummesetzung vun deem, wat am Rapport « cocktail juridique et
légal > genannt gët, erauszefannen. A séngem ganz interessante Rapport huet den Här Zanussi versicht, dee Cocktail verdaulech ze
maachen, sou dass zumindest d'Membere vun der Kommissioun kee Soud an Häerzflattere méi brauchen dovunner ze kréien.

Ech beschränke mech also an engem éischten Deel op déi wesentlech Punkte vun dësem Projet de loi.

D'europäesch Direktiv 440 vun 1991 wäerd dee bestehende legalen a wirtschaftleche Kader vum Schinnen

 

 

 

 

transport ganz fundamental sprengen; an d'exklusiivt Notzungsrecht vu quasi staatlechen Eisebunnsgesellschaften op nationale
Réseauë gehéiert da mat Sécherheet der Vergaangenheet un. Den Här Hoffmann huet dat entwéckelt, ech gin also nët méi an deen
Detail an.

Et wäerd also bei der Eisebunn an eng Richtung goen, wéi d'« tageblatt • zum Beispill schreift: « . . .die Weichen. . . in Richtung
wettbewerbsorientiertes Unternehmen gestellt werden. . Op dëst Konzept wäerd ech awer zum Schluss vu ménger Interventioun
dach nach eng Kéier mussen zréckkommen .

Dëse Projet de loi as als eng éischt Etapp geduecht an der Restrukturéierung vun der Eisebunn an hirer Relatioun mam Stat, a
limitéiert sech op e puer punktuell Modifikatioune vun de Statuten. Vill méi Diskussiounsstoff - an dat as schon hei gesot gin wäerten
déi zwou nächst Etappe bidden, wann et drëm geet, engersäits, d'Statute vun der Bunn global un d'europäescht Recht unzepassen, an
anersäits, d'Responsabilitéite vum Stat an der CFL an den Inhalt vum Begrëff « service public . an enger « loi ferroviaire » ze
definéieren.

Elo zu denen eenzelnen Dispositioune vun dësem Projet de loi. 1. De Protocole additionnel, deen den 2. Dezember 1993 vu
Frankräich, der Belsch a Lëtzebuerg ënnerschriwwe gouf, as sécherlech positiv, well en déi bis elo laangwireg legislativ Prozeduren a
Frankräich an an der Belsch bei der Emsetzung vum europäesche Recht an d'Statuten an an de Cahier des charges vun der CFL
duerch eng • procédure allégée • ersetzt. Et as hei gesot gin, wa Frankräich an d'Belsch sech innerhalb vun 30 Deg nët mellen, da
gëlt dat, wat beschloss gin as, als acquis.

2. Den Artikel 4 gesäit vir, dass d'CFL ka Bedelegungen huelen an aneren Transportbetriber oder Gesellschafte mat sougenannten «
activités connexes ». Dëst as engersäits eng Regulariséierung vun enger bestehender Situatioun, vü dass d'CFL schon an der
Vergaangenheet Bedelegungen a Betriber wéi Luxfreight, Combilux, Eurorail an anerer geholl hat.

Op där anerer Säit as dëst awer och eng Avant-première vun deem wat an der europäescher Direktiv 91/440 als Regroupements
internationaux d'entreprises ferroviaires bezeechent gët. Mir hun am Prinzip och näischt géint dës Modifikatioun anzewenden, mä den
Här Hoffmann huet schon drop higewisen, an ech delen déi Bedenken, dass déi Regruppementer, vü d'Situatioun vun der
Lëtzebuerger Eisebunn, wéi mer se momentan feststellen, riskéieren derzou ze féieren, dass grouss Eisebunnsgesellschaften aus dem
Ausland wäerten d'CFL widder d'Mauer drécken a mëttel- bis laangfristeg zum Handduchgeheie forcéieren.

Eng drëtt Remarque zum Artikel 5. Ech fannen et nëmmen normal, nodeems de Lëtzebuerger Stat iwwert Jorzéngte Milliarden an
d'Eisebunn gestach huet, fir hir Konten am Gläichgewiicht ze halen, dass bei enger eventueller Opléisung vun der Gesellschaft déi
gesamt netto Aktiva, also dat wat iwwert dat nach nët amortiséiert Kapital erausgeet, un dee selwechte Lëtzebuerger Stat zréckfalen.
Ech wollt awèr nach eng Kéier op den Artikel 4 zréckkommen, well mer do och ee Punkt relativ bedenklech schéngt, an dat as déi
nei Méiglechkeet, déi d'Eisebunn eben duerch dësen Artikel 4 kritt, fir och elo kënne Linnen zouzemaachen. Bis elo konnt se jhust
nei Linnen duerch Gesetz opmaachen, elo ka se och Linnen zoumaachen, an ouni Substitutioun duerch en CFL-Busdingscht, wéi dat
bis elo de Fall war.

Ech kënnt mer also duerchaus virstellen, dass an Zukunft z.B. d'Näerdener oder d'lechternacher Streck ganz einfach aus
Rentabilitéitsgrënn entweder privatiséiert oder d'Offer drastesch verschlechtert gët, wat am Widdersproch mat deem steet, wat mir
ënnert Service public verstin.

Eng véiert Remarque. An d'Schosslinn vun de Gewerkschaften as an dene leschte Méint d'Ännerung vum Artikel I l geroden, deen et
erlabe soll, Droits d'exploitation un Drëtter ofzestoussen. Mir erënneren ons alleguer un d'Absicht vun der Eisebunnsdirektioun fir de
Service-colis un d'Post respektiv well d'Post nët an der Lag as dat integral ze iwwerhuelen, un eng Privattransportfirma weiderzegin.
Dës Absicht as an onsen Aën en Avant-goût dovun, zu wat dës Modifikatioun an der Praxis féiere kann. All Kéier, wou
d'Rentabilitéit vun engem Service nët garantéiert as, gët zougemaacht, ofgestouss, rationaliséiert, op d'Käschten, nët nëmme vum
Personal, mä och vum Client. An och dëse Fall beweist, wéi schwireg d'Diskussioune wäerte gin ëm d'Féstschréiwung vun deem,
wat nach Service public as a wat nët méi.

De Pakdéngscht huet zwar vun der Eisebunnstripartite e Sursis kritt, mat der Oplag, den Defizit bis 1995 vun 160 op 80 Mio
erofzefueren. Kuckt een awer hannert d'Kulissen, da stellt ee fest, dass den CFL-Management kee ganz grousst Interessi drun huet,
fir dee Service bäizebehalen, an dofir och näischt ënnerhëlt fir e méi attraktiv ze maachen, an dat, obschon d'Personal am
Cargo-Center gutt Iddiën a Konzepter an der Hand huet. Et wir ze hoffen, dass... M. Henri Grethen (DP).- Wësst Dir wat et kascht
fir ee Pak ze transportéieren ?

M. Jean Geisbusch (GAP).- Här Grethen, dat as déi Diskussioun: wat as Service public a wat as kee Service public ? An ech
mengen dorëms dréit déi Fro sech. An ech si mer bewosst, dass verschidden Transporter nët bëlleg sin.

M. Henri .Grethen (DP).- D'Post, mécht déi da kee Service public ? Mir suppriméieren deen ee Service public a mir gin deem anere
Service public en. Dat diirft dach nët schwéier sin.

M. Jean Geisbusch (GAP).- Här Grethen, wann Der den Dossier am Detail géingt kennen, da wéisst Der, dass d'Post nëmme bis zu
enger gewësser Gréisst Päck kann transportéieren, well se nët équipéiert as, an d'Absicht, déi derhannert stécht as also déi, fir dat,
wat iwwert déi Gréisst erausgeet, un eng Privatfirma ze vergin, an et as dat wat mir kritiséieren. Mir sin nët onbedingt, wann
d'Konditioune stëmmen, géint Transferën innerhalb vu verschiddene Services publics. Mä da mussen awer d'Konditioune stëmmen,
an hei fäerte mer, dass et zu enger Privatiséierung kënnt. An dat as dat, wat mer och ëmmer grondsätzlech an dëser Fro kritiséieren.

