Diesel Locomotives
Locomotives Diesel
Diesel-Loks
CFL cargo Série DE18 300
Vossloh DE 18


Déi deelweis nei ugestrachen 1108 fiert am Schlepp vun der 305 an den Atelier Péiteng fir do fäerdeg hellgro ugestrach ze ginn an déi nei Dekoratiounen ze kréien. Verschidden Deeler goufen am Viraus schonn ugestrach, wat d'Absence vum Kamäin an den Radiateurs-Ventellen erkläert. Ze gesinn ass den Zuch virum Depart zu Beetebuerg an an der Afaart vu Péiteng (Fotoen: 30.12.2022 Tom Lambert)


An der Owendsonn brengt d'311 en 23-deelegen irregulären Containerzuch aus China mat tschecheschen Metrans Sggnss'80 vun Ehrang op Betebuerg. (Foto 06.06.2022 Tom Lambert)


D'310 ass zanter e Freiden mam neie CFL cargo Logo ënnerwee. Seng éischt Schicht dëse Méinden Mueren war en Ehranger Schrottzuch (Beetebuerg - Belval - Ehrang) hei um Retour (gelueden) vun Ehrang op de Belval an HLP vum Belval op Beetebuerg, zu Beetebuerg ze gesinn. (Fotos 11.04.2022 Tom Lambert)


Éischter rare ass dësen Echange vun Mak 850 BB (méi bekannt ënnert der Serie 300) tëscht dem Belval an Rodange. Hei bréngt d' 305 déi revidéiert 317 op Rodange duerch Péiteng an hëlt déi futtissen 304 zréck op den Belval an den AMF vun CFL Technics. (Fotos: 26.03.2022 Tom Lambert)


Fir läscht Moossungen duerchzefeieren, sinn d'TRAXX MS3 188 005 an 188 006 um Krop vun der DE 18 302 an der Owendsonn mat enger Verspéidung vun 8 Stonnen zu Betebuerg ukomm. (Foto 11.09.2021 Tom Lambert)


Wéinst Aarbechten un der Autobunnsbréck vun der A13 zu Schëffleng, goufen sämtlech Belvaler Navetten iwwer Téiteng ëmgeleet. D'DE 18 305 bréngt en geluedenen Flachwonszuch vun Téiteng duerch Näertzeng op Beetebuerg (Foto 01.09.2021 Tom Lambert)


Retour de l'autorail De Dietrich CFL Z105 avec la locomotive CFL cargo DE18 307, à Pétange (Photos: 29.10.2019 Raoul Pettinger)


CFL cargo DE18 309 mam Sandzuch fir op Beetebuerg passéiert Hollerech (Photo: 5.10.2019 Tom Lambert)


Den Drotzuch mat der CFL cargo DE18 304 zu Ettelbréck (Photos: 23.4.2019 Hans de Rond)


D'DE18 308 passéiert d'Gare vun Naertzeng géint 15:45h mat engem Flaachwonzuch fir op Belval  (Photo: 25.4.2018 Tom Lambert)


D'DE18 308 passéiert géint 10:02h d'Gare vun Naertzeng mat engem Flaachwonzuch fir op Belval (Photo: 25.4.2018 Tom Lambert)


D'DE18 308 rangéiert géint 11h um Belval Flaachween an geet an dei aner Ofstellgleisen séng nei Gidderween sichen (Photos: 25.4.2018 Tom Lambert)


Déi nei CFL Cargo 308 an der Prënzegare (Gleis 207) um Zuch 36012 Belval-Usines - Bétebuerg (Photos: 24.04.2018 Michel Brachmond)


Déi nei CFL Cargo 308 mam Zuch 36011 Bétebuerg - Belval-Usines Op der drëtter Photo ass de provisoreschen Revisounsdatum an dei provisoresch UIC Cartouche ze gesinn (Photos: 20.04.2018 Michel Brachmond)


