Benzol Locomotive
Locomotive benzol
Benzol-Lok
Deutz MLH232 F


De Samschdeg, 6. Mee gouf zu Hussigny („Héiseng“) – keng 300 Meter vun der Lëtzebuerger Grenz bei Déifferdeng ewech – eng frësch restauréiert Deutz - Benzollokomotiv am Kader vun enger sympathescher Feier nees ageweit,. Dës Maschinn war 1926 vun Deutz gebaut ginn. Si stoung an der Minn „Godbrange-Hussigny-Tiercelet“ (GHT, 1978 zougemaach) am Asaz, a war, wéi se net méi gebraucht gouf, einfach an der schwaarzer Couche stoe gelooss ginn. Do gouf si an den 1980er Joer vun deenen 2 Minettsdäpp Luciano Pagliarini a Silvio Alleva erëmfonnt. 1996 huet de Veräin „Archéologie et Histoire Industrielle“ (AHI) eng Konventioun mat der Gemeng Hussigny geschloss, déi et hinnen erlaabt huet, dës Maschinn aus der Minn ze bréngen, ze restauréieren an zu Héiseng als Monument opzestellen. Si gouf du viru 4 Joer vun do zeréck an d’Minn bruecht an nees betribsfäeg opgeschafft. Dës Lokomotiv ass technesch ganz interessant, well si mat engem Typ vu Benzolmotor (also een Otto-Motor) equipéiert war, dee vun Deutz zum Dieselmotor weider entwéckelt gi war. Technesch Daten: Deutz 9583/1926, Eenzylinder-Dieselmotor, Hubraum: 9 l, Leeschtung: 14,7 kW (20 PS), Mass: 8 t, Vmax: 8 km/h (Photos: 6.5.2023 Francis Wagner)


Monument: Locomotive de mine à benzol "Deutz" Type MLH232 F (1929; No 9583; 730 mm) de l'Exploitation en Commun des Mines à Hussigny - Godbrange / France; rue de l'Hôpital (près de l'église / in der Nähe der Kirche) (Photo: 28.1.2001 jmo)


Détail de la locomotive de mine à benzol "Deutz" No 9583 (Photo: 28.1.2001 jmo)


Locomotive de mine à benzol "Deutz" No 9583 (Photo: 28.1.2001 jmo)


Détail de la locomotive de mine à benzol "Deutz" No 9583 (Photo: 28.1.2001 jmo)


Locomotive de mine à benzol "Deutz" No 9583 (Photo: 28.1.2001 jmo)


Wagonnet (730 mm) à Hussigny / France; rue de l'Hôpital (Photo: 28.1.2001 jmo)


Wagonnet (730 mm) à Hussigny / France; rue de l'Hôpital (Photo: 28.1.2001 jmo)


Wagonnet (730 mm) à Hussigny / France; rue de l'Hôpital (Photo: 28.1.2001 jmo)

 

Liens / Links
Deutz
 

Any information or picture completing these pages is welcome! For more information just send us an e-mail.

Toute information ou photo pouvant compléter ces pages est la bienvenue! Pour des informations supplémentaires, veuillez nous envoyer simplement un e-mail.

Jede Information oder jedes Foto, welche(s) diese Seiten vervollständigen, ist herzlich willkommen! Für mehr Informationen, senden Sie uns einfach ein e-mail.

 
Created by / Créé par / Copyright: jmo