Ech hun also gesot, dass mer der Menung sin, dass den CFL-Management kee grousst Interessen drun huet, fir de Service-colis
bäizebehalen, an dofir och näischt ënnerhëlt trotz gudden Iddië vum Personal.

Et wir an dësem Zesummenhang ze hoffen, dass d'Gewerkschaften dem Här Goebbels säin, a méngen Aën,

 

 

 

 

relativ plompe waltaktesche Manöver duerchkucken, deen dodra besteet, virum Juni d'Belegschaften ze berouegen an ze
besänftegen, fir no de Walen ëmsou besser zouschloën ze kënnen. M. Robert Goebbels, Ministre des Transports.- Wann dat do
esou wär, wéi Dir sot, dann hätt ech mech ganz aneschtes ugeluet, dann hätt ech nët drop gehalen an der Eisebunnstripartite, dass
mer justement zu engem Ofschloss komm sin. Well zu engem gewëssene Moment war d'Propositioun um Dësch fir de Problem bis
an den Dezember ze vertagen. Ech hu gesot, ech hätt gäre virun de Wale kloren Dësch. An dofir hu mer en Accord fond, deen awer
vun de Gewerkschafte matgedroë gët.

M. Jean Geisbusch (GAP).- Ech weess dat, Här Minister.

Här Vizepresident, loosst mech dem Här Minister jhust ee Saz drop äntweren. Et as klor, mir begréisse jo déi Décisioun vun der
Tripartite, déi selbstverständlech vun denen dräi Parteie gedroë gët. Mir hun awer ons Bedenken, wa mer gesinn, wat momentan
geschitt, dass also jhust e Sursis gestatt gin as. Här Minister, Dir sid dann och gefuerdert iwwert Äre Regirungskommissär, fir op de
Management anzewierken, dass Modellen entwéckelt gin fir dee Service méi attraktiv ze maachen. Dat as momentan bis elo nët de
Fall, a wann ee mat Leit vum Personal schwätzt, da kritt een dat ëmmer erëm bestätegt. An dorëms geet et.

Wann ee mat de Leit schwätzt, an ech hun dat gemaacht, déi soen engem déi Reduzéierung op d'Halschecht vum Defizit innerhalb
vun engem Jor wir an hiren Aë méiglech. Wann awer de Management nët matzitt an esou eng Richtung, dann hu mer Bedenken, dass
dat do soll erreecht gin. Dat as alles wat ech dozou ka soen, an dat as nët eng Veruurtelung vun enger Tripartite-Décisioun, déi mir
selbstverständlech begréissen.

Ech hu virdru vu Walcadeauë geschwat, a well mer also scho bei dene sin, wir ech och frou, wann den Här Transportminister mer
géing folgend Fro beäntweren: Bekanntlech huet d'Regirung am Ufank vum Jor refüséiert, der Eisebunn iwwert ë Budgetamendement
déi 1,2 Mia zoukommen ze loossen, déi se gebraucht hätt, fir hir Dette cumulée auszegläichen. Dëse Refus steet a Kontradiktioun
zum Artikel 9 vun der Europäescher Direktiv, an deen Artikel 9 seet: - ech wëll deen nach zitéieren, well deen as haut nach nët hei
zitéiert gin - « Les Etats membres mettent en place conjointement avec les entreprises ferroviaires publiques existantes des
mécanismes adéquats pour contribuer à réduire l'endettement de ces entreprises jusqu'à un niveau qui n'entrave pas une gestion
financière saine et pour réaliser l'assainissement de la situation financière de celle-ci. »

Méng Fro, Här Minister: Gedenkt d'Regirung nach virun de Walen iwwert eng Augmentation de capital den Assainissement financier
vun der CFL an d'Wee ze leden, a sech esou konform zum europäesche Recht ze maachen, jo oder neen ?

Dir Dammen an dir Hären. Mir wëssen alleguer, dat as schon e puermol hei gesot gin, dass d'CFL, wéi all europäesch
Eisebunnsgesellschaften, an enger schwireger Phase stécht. Wéi all déi aner EU-Eisebunnsgesellschaften as si ageklemmt tëschent
engersäits dem Konzept vu Service public an anerersäits deem vun der betriibswirtschaftlecher Rentabilitéit.

Vun der Regirung gedréckt, mat der Logik vum Liberalismus konfrontéiert, deen dem Marché d'Reguléierung vun de
Gläichgewiichter iwwerléisst, riskéiert och d'CFL progressiv den Terrain vum öffentlechen Dingscht ze verloossen.

Op där enger Säit eng Logik, déi équilibréiert Konten an zumindest eng partiell Egefinanzéierung verlaangt, op där anerer d'Logik
vum Service public, déi zwar nët gläichzesetzen as mat Defizit, mä där hiirt Haaptzil nët ka sin, fir Geld ze verdéngen. Mä d'Kritäre
vun der Effikassitéit sin nët déi selwecht op denen zwou Säiten: enger finanzieller Rentabilitéit steet op där anerer Säit eng sozial
géintiwwer, déi vill méi breet an hiren Inhalter as, an de gesellschaftleche Besoinë besser entsprécht, besonnesch an enger Zäit vu
Wirtschafts- an Ökokris, vu Chômage a Sozialofbau.

Kritt d'CFL awer eng strikt Gestion d'entreprise imposéiert, da muss dat op d'Käschte vum Service public goen. Aplaz d'Aktivitéiten
an d'Servicer auszebauen, fir op nei an existéiernd Besoinën ze äntwerten, muss d'CFL iwwerall aspueren, Personal ofbauen, an
engem Wuert, rationaliséieren, an esou hir Missioun als Service public op e Minh-num reduzéieren, an dësem Fall, op den defizitären
Transports voyageurs a wann een d'Entwécklung gesäit, waarscheinlech och nach nëmmen op en Deel dovun.

Esou eng restriktiv Definitioun vum Service public steet iwwregens a Kontradiktioun z.B. - ech hun dat zoufälleg gelies - mam
franséischen Droit, op dee mir jo och hei zu Lë,tzebuerg gréisstendeels zréckgräifen. Ech zitéiere ~hust ee Saz: « Relève du service
public tout service créé à l'initiative d'une collectivité publique pour satisfaire un besoin d'intérêt général». Natiirlech plädéieren ech
hei nët dofir, dass alles soll beim Ale bleiwen. Schliisslech huet op ekonomeschem, sozialem a kulturellem Plang sech Villes
verännert, an ech wëll dat nët méi hei am Detail entwéckelen, dat as scho vu méngem Virriedner gemaacht gin. Et muss, an dat as an
onsen Aën evident, innovéiert gin, d'Aufgabe vum Service public musse präziséiert gin a gläichzäiteg e Wee fond gin, fir d'Sakgaass
vun der finanzieller Rentabilitéit ze evitéieren, well dat as an onsen Aën näischt aneschtes wéi eng Sakgaass.

