De Jangli fiert den Houwald erop
(Text a Musék : Colette a Fernand Wark)

De Jhangli fiert den Houwald erop
O wär hie gutt douewen op der Hesperkopp.
D' Maschinn wackelt iwert d' Schinnen dohin.
Vun elauter Damp kënnt dir nët méi ganz vill gesin.

A-ha ! A-ha !

De Scheierbierg erof do geet ët méi schnell.
Do héiert een d' Gebimmel nëmme vun der Schell.
Zu Réimech op der Gare hält en een Abléck.
Do gët en ëmgedréit a flott geet et nees z'réck.

A-ha ! A-ha !

Säi Frënd de Charly as ee Geck.
E fiert duurch d' Avenue erof iwert d' nei Bréck.
Laanscht d' Charlysgare an de Rollengergronn.
Do brauch en ongeféier annerhallef Stonn.

Zu Iechternach do kënnt en un.
D' Sprangprozëssioun déi wor ower e Mount virdrun.
Mee d' Voyageuren Déi sin apaart.
Da gët eeben op déi vum nächste Jor gewaart.

A-ha ! A-ha ! A-ha !

Am Kongo freet sech haut all Af.
Well mir hun onsen Zichelchen dohin verkaf.
All Neger as geschwënn gutt drun.
Wann si emol de Jhängelchen dohannen hun.

A-ha ! A-ha !

Duerfir halen mir op d' Eisebunn.
Wou dir och hi wëllt fueren. Dir kommt ëmmer un.
Oft mat Verspéidung mee 't as egal.
Durcherneen gerësselt ower, dir kritt d' Féiss nët kal !
Durcherneen gerësselt ower, dir kritt d' Féiss nët kal !

U-hu-hu ! A-ha ! A-ha !


Fernand Wark (Photo: jmo)

Bibliographie

 

Liens / Links
Narrow Gauge Railways in Luxembourg / Les chemins de fer à voie étroite au Luxembourg / Schmalspurbahnen in Luxemburg
 

Any information or picture completing these pages is welcome! For more information just send us an e-mail.

Toute information ou photo pouvant compléter ces pages est la bienvenue! Pour des informations supplémentaires, veuillez nous envoyer simplement un e-mail.

Jede Information oder jedes Foto, welche(s) diese Seiten vervollständigen, ist herzlich willkommen! Für mehr Informationen, senden Sie uns einfach eine E-mail.

 

Created by / Créé par / Copyright: jmo

Last update / Dernière mise-à-jour: 15 mai 2001