Déi nei CFL Cargo 311 zu Péiteng (Photos: 19.4.2018 jmo)


D''305 op Testfahrt zu Eiter (Photo: 11.4.2018 Tom Lambert)


D'309 op Testfahrt zu Waasserbëlleg (Photo: 11.4.2018 Tom Lambert)

 


D'CFL Cargo 310 steet virun der 1818 ënnert der Bréck tëscht der Gare an dem Dépôt Lëtzebuerg (Photos: 6.4.2018 Tom Lambert)


Déi nei CFL Cargo 305 an 301 op Testfahrt zu Nidderkuer (Photos: 1.2.2018 jmo)


Déi nei CFL Cargo 301 an 305 zu Péiteng (Photos: 26.1.2018 jmo)


Déi 6 éischt DE18 fir d'CFL Cargo ginn mat der CFL 4010 op Beetebuerg iwwerfouert, hei zu Bierchem an der Gare (kuerz virun 10 Auer) (Photos: 2.12.2017 Charly Huberty)



Hei sin éischt Fotoën vun der CFL CARGO DE18:


CFL CARGO DE18 in Altenholz-Klausdorf bei Kiel. Dort beginnt die Teststrecke von Vossloh. Auf ihr werden unter anderem Bremsfahrten unternommen (Photos: 22.05.2017 ab 08:50 Berthold Hertzfeldt)



Die DE 18 (grüne = Vossloh Lok) kam bei weiteren Fahrten mit der DE18 CFL- cargo auf dem Folgestück der Teststrecke (ETCS und Lastfahrten) zum Einsatz .(Photos: 22.05.2017 ab 08:50 Berthold Hertzfeldt)

Goggle Maps: https://www.google.de/maps/@54.3883652,10.1025747,14.5z

 


CFL Cargo sucht für das Jahr 2017 nach einem Ersatz für seine geleasten dieselhydraulischen  Loks der Reihe 1580 (Vossloh G1206)  u.a. weil  diese nicht über ETCS verfügen. Im Juni 2015 werden daher diesel-elektrische Loks der Reihe Vossloh  G 18 sowohl auf dem Werknetz von Arcelor-Mittal wie auf CFL-Gleisen getestet. Am frühen Morgen des 16. Juni 2015 schaffte die Testlok u.a. einen Zug mit Differdinger Halbzeug für die Belvaler Walzstraßen heran. Einige technische Daten der G 18: Achsfolge: Bo‘Bo‘. Maximale Leistung 1800 kW. Vmax: 100 (optional 120) km/h. Motor: MTU 12V 4000 R43 (optional Caterpillar). Anfahrzukraft: 259-291 kN. Masse: 80-90 t. Länge 17 m. Minimaler Bogenradius: 55 m. (Photos: 16.06.2015 Francis Wagner)


Testlok Vossloh  G 18 mit den CFL cargo Loks 312 und 314 im Arcelor-Mittal - Werk Esch-Belval (Photos: 16.06.2015 Francis Wagner)


Testlok Vossloh  G 18 auf der Eisenbahnausstellung in Bettemburg 13-14-6.2015 (Photos: 13.06.2015 Guy Pettinger)

 

Bibliographie

Liens / Links
RAIL.LU - News
Rolling Stock of Foreign Companies in Luxembourg / Matériel ferroviaire de réseaux étrangers au Luxembourg / Eisenbahnfahrzeuge ausländischer Gesellschaften in Luxemburg
 

Any information or picture completing these pages is welcome! For more information just send us an e-mail.

Toute information ou photo pouvant compléter ces pages est la bienvenue! Pour des informations supplémentaires, veuillez nous envoyer simplement un e-mail.

Jede Information oder jedes Foto, welche(s) diese Seiten vervollständigen, ist herzlich willkommen! Für mehr Informationen, senden Sie uns einfach ein e-mail.

 
Created by / Créé par / Copyright: jmo