Dofir mussen d'Kritäre vun der Effizienz vun der Eisebunn schnellstens iwwerduecht gin. Sou wësse mer haut zimlech genau, wat
d'Pollutioun an d'Stroossenakzidenter d'Gesellschaft kaschten. Jhust ee Chiffer. Den Här Goebbels huet virdrun, mengen ech beim
Här Weber eng Tëschefro gestallt. Mir wëssen, dass hei zu Lëtzebuerg d'Autosakzidenter iwwert 8 Mia d'Jor kaschten, an ech hu
keng Statistik kritt iwwert d'Akzidenter vun der Bunn. Mä ech kennen awer d'Zuelen an Däitschland, déi och immens niddreg si par
rapport zu denen op der Strooss. Wann een dat och emol géing analyséieren, déi Iwwerleungen, da wir eng Eisebunn scho guernët
méi esou deier, wéi den Här Grethen dat virdrun ugeschwat huet a guernët méi esou defizitär par rapport zu denen aneren
Transportträger, wéi dat ëmmer gesot gët, a relativ eesäiteg gesot gët.

Leider fënt een d'Emwelt- an d'Gesondheetskäschten nët an de Bilanë vun den Entreprisen erëm. Wa mer se schon nët an den Débat
vun denen enge wëllen aschreiwen, da loosse mer déi Käschte vun der Pollutioun a vun de Stroossenakzidenter dach wéinstens
denen aneren als Kreditposten guttschreiwen, an an dësem Fall der Eisebunn.

Och wann de Stat nët alles kann, dat wësse mer, sou misst hien onser Menung no an der Finanzéierungsfro vum Service public déi
politesch Virreiderroll iwwerhuelen, laanscht déi hie sech bis elo nom Prinzip . ménager la chèvre et le chou » meeschtens gedréckt
huet. De 27. Oktober 1992 hun an Europa 26 Gewerkschaften aus 14 Länner manifestéiert géint d'Zerstéierung vum

 

 

 

 

öffentleche Schinnennetz a fir den Opbau an all Land vun engem Service public dee sénge spezifesche Bedürfnisser, sénger Realitéit a
sénger Kultur entsprécht. D'Zukunft vun der CFL, der SNCF, der DB, der SNCB an all denen aneren europäeschen
Eisebunnsgesellschaften, de Renouveau vun hirem Service public hänke vun dëser Prise de conscience collective vu Gewerkschaften,
Usagerën a Politiker of. D'Recht, transportéiert ze gin respektiv Saachen transportéiert ze kréien, muss weider e Biirgerrecht
bleiwen. An d'Behaaptung, d'Offer vun engem Service public wir total inkompatibel mat engem finanziellen Equiliber, soll als dat
ofgestempelt gin, wat se as: nämlech eng relativ bornéiert an anachronistesch Bilanzfälschung vu Betriibsekonomisten.
Vollekswirtschaftlech gesinn steet d'Eisebunn am Verglach mat alle motoriséierte Verkéiersmëttelen iwwert d'Strooss scho längst a
schwaarzen Zuelen an nët a rouden, wéi ëmmer gesot gët. Wat feelt, as d'Bereetschaft vun dene politesch Responsablen, fir déi
extern Käschten ze internationaliséieren, an esou endlech zu enger méi sozialgerechter an ëmweltverträglecher Evaluatioun vun allen
Transportträger ze kommen.

Zum Ofschloss nach jhust ee Wuert, wéi mer ons bei der Ofstëmmung wäerte verhalen. Wann ech dem Här Zanussi säin Interview
am « tageblatt» gelies hun, dann hätt ech doraus kënne schléissen, dass hie sech géing enthale bei dësem Gesetz, well e relativ staark
Bedenke mat deem Projet hat; well hien awer an der Majoritéit as, muss hien derfir stëmmen. Mir wäerten ons op jidde Fall bei
dësem Projet enthalen.

M. le Président.- D'Wuert huet d'Regirung, den Här Transportminister Robert Goebbels.

M. Robert Goebbels, Ministre des Transports.- Här President, dir Dammen an dir Hären. Ech wëll domat ufänke fir dem
Rapporteur Marc Zanussi merci ze soë fir säin exemplaresche schrëftlechen an och mëndleche Bericht. Am Géigesaz zu verschidden
aneren Intervenantën huet den Här Zanussi ni de Buedem vun de Realitéite verlooss, obschon ën de Moment relativ schlecht zu
Fouss as.

Den Här Zanussi huet mer duerch säi Rapport méng Aarbecht hei uewe méi einfach gemaach. Ech wëll nët Reditë maache vun deem
wat am Projet de loi selwer drasteet, d'autant plus wou ech hu misste feststellen, dass déi meescht Deputéierte sech manner mam
Projet de loi befaasst hun, wéi mat der allgemenger Eisebunns- a virun allem och Transportpolitik.

Wéi hei richteg gesot gin as, geet dee Projet de loi eigentlech zréck op dee regrettéierten Transportminister Josy Barthel, dee schon
eng Reform vun de Statute vun der Eisebunn virgeschloën hat.

Dass de Projet de loi nët virugaangen as, as awer nët d'Schold gewiescht vun der viregter Regirung, och nët d'Schold gewiescht vun
dëser Regirung, mä as doduerch komm, dass de Conseil d'Etat iwwer 10 Joër dee Projet vum Transportminister Barthel nët aviséiert
huet, well am Conseil d'Etat gemengt gin as, de Projet wir, aus wat fir enge Grënn och ëmmer, nët gutt. Eréischt wéi ech d'lnitiativ
geholl hu fir de Projet de loi ze amendéieren an e bëssen ze kierzen, huet de Conseil d'Etat sech bequeemt fir en Avis ofzegin ! An
ëréischt du war d'Châmber an der Lag, fir iwwerhaapt parlamentaresch ze schaffen. Ech mengen, wann ee kuckt wéini den Avis vum
Conseil d'Etat komm as, a wéi schnell dass dun d'Châmber kommissioun geschafft huet, och nach en Amendement gemaach huet,
wat eng exemplaresch parlamentaresch Aarbecht as, da gesäit een, dass ët weder d'Regirung nach Är Châmber war, déi ze
blaméiere sin, wann dee Projet de loi hei laang ënnerwee war. Mä an der Zwëschenzäit huet souwisou de Kontext vun der
europäescher Transportpolitik a virun allem och d'europäesch Eisebunnspolitik total changéiert, esou dass den ursprüngleche Projet,
deen de Minister Barthel abruecht hat, souwisou a ville Punkten iwwerholl war. Mir hu missten enger neier Evolutioun vun der
gemeinschaftlecher Politik op dësem Gebitt Rechnung droën, wat mat dem Projet de loi elo soll geschéien.

A l'encontre vun deem wat verschidde Riedner, a besonnesch déi lescht Riedner hei uewe gesot hun, as an der Union Européenne
nët eng eisebunnerfeindlech Grondstëmmung. Bien au contraire as an dene leschte Jore versicht gi fir d'Transportpolitik an Europa
am Sënn vun der Stäerkung vun den Eisebunnen ze beaflossen an am Sënn wn der Stäerkung vun den Transports combinés. Do gin
ët an der Zwëschenzäit genügend Beweiser dofir, dass ënnert dem Impuls w verschiddenen europäeschen Transportminister, zu
denen ech mech zielen, wichteg Décisioune geholl gi sin, fir d'Moderniséierung vum Eisebunnsstreckennetz, vum Netz vun den Trains
à grande vitesse an d'Netz vun de Kombistrecken an Europa virunzedreiwen. D'Situatioun war nämlech déi, dass d'Eisebunnen a
ganz Europa an dene leschte Joërzéngte sech zimlech an den Abseits manövréiert haten, zum Deel doduerch, dass se vum Pouvoir
public an denen eenzelne Länner nët méi genügend ënnerstëtzt gi sin, a well a ville Länner op den « tout auto » an op den « tout
camion . gesat gin as. Dat as eng historesch Wourécht.

Mä gläichzäiteg huet sech awer och bei villen Eisebunnen eng Mentalitéit breetgemaach vum « assisté permanent », dee souwisou nët
besser kënnt an deen nëmme jhust säi Boulot esou gemaach huet wéi ën ën ebe konnt maachen, ouni ze versichen, Maartundeler
zréckzeeruwweren.

Mat däer Direktiv, déi ënnert ménger Présidence am Conseil des Transports vun den Europäesche Gemeinschaften zustane komm
as, as e Renouveau amgaange fir d'ganz Eisebunnen an Europa, woubäi ee muss gesinn, dass selbstverständlech ët an der
Europäescher Gemeinschaft Regirunge gin, déi méi Liberalismus wëllen, an anerer, déi méi Interventionismus wëllen. Et as awer jidfer
Stat fräigestallt, fir op nationalem Plang séng Eisebunn esou ze reorganiséiere wéi hien dat fir richteg fënt.

Mä wesentlech an däer ganzer Diskussioun war, ze versichen, d'Eisebunne gläichzestelle mat allen aneren Transportträger. Wat war
de groussen Désavantage wn der Eisebunn iwwerall an Europa ? De groussen Désavantage war deen, dass d'Eisebunnen deen
eenzegen Transportträger sin, déi fir hir egen Infrastruktur-Investissementer opkommen, déi hiirt Schinnennetz hu misse selwer bauen,
hir Garen hu misse selwer bauen an dat Ganzt och nach hu missen ënnerhalen, ouni awer d'Rentréën ze kréien, well se nach iwwerall
hu misste Service public maachen, dat heescht méiglechst bëlleg fueren, besonnesch am Persouneverkéier, mä awer och am
Wuereverkéier. Zousätzlech koum dozou, dass bei bal allen europäeschen Eisebunnen, d'Eisebunner sech e Statut public erkämpft
hate mat allen Avantagen, mä och mat alle Rigiditéiten, déi nun eemol e Statut public huet.

 

 

 

 

Da koum nach dobäi, besonnesch an eisem Land, dass d'Eisebunnsgesellschaften nët nëmmen huet missten d'Paië bezuele vun hire
Salariéën, mä och nach d'Pensiounen ! D'CFL sin deen eenzege Betrib hei am Land, deen och nach, theoretesch wéinegstens,
d'Pensiounslaaschte vu séngen Agente muss erwirtschaften. Dat as selbstverständlech « ein Ding der Unmöglichkeit », Dir kënnt hei
am Land egal wat fir en Industriebetrib huelen, egal wat fir eng Bank, wann déi missten d'Pensiounslaaschte vun hiren Agenten droën,
da wir keng an de schwaarzen Zuelen.

Dofir war ët wesentlech fir an Europa eng legislativ Basis ze schafen, déi d'Eisebunn gläichstellt mat denen aneren Transportträger.
Dat heescht, dass ët an Zukunft eng Obligation publique gët, dass ët de Stat an all europäeschem Land as, deen d'lnfrastrùkturen ze
finanzéieren an ze ënnerhalen huet, esou wéi de Stat dat mécht mat de Stroossennetzer, mat de Flughäfen, mat den Häfen, de Kanäl
asw.

Et as och ganz normal, dass an Zukunft och d'Pensiounslaaschte vun esou engem Betrib sollen no den übleche Kritäre vum Land
gedroë gin, an nët méi als Betriibslaaschte bei der Eisebunn ugerechent gin, wéi ët och ganz normal as, dass an Zukunft an Europa déi
Missions de service public musse gerecht entschiedegt gin. Do fänkt natiirlech de Sträit driwwer un, wat as gerecht ? M. André
Hoffmann (NI).- A wat as e Service public ?

M. Robert Goebbels, Ministre des Transports.- Effektiv muss een sech déi Fro stellen, Här Hoffmann, wat as e Senice public ? Fir
mech as ët evident, dass fir d'éischt de Service public emol de Persounentransport as, Schülertransport an ähnlech Transporter méi.

Mä as ët e Service public, fir zum Beispill d'Leit per TGV duerch ganz Europa ze beförderen ? Muss esou e Service sech nët selwer
droën ?

As ët e Service public, fir zum Beispill Stückgut mat öffentleche Steiersuën ze subventionnéieren, oder muss een do nët versichen an
eng vernünfteg Relatioun ze kommen zum Coût vun däer Stückgutbeförderung an zu deem wat d'Leit, déi vun däer Offerte Gebrauch
maachen, och bereet sin ze bezuelen ?

Ech mengen, dat si spannend Diskussiounen iwwert déi een nët einfach jo oder nee ka soën, a wou ët a méngen Aën nët evident as,
dass een zum Beispill iwwert de Lëtzebuerger Staatshaushalt Versandhaiser aus Europa subventionnéiert wann déi iwwert de
Stückgut vun der Eisebunn hir Këschtercher un d'Leit schécken. A méngen Aën as dat keng Evidenz. Et muss een also driwwer
diskutéieren a kucken, wann een esou e Service ubitt, dass deen och ënnert hallefweegs ekonomesche Bedéngunge ka stattfannen.

Mir versichen also aus den Eisebunnen normal Gesellschaften ze maachen. Eng Konsequenz dovunner as awer déi, wann een higeet
a seet, an allen europäesche Länner muss elo de Stat fir d'Infrastrukture vun den Eisebunne suergen, d'lnvestissementer bezuelen, den
Entretien bezuelen, dann as ët awer och logesch, dass een da seet, dann däerf déi Infrastruktur awer nët engem Monopol
zoukommen. Da muss déi Infrastruktur awer och op sin, fir eventuell nei Gesellschaften, déi sech bilden, déi dann och déi
Infrastruktur do kënnen notzen.

Dat as an däer europäescher Direktiv, respektiv am Reglement mat dran, dass e « libre accès » besteet zu dene Réseauën, déi vun
der öffentlecher Hand kreéiert an ënnerhale gin. Selbstverständlech kann dat nët wëll geschéien. Eng Eisebunn as keng Autobunn,
wou e Camion kann en aneren iwwerhuelen. Bei enger Eisebunn muss schon no engem Fahrplan gefuer gin. Do gët ët
Sécherheetsbestëmmungen an däergläiche méi, esou dass d'Maîtrise vun deem Outil, dat do geschafe gët, wuel bei denen nationalen
Eisebunnsgesellschafte bleift, mä ët as awer an der Logik vun der Saach, dass den Accès fräi as.

M. André Hoffmann (NI).- Ech kann déi zwéngend Logik do nët verfollegen. Fir wat as dat esou ? Et gët aner Infrastrukture wou de
Stat bezillt a wou eng Monopolsituatioun besteet.

M. Robert Goebbels, Ministre des Transports.- Wat fir eng ?

M. André Hoffmann (NI).- Zum Beispill wann a Länner nëmmen eng öffentlech Schoul besteet. Däer gët ët jo bei eis, obscho mer
och nach Privatschoulen hun.

Beispill Spideler. As do nët och eng Monopolsituatioun ?

M. Robert Goebbels, Ministre des Transports.- Neen ! Also weder bei de Spideler nach bei de Schoule gët ët do
Monopolsituatiounen, mä hei gi mat öffentleche Suën Infrastrukture finanzéiert an esouguer an dene Länner wou ët e Monopol gët fir
d'öffentlech Schoul, esou besteet awer e « libre accès » vu jidderengem, deen an deem Land lieft, an déi öffentlech Schoul.

M. André Hoffmann (Nl).- Esouguer hei, well d'Privatschoule gi jo nët vum Stat gebaut.

M. le Président.- Kee Colloque, wann ech gelifft !

M. Robert Goebbels, Ministre des Transports. Selbstverständlech, Här President, mä ech mengen, ët as awer an der Logik vun der
Saach wann de Steierzueler irgendeng Infrastruktur finanzéiert, sief dat eng Schoul, sief dat eng Klinik, sief dat eng Autobunn, sief dat
eng Zuchstreck, sief dat en Hafen, sief dat e Flughafen, dass dann och muss « libre accès » si fir jiddereen, deen déi wëllt benotzen.
Dat muss ënnert Regele kënne geschéien. Do si Sécherheetsregelen, déi musse bëuecht gin, mä ech mengen, ët as awer logesch, dass
een eng öffentlech Infrastruktur och muss jidderengem zougänglech maachen. Mir liicht dat op jidde Fall an, och wann ët dem Här
Hoffmann vläicht nët aliicht.

An en Hafen, op e Flughafen däerf een och verschidde Gesellschaften eraloossen, also as ët logesch an der Theorie wéinegstens,
well an der Praxis wäerte mer nët vill nei Eisebunnsgesellschaften an Europa erliewen, och de • Iibre accès » op den öffentleche
Réseau ze garantéieren. Souwisou bleift d'Maîtrise vum Réseau iwwerall an der Hand vun däer Eisebunnsgesellschaft, déi vun dene
respektive State mat der Gestioun vum Réseau wäerd betraut gin.

Déi ganz Direktiv as, à l'encontre vun deem wat verschidde Leit hei gesot hun, eng Direktiv, déi an hirer Grondrichtung fir en Ausbau
as vum öffentlechen Transportugebuet, a besonnesch fir en Ausbau vun den Eisebunnsofferten op Gebitter wéi Wuerentransport an
och kombinéierten Transport. Et as e ganze Passage an der Direktiv, deen sech justement mat der Förderung a mam Accès vun den
Transports combinés op der Schinn beschäftegt. Ech si mat jidderengem d'accord, fir ze versichen e Maximum vu
Schwéiertransporter op d'Bunn ze bréngen. A l'encontre vun deem wat munch Leit mengen, sin ech an der Europäescher
Gemeinschaft am Transportministerrot an och bei der Conférence européenne des Ministres des Transports deen, dee mat grousser
Regelméissegkeet ëmmer ërëm

 

 

 

 

dorobber zréckkënnt an drop hiweist, dass mer d'Problematik vun Emwelt, vu Sécherheet op eise Stroossen, vu Liewensqualitéit vun
de Biirger, nëmme kënne gewäerleeschten, wa mer an Zukunft e Maximum vun Transporter op d'Schinn oder op d'Schëffaart
bréngen, wat méi ekologesch Transportweise si wéi den Auto a virun allem de Camion. Dofir hun ech am Transportministerrot och
esou entspriechend Initiative geholl. Ech liesen Iech vir, wat ech zum Beispill elo viru kuurzem zu Athen bei den Transportminister vun
der Europäescher Gemeinschaft gesot hun, wou mer justement diskutéiert hun iwwert d'Verhandlunge mat der Schwäiz a mat
Éisträich. « Dans ce contexte, le Ministre Robert Goebbels a proposé à ses collègues une réflexion sur la nécessité d'arriver à terme
à une réduction du tonnage autorisé pour les transports routiers. Même si les camions restent un mode de transport indispensable,
notamment pour les courtes distances et comme lien entre les autres moyens de transport, le développement explosif des transports
par route cause de plus en plus de problèmes de sécurité routière, entrave la qualité de la vie et entraîne des nuisances de toute sorte:
La situation s'est aggravée par le développement des fournitures just in time, ce qui conduit à transférer les problèmes de stockage de
l'industrie sur les infrastructures routières.

Goebbels a donné à considérer si la politique communautaire en faveur du développement du rail et notamment des transports
combinés ne devait pas être accompagnée par une inflexion du principe du libre choix du mode des transports. Pour les longues
distances les transports combinés rail-route devraient être progressivement imposés. Un moyen pour y parvenir serait la limitation du
tonnage autorisé par transport routier».

Dat sin déi Thesen, déi ech bei den europäeschen Transportministere vertrieden, mä wou ët awer nët esou evident as, fir dat vun haut
op muer an Europa ëmzesetzen.

Déi Décisioun, déi d'Schwäizer Vollek de leschte Sonndeg geholl huet as eng Décisioun, déi ee ka begréissen, mä déi waarscheinlech
ganz schwéier wäerd an d'Wierklechkeet ëmzesetze sin, obschon d'Schwäizer esou klug ware fir sech en Zäittermin vun 10 Joër ze
gin, fir dat doten ze maachen. Mä an 10 Joër sin déi Infrastrukturen, déi noutwendeg si fir de ganzen Transit, deen de Moment
iwwert d'Stroosse geet duerch d'Schwäiz, op d'Eisebunn ze kréien, nët fäerdeg. Bis den neie Basistunnel am Gothard fäerdeg as
vergin ongeféier nach 20 Joer.

Dat heescht, déi däerzäiteg Schinneninfrastrukturen an der Schwäiz packen dat do nët. Dat heescht am Kloërtext, dass wann
d'Schwäizer bei hirer Attitüd bleiwen, da muss e gudden Deel vum Verkéier laanscht d'Schwäiz ëmgeleet gin. Dat heescht am
Kloërtext, dass d'Éisträicher an d'Fransouse méi belaascht gin. Dat sin déi Problemer, déi hei ustin. An dat wat d'Schwäizer hei
gemaach hun, och wann ee ka Sympathien hu fir d'Situatioun vun deem Vollek - an ech sin ee vun denen Transportminister, deen de
Schwäizer beim Transitofkommen am meeschte gehollef huet, dat weess ënnert aneren och den Här Weber.

(Interruption)

Den Här Ogi huet mech offiziell dofir verschiddentlech scho gelueft a sech bedankt fir déi Ennerstëtzung, déi e kritt huet, esou wéi
och d'Éisträicher sech fir méng Ennerstëtzung bedankt hun. Mä ech weess awer gläichzäiteg, dass dat, wat d'Schwäizer gemaach
hun, weider näischt as wéi den üblechen NimbyEffekt, not in my back-yard, beim Noper, kee Problem. Hir Camionën, inklusiv d'44
t Camionën aus der Schwäiz, déi kurven weider duerch ganz Europa. Dat stéiert déi selwecht 52% vun de Schwäizer nët, sou dass
ee sech awer do muss Froe stellen.

Déi Diskussioun, déi mir hei am Land hun iwwer d'Enzgass, iwwer de Bereldénger Bierg an ähnlech geféierlech Situatiounen, och do
mierkt een, dass bei de Leit d'lllusioun besteet, et géing duergoen, wann een den auslänneschen Transit géif verbidden. Or, ech hun
an dëser Châmber bestëmmt schon eng dzemol gesot, dass 2/3 un alle Camionsmouvementer an der Europäescher Gemeinschaft an
engem Rayon vu 50 km stattfannen. Déi kritt Dir ni op d'Eisebunn. Dat as reng onméiglech. Dir kritt op d'Eisebunn, an dofir schaffen
ech, all déi Transporter déi iwwer 500 km gin, mä dat as am beschte Fall all 8. Camion.

(Interruption)

M. André Hoffmann (NI).- An den Tonnage ?

M. Robert Goebbels, Ministre des Transports.- Dofir plädéieren ech fir eng Reduktioun vum Tonnage, well wa mir eng Reduktioun
vum Tonnage kréien, zum Beispill op d'38 Tonnen, déi d'Éisträicher autoriséieren oder op d'28 Tonnen, déi Schwäizer bei hinnen
autoriséieren, während se hir Camionën autoriséiere mat 44 Tonnen am Rescht vun Europa ze fueren, dann huele mir op de laangen
Distanzen de wirtschaftlechen Uräiz. Dofir plädéieren ech derfir, well dat as nämlech den Usazpunkt.

Dir kritt nët all d'Transporter, do si mir eis waarscheinlech eens, wéinegstens den Här Hoffmann an ech, vun der Strooss ewech,
besonnesch déi op de kuurzen Distanzen.

Mir musse schaffen, dass mir déi Schwéiertransporter déi iwwer laang Distanze gin, op d'Eisebunn kréien. Dat as wéi gesot, an der
Moyenne all 8. Camion. Da behale mir der nach 7, Här Weber! Dat si vläicht manner Tonnagen an deem Moment, mä si sin awer op
der Strooss a si sin eng Nuisance.

Dofir komme mir och nët derlaanscht, eis ëm déi Camionën ze këmmeren, déi op kuurzen Distanzen an eisem Land dorëmmer
kurven. Dofir komme mir och nët derlaanscht, fir nach déi eng oder aner Strooss ze bauen, mä dat as eng aner Diskussioun.

Ech si mat jidderengem eens, dee seet, dass am Moment de Camion nët zevill belaascht gët. Do as och scho munches geschitt.

D'Lëtzebuerger Regirung huet an dene leschte Joren de Präis vum Diesel iwwerproportional ugehuewen, méi staark wéi de
Bensinspräis, well mir effektiv do de Camion getraff hun. Vum 1.1.1995 kënnt eng Straßenbenutzungsgebühr fir d'Camionën an de
Benelux-Staten, Däitschland an Dänemark, als Contrepoids zu de Péagen an denen anere Länner.

Och d'Aarbechtsbedingungen am Transportsecteur gin zënter dem leschte Jor vill méi staark kontrolléiert, notamment zënter dass den
Transportministère kann Douanierën asetzen. Déi Douanierën hun d'lescht Jor

 

 

 

 

Honnerte vu Kontrolle vu Camionë gemaach. Mir hun och eng ganz Rëtsch Verstéiss festgestallt, déi geaant gi sin.

Dir kënnt deemnächst den Tätegkeetsbericht vun der Douane liesen respektiv vum Transportministère, da gesitt Dir d'Zuelen, Dir
gesitt, wat do geschitt as. Et as nët, dass do nët reagéiert gin as.

Wann ee vun den ekologesche Problemer schwätzt, déi effektiv den Auto mat sech bréngt, da misst een awer och, Här Weber, de
Courage hun, fir nët nëmmen am Theoreteschen ze soen, et misst ee 40 Frang méi froe fir de Liter Bensin, oder wéi den Här Garcia,
dee souguer seet 120 Frang, da muss een och de Courage hun ze soen, dass een dat wëllt, an nët a 5 oder an 10 Jor.

Wann ee wëllt, dass d'Leit hir Konsumgewunnechten änneren, da muss een och de Courage hun, dass dat do nët iwwer den Index
ofgegolte gët. Wat hut Dir gehollef, wann Dir zwar de Bensinspräis méi deier maacht, an d'Leit kréien et iwwer den Index erëm, an
d'lndustrie muss et bezuelen a geet eventuell kappen derbäi ?

Ech hun dem Här Garcia séng Propose ausrechne gelooss. 120 Frang de Liter Bensin. Une voix.- Nët als Propose.

(Interruption)

M. Robert Goebbels, Ministre des Transports- Mä en huet et an de Raum gestallt. Dir Hären, reegt lech nët op. Esou wéi den Här
Weber sech nët zu sénge 70 Frang de Liter wëllt bekennen, bekennt den Här Garcia sech och nët zu séngen 120 Frang.

Et sin ëmmer däitsch Instituter déi dat soen, an et si gréng Lëtzebuerger Deputéiert, déi dat an de Raum stellen, mä déi sech nët
wëllen dozou bekennen. Ech hun ausrechne gelooss, wa mir dat vun deem däitschten Institut, wat wm Här Garcia zitéiert gin as,
géifen hei am Land ëmsetzen, a mir géingen de Bensinspräis op 120 Frang de Liter maachen, an den Dieselpräis entspriechend
adaptéieren, da géingen 3 1/2 Indextranche beienaner erfalen.

Da muss ee sech d'Fro stellen, soll een dat maachen ? Sollen d'Leit iwwer dee Wee déi sougenannt ekologesch Conscience kréien ?
Dat as eng Diskussioun, déi ech biede mat der noutwendeger Vernunft ze féieren.

M. Jup Weber (GLEI) - Dir musst et nët beienaner maachen.

M. Robert Goebbels, Ministre des Transports- Och wann een et au compte-gouttes mécht, den Effet as dee selwechten.

Ech kommen zréck zum eigentleche Projet, an ech wëll soen, dass dee Projet eis d'Méiglechkeet gët, fir d'Lëtzebuerger Eisebunn
esou ze reforméieren, dass doraus méi ee performanten Outil ka gemaach gi fir d'Entwécklung vum öffentlechen Transport, wéi dat
am Moment de Fall as. Ech hu vollt Vertrauen an de President Jeannot Schneider, an de Generaldirekter Robert Molitor an an d'Leit
vun der Direktioun vun der CFL, esou wéi ech vollt Vertrauen hun an x d'Belegschaft vun der CFL, dass mat där Reform hei eppes
Positives gemaach gët, well wann d'Regirung par impossible hätt wëllen higoen an d'Eisebunn zerstéieren, hätte mir lech guer näischt
brauchen ze proposéieren, mir hätten einfach de Geldkrunn zougedréint. An Zukunft si mir an der Obligatioun, fir fir d'lnfrastrukturen
ze suergen.

An Zukunft si mir an der Obligatioun, fir fir de Service public ze bezuelen.

Mir kënnen nët esou einfach de Geldkrunn zoudréinen, och wa mir dat gewollt hätten. Och all zukünfteg Regirung, och eng Regirung
déi nët esou eisebunnsfrëndlech as wéi dës, huet Schwiregketen an Zukunft, fir der Eisebunn de Krunn zouzedréinen.

D'Eisebunnstripartite, iwwer déi verschidde Leit sech lëschteg gemaach hun, huet awer bewisen, dass do de Wëllen as vu Regirung,
vun Direktioun a besonnesch och vum Personal, fir Efforen ze maachen, dass d'Eisebunn soll weider entwéckelt gin.

De Fait, dass Gewerkschaften a Personal d'accord waren, fir Iwwerstonnen ze maachen, fir zum Beispill déi Lokomotiven zu
këtzebuerg ze warten, amplaz dass dat an der Belsch soll geschéien, as a méngen Aen äusserst positiv, esou wéi et positiv as, dass
d'Eisebunner sech asetzen fir de Stückgut op der Eisebunn ze behalen, an dass si, à l'encontre vu verschidden Deputéiert awer
wëssen, dass dat nëmme ka geschéien, wann een och no Rentabilitéitskritäre kuckt, an d'accord muss sin, dass ënner Emstänn
Plazen ewech rationaliséiert gin, fir dass dat Ganzt sech och nach hallefweegs kann droen.

Déi 50% Reduktioun vum Defizit als éischten Objektif as eppes Positives, an d'Gewerkschaften hun an der Tripartite gesot, dass si
sech bewosst sin, dass mussen Aarbechtsplazen agespuert gin. Mir wëlle selbstverständlech nët Aarbechtsplazen aspueren, fir
Aarbechtsplazen anzespueren, fir ee Maximum vu Leit ewech ze rationaliséieren. Et muss een awer wëssen, dass op der Eisebunn
keen entlooss gët, jidderee säi Statut de fonction publique behält, an domat eng Ofsécherung huet, déi en am private Secteur nët
huet, an dass grad dowéinst och Efforen noutwendeg sin, fir an Zukunft bei der Eisebunn e bëssche méi wirtschaftlech ze denken.

Dës Regirung brauch sech wierklech kee Reproche maachen ze loossen, wat hir Eisebunnspolitik ubelaangt. Mir hun am Laf vun
dëser Leigslaturperiod derfir gesuergt, dass d'Lëtzebuerger Eisebunn un eis Nopeschréseauë besser ugebonne gin as, wéi dat de Fall
war: Ausbau vum TGV. Den Här Loes huet dovu geschwat an anerer och.

Mir kréien den TGV en gare de Luxembourg no denen Décisiounen, déi d'Fransousen iwwer de TGV-Est geholl hun. Mir kréie
Relatioune mat dem TGV-Nord iwwer Rivage-Gouvy, wou Är Châmber d'Gesetz gestëmmt huet, dat mathëlleft, fir d'Elektrifikatioun
dervun ze maachen.

Mir kréien eng Verbesserung vun der Linn LëtzebuergBréissel . Mir hun eng Extensioun kritt vum Metrolor NanzegMetz-Thionville
bis op Lëtzebuerg. Mir hun d'Gare Audun-le-Tiche nees opgemaach ënner Lëtzebuerger Regie, an déi Linn nees no Lëtzebuerg
opgemaach. Mir wäärten am Mee eng regelméisseg Linn Richtung Treier maachen. Mir sin a Gespréicher mat den däitschen
Autoritéiten, fir besser Verbindunge Richtung Koblenz a méiglecherweis driwwer eraus ze kréien.

 

 

 

 

All dat dokumentéiert eng aktiv Eisebunnspolitik wéi och de Fait, dass hei am Land d'Offerte op der Eisebunn an dene leschten dräi
Jor ëm iwwer 40% erhéicht gin as, während d'Offerte op den öffentleche Bussen ëm iwwer 50% erhéicht gin as.

(Interruption)

Ech schwätzen hei RGTR. Och de Fait, dass mir an der Tripartite décidéiert hun, dass d'Eisebunn an der Zukunft méi aktiv soll gin,
och wat d'öffentlech Bustransporter ubelaangt, an dass hire Busdéngscht soll méi effikass reorganiséiert gin. Dat alles weist dach,
dass mir d'Eisebunn nët wëllen ofbauen, mä dass mir aus der Eisebunn een aktiivt Element vun enger offensiver Politik vum
öffentlechen Transport maachen.

Dat gesot, bleift awer ee Käschteproblem. Alleguer déi Initiativen, déi mir geholl hun, an et sin der vill gewiescht, déi hun ee Coût, an
dee Coût kënnt och nët eran, Här Hoffmann, doduerch dass een den Zuch méi fëllt. D'Zich sin haut méi voli. Op eise Bussen hu mir
een Zouwuess u Passagéier vu ronn 50%.

(Interruption)

Et sin der vill méi, déi dra soutzen, mä et as awer nët, dass een doduerch ka rentabel schaffen, dass een iwwer dee Wee nëmmen
hallefweegs käschtendeckend ka schaffen. Dofir bleift och nach an Zukunft, wann een öffentlechen Transport wëllt maachen, de
Problem vun de Käschten, deen een nët däärf aus den A verléieren. Dat as mat dësem Gesetz nët beréiert, mä mat deem nächste
Gesetz musse mir méi an déi Detailer eragoen.

Ech soen lech merci.

M. le Président.- Här Minister, géift Der eis nach Är Menung soen zu denen dräi Motiounen, déi deponéiert gi sin.

M. Robert Goebbels, Ministre des Transports- Ech kann déi dräi Motiounen nët unhuelen, well se an engem negative Geescht
vis-à-vis vun der Regirung a vis-à-vis vun der Transportpolitik vun dëser Regirung gehale sin.

Et gin do Saache gefrot, déi u sech Banalitéite sin, besonnesch wann een d'Konklusioune kuckt, wéi zum Beispill dass ee sollt de
Statut du personnel op der Eisebunn beobachten. Dat huet d'Regirung schon zougeséchert.

Dat brauche mir nët nach extra eng Kéier eis vum Här Weber virrechnen ze loossen, esou wéi mir och amgaang sin déi Missions de
service public zesumme mat der CFL a mat der Belegschaft am Kader vun enger Tripartite ze definéieren. Déi Missioune mussen
herno vun Ärem Parlament nach begutacht gin. Och dat, wat hei gesot gët am Kader vun der europäescher Transportpolitik as am
Moment « wishful thinking ».

(Interruption)

Neen, Här Weber, ech hu gesot firwat ech plädéieren. Ech hu grad drop higewisen, dass dat wat Dir hei sot, dass déi Décisioun vum
Schwäizer Vollek eppes Formidables wär, wat richtungsweisend as, dass dat der Realitéit nët Stand hält, quitte dass ech vill
Versteesdemes hu fir d'Problemer vun de Schwäizer, dass ech et nët als een negative Signal gesinn.

Ech hun dat de Mueren och engem Journalist gesot. Esou einfach wéi Dir lech et hei maacht, esou einfach wëll ech mir et jiddenfalls
nët maachen.

M. le Président.- Här Geisbusch, hut Der eng Fro oder hätt Der gär parole après ministre ?

M. Jean Geisbusch (GAP)- Et as mir egal.

M. le Président.- Mir och. Dir kënnt selwer décidéieren.

M. Jean Geisbusch (GAP)- Merci, Här Vize-President. Ech wollt virdrun eng Fro stellen, ech kann och parole après ministre huelen.

Här Minister, ech hat lech gefrot, ob d'Regirung gedenkt virum Juni vun dësem Jor déi Augmentation de capital virzehuelen, fir den
Assainissement financier vun der Eisebunn ze garantéieren, jo oder neen ?

An der Kommissioun - da muss ech aus der Schoul e bëssche schwätzen - do huet de Regirungskommissär gesot, si kéim. Ech géing
gäre wëssen, wéini dass se kënnt, wa se soll kommen. Dat as politesch wichteg, dat as nët gespillt. Dat as eng Fro, déi nët nëmmen
ons interesséiert.

M. Robert Goebbels, Ministre des Transports- Gitt mir eng Chance, dann äntweren ech lech.

Här President, wann Dir erlaabt. Ech kann hei weder mat jo nach mat neen äntweren, well den Dossier wéi ëmmer e bëssche méi
komplizéiert as Ech hun een Avant-projet de loi fäerdeg. Deen Avantprojet de loi as am Moment bei der Eisebunn a bei den
Eisebunnsgewerkschaften a soll am Mäerz an enger Tripartite Eisebunn-Gewerkschafte-Stat diskutéiert gin.

Wa mir eis am Mäerz direkt eens gin iwwer den Text vun dem Avant-projet de loi, da kann ech deen Text bis Enn Mäerz finaliséiert
an op den Instanzewee gin hun. Da weess ech awer weder, wéi d'Avië vun de Chambres professionnelles erakommen, nach wéi de
Conseil d'Etat reagéiert. Ech weess och nët, wéi Är Châmber reagéiert.

Wann ech da weess, dass déi lescht Châmberssëtzung Mëtt Mee soll sin, da froen ech mech, ob dës Châmber et iwwerhaapt
materiell nach packt fir dee Projet de loi, à supposer dass ech en Enn Mäerz deponéiere kann, ze bewerkstellegen.

Dofir kann ech lech weder mat jo nach mat neen äntweren. Ech kann lech jhust soen, mir schaffen dorun. D'Texter sin den
Eisebunnsgewerkschaften, der Eisebunnsdi rektioun a selbstverständlech och der Regirung bekannt.

Mir versichen een Accord erbäizekréien, mä eng Finanzsprëtz as souwéisou nët virgesinn. Mir wëllen d'Eisebunn rekapitaliséieren
doduerch, dass mir een Deel vun den Immobilien, déi dem Stat eigentlech gehéieren, wëllen als Apport en nature bei der Eisebunn
erabréngen, an iwwer dee Wee d'Kapitalstruktur vun der Eisebunn verbesseren.

Do gët et ee prinzipiellen Accord tëschent mir an dem Finanzminister, wéi dat soll geschéien. Mir mussen dat nach vun de Kollegen
an der Regirung avaliséiere loossen, an iwwer dee Wee mengen ech, kréie mir eng besser Bilanzstruktur vun der zukünfteger
Eisebunn.

M. le Président.- Ech géif lech proposéieren, dass mer souwuel d'Lecture an de Vote vun den Artikelen, wéi och de Vote vun de
Motioune virhuelen.

Den Text vum Projet de loi steet op der Säit 3 vum Document parlementaire 25822.

 

 

 

 

lecture du texte du projet de loi (par M. Jean Asselborn) Les articles A, B et C sont lus et admis.

Mir kommen elo zum Vote électronique iwwer den Ensembel vun dësem Projet. Vote sur l 'ensemble du projet de loi et dispense du
second vote constitutionnel Ceux qui sont en faveur du projet de loi 2582 voteront oui, les autres non ou abstention.

Le projet de loi est adopté par 4S voix avec 4 abstentions. Ont voté oui: MM. Léon Bollendorff, René Putzeys (par M. Léon
Bollendorff), Marcel Glesener, Ady Jung (par M. Marcel Glesener), Edouard Juncker, François Colling (par M. Edouard Juncker),
Norbert Konter, Pierre Frieden (par M. Norbert Konter), Mme Marcelle Lentz-Cornette, MM. Nico Loes, Michel Wolter (par M.
Nico Loes), Mme Nelly Stein, MM. Willy Bourg (par Mme Nelly Stein), Nicolas Strotz, Fernand Kons (par M. Nicolas Strotz),
Alphonse Theis, Georges Margue (par M. Alphonse Theis), Lucien Weiler et Ernest Petry (par M. Lucien Weiler); MM. Hary
Ackermann, Robert Angel, Jean Asselborn, André Biver, Mme Lydia Mutsch (par M André Biver), MM. Jos Brebsom, Lucien Lux
(par M. Jos Brebsom), Mars di Bartolomeo, René Hengel (par M. Mars di Bartolomeo) Mme Lydie Err, MM. Mathias Greisch,
René Kollwelter, Jeannot Krecké, Mme Françoise Kuffer, MM. Jean Regenwetter, Camille Weiler, Jos Scheuer (par M. Camille
Weiler) et Marc Zanussi; Mme Anne Brasseur, MM. Charles Goerens (par Mme Anne Brasseur), Henri Grethen, Carlo Meintz (par
M. Henri Grethen), John Schummer, Jean-Paul Rippinger (par M. John Schummer) Théo Stendebach et Josy Simon (par M. Théo
Stendebach). Se sont abstenus: MM. Jean Geisbusch, Nick Clesen, Jup Weber et André Hoffmann. Wëllt ee séng Abstentioun
motivéieren ? Dat schéngt nët de Fall ze sin. Gët d'Châmber d'Dispens vum zwete Vote ? (Assentiment) Dat as dann esou décidéiert.
Mir sin nach saiséiert mat dräi Motiounen, déi den honorablen Här Jup Weber deponéiert huet. Wëllt Der d'Wuert nach eng Kéier
dozou hun, Här Weber? Dir kënnt vläicht déi dräi Motioune beieneen diskutéieren. M. Jup Weber (GLEI).- Jo. Merci, Här
President, fir d'Wuert.

Eigentlech wollt ech nët méi derzou schwätzen, well ech gemengt hun, den Här Goebbels géing elo vu Freed an d'Luucht sprangen,
besonnesch bei där éischter Motioun, well hien déi kënnt unhuelen. Den Här Goebbels huet gesot, déi Motioune wiren alleguer an
engem negativen, kritesche Geescht vis-à-vis vun der Regirung geschriwwen. An dat wëll ech awer ganz entschiden hei zréckweisen.
Ech wëll mech och op déi éischt Motioun beschränken. Et as déi, déi sech am Fong geholl driwwer erfreet weist, dass dee Vote an
der Schwäiz geholl gin as. Mir soen, dass dat encourageant wir fir d'Diskussiounen innerhalb vun der EU a vum europäesche
Wirtschaftsraum. Mir soen och, dass den Transport iwwer d'Schinn misst d'Preferenz kréien iwwer den Transport par route. Wann
ech dann héieren, wat den Här Goebbels hei vu sech selwer verzielt, wéi hie gesot huet, wat hien alles zu Athen vollbruecht huet, dat
as genau déi selwecht Argumentatioun. Hie seet, mir mussen déi laang Strecken op d'Schinn kréien, an déi kuurz Strecke musse mer
weider kënne mat Camionë fueren. Wat seet eis Motioun ? Mir invitéieren de Gouvernement « à plaider au niveau européen en
faveur d'une politique dé transport respectueuse de l'environnement où le transport international des marchandises sera effectué
obligatoirement par rail. >

M. Robert Goebbels, Ministre des Transports.- Wou steet dann do, dass et nëmmen déi laang Strecke sin ? « Transport
international», dat kann och ee sin, dee vu Stengefort op Arel fiirt !

M. Jup Weber (GLEI).- Mir kënnen elo eng Diskussioun ufänken, wou d'Laangstrecken ufänken a wou d'Kuurzstrecken ophalen,
mä ech fannen, dat as nët sënnvoll.

Dir sot, vun 8 Camionë sin der 7 op manner wéi 50 Kilometer ënnerwee. Op wat kënnt et un ? Et kënnt drop un, wann een den
Tonnage mat der Distanz multiplizéiert, dass een dann e Maximum op d'Schinn kritt, an dass een eben d'Laangstrecken op d'Schinn
kritt, an nët méi a nët manner steet hei an där Motioun ! M. Robert Goebbels, Ministre des Transports.- Vu Laangstrecke steet kee
Wuert dran !

M. Jup Weber (GLEI).- Ech gesinn nët an, firwat dass Dir dat hei nët kënnt unhuelen. Et as genau dat selwecht, wat Dir zu Athen
och plaidéiert hut.

M. Robert Goebbels, Mimstre des Transports.- Wou steet dann hei e Wuert vun de Laangstrecken ? Et steet näischt dovunner dran
! Dir sot « transport international •. Bis op Sterpenich, dat as en « transport international » !

M. Jup Weber (GLEI).- Här Minister, ech hu kee Problem, dass mer dat Wuert « transport international, duerch «
Laangstreckentransporter, ersetzen, wann dat lech befriddegt. Ech hu kee Problem, fir hei en Amendement zu dëser Motioun ze
maachen, wann Dir se da kënnt unhuelen. Dat soll eis och recht sin.

M. le Président.- Ech géif der Châmber proposéieren, iwwer d'Motioun 1 of zestëmmen, sou wéi den Här Weber se deponéiert
huet. M. Jup Weber (GLEI).- Neen, iwwer déi ofgeännert Motioun !

M. Ie Président.- Ech hu bis elo keng Proposition de texte krut. Ech gin also dervun aus, dass dee fréieren Text nach besteet. M. Jup
Weber (GLEI).- Ech ersetzen « transport international • duerch « transport à longue distance ».

M. le Président.- Den Här Weber huet d'Recht, fir hei séng ege Motioun ëmzeänneren. M. Robert Goebbels, Ministre des
Transports- Et sin nach aner Saachen, déi dra stin.


For more information just send us an e-mail.

Pour des informations supplémentaires, veuillez nous envoyer simplement un e-mail.

Für mehr Informationen, senden Sie uns einfach eine E-mail.


 
Copyright / Created by / Créé par: jmo

Last update / Dernière mise-à-jour: 20 novembre 1999