Stonnentakt Léck-Gouvy

Mehr
21 Nov 2016 15:08 #4626 von merni
merni antwortete auf Re: Aw: Stonnentakt Léck-Gouvy
Wirklech schued, dat dat rem net klappt. De Problem as, dat den Zuch zu Léck maximal 5' op aner Zich wart. Wann dat net klapp, wart een 2 Stonnen. Genausou as et wa mol en Zuch ausfällt..
Och schued as, dat trotz groussen Ukennegungen, dee leidege Problem mat de Grenzbilljeeen (gellt och fuir aner Strecken) einfach net geléist gett. Besonnech Studenten, déi eng Jumbo bis zum Grenzpunkt hu si geplot, well een déi Grenzbilljee nemmen am Guichet kritt (an der gett et emmer manner). An den Automaten verkafen se nemmen déi Aller Retour-Dagesbilljeen, un déi en keen anere Billjee (Go Pass...) däerf drun henken ... .
nm

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
21 Nov 2016 09:22 #4625 von René
René antwortete auf Re: Aw: Stonnentakt Léck-Gouvy
Do weist sech jo nees wivill dem Verwaltungsrot am wäite Bréissel un de Leit aus dem belschen Osten läit. Aus einfachen ëkononoëschen Iwwerleeungen bleift et beim Zwousstonnen-Takt. Wou bleiwt dann do di lëtzebuegësch Interventioun um entspriechenden Niveau?

Oder solle schons Leit iwwerleeën op een tëscht Gouvy a Léck nët kéinnt eng zousätzlech paralell Velospiste zur Vennbunn bauen, déi jo anscheinend de Renner ass a villäicht e Bypass brauch?

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
18 Nov 2016 12:23 #4622 von Kees Eurotravel
Kees Eurotravel antwortete auf Re: Aw: Stonnentakt Léck-Gouvy
Der Vorschlag, auf der Strecke Liège - Gouvy einen Stundentakt einzuführen, wurde vom Verwaltungsrat der SNCB nicht angenommen, wohl aufgrund des eher bescheidenen Potenzials.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
12 Aug 2016 21:42 #4521 von Marc Sinner
Marc Sinner antwortete auf Re: Aw: Stonnentakt Léck-Gouvy
D'Iddi fir all zwou Stonnen en e bessen méi séiren Zuch fueren ze loossen an déi Stonn doteschent een matt méi Halten schengt mer aus zwee Grënn net realisabel. Esou e Konzept geng etweder zu Lëtzebuerg oder an der belsch en Hinketakt (d.h. en onrenge Stonnentakt, z.b. en 50/70 Takt) bedeiten. Daat huet zwee entscheedend Nodeeler:
1) Et bedeit en Nodeel fir de Client well den Takt schlecht mierkbar ass.
2) Et ass e gewaltegen Problem um Niveau vun der Kapazitéit vun der Eisebunnslinn. Engersaïts stellt en Hinketakt e Problem op eegleisegen Abschnitter duer, well d'Kräizungen net ëmmer op der selweschter Plaz leien. Genau daat ass jo och e Virdeel vum Takt. Zweetens stellt en Hinketakt e Problem an de Kniet duer. All Eisebunnsknuet huet e Grondtakt (an der Belsch en Stonnentakt, zu Lëtzebuerg zum groussen Deel en 30-Minutentakt). All Zuch, deen net am Grondtakt ass, frësst iwerduerchschnëttlech vill Kapazitéit. Grad am Kader vum Arrêt Pont Rouge ass en Hinketakt op der Nordstreck net méiglech. Schon den heitegen Fahrplan matt den Départen xx.18 an xx.45 op Ettelbréck ass en Hinketakt an domatt laangfristeg net kompatibel mam Arrêt Pont Rouge.

D'Nordstreck war ëmmer zweegleiseg bis zur Elektrifizéirung. Op groussen Deeler ass se dunn eegleiseg zreckgebaut ginn. Verschidden Abschnitter dovun waren berechtegt, anerer net.

Konkret ass et em d'Tunnelen gaangen. Déi haten net daat néidegt Lichtraumprofil fir d'Catenaire. An der Regel gëtt den tunnel an esou engem fall méi déiw gemeet, sou wéi daat z.B. mam Cruchtener Tunnel passéiert ass. Op enger Rei Abschnitter vun der Nordstreck schléissen divers Brécken direkt un den Tunnel un. An esou engem Fall kann een den tunnel net méi déif maachen, well soss keet et matt der Bréck net méi op. An der Regel gëtt dann op daat zweet Gleis verzicht an daat verbleiwent Gleis an d'Mëtt geluecht. Eng duerchgehend zweegleisegkeet op esou Abschnitter hätt bedeit, datt vill Brécken hätten missen neigebaut ginn. Zum deemolegen Zäitpunkt hätt daat d'Moderniséirung insgesamt a Fro gestallt.

Nu ginn et awer och Abschnitter, wéi Clierf - Elwen, déi eegleiseg zreckgebaut goufen, wou kaum en Tunnel ass. Op genanntem Abschnitt gëtt et genee een eenzegen Tunnel (Cinqfontaines). Et hätt een also net missen den ganzen Abschnitt eegleiseg maachen. Grondsätzlech ass op esou Plazen en zweegleisegen Ausbau nach ëmmer méiglech well den Terrain jo do ass. Langfristeg stellt et duerchaus eng Optioun duer, eenzel Abschnitter zweegleiseg auszuebauen, wann nogeisen ass, datt den Fahrplan op absehbar Zäit stabil bleiwt an d'Zich sech effektiv do mussen kräizen fir datt et soss iwerall opgeet. Wann esou en Abschnitt d'fehlend Puzzlesteck ass, waat de gesamte Fahrplan soss iwerall konfliktfräi mecht, dann stellt daat eng ausseruerdentlech wirtschaftlech Investitioun duer.

Mee dofir brauch een eng sorgfälteg an laangfristeg Fahrplanplanung an net de lëtzebuergeschen pilotage à vue. E Fahrplankonzept muss 5-10 Joer am viraus feststoen. Nëmmen dann kaan een secherstellen, datt d'investéiert Milliounen de maximalen Notzen bréngen. Dobäi gëllt: et soll do gebaut ginn, wou e Bedarf nogewisen ass an net einfach sou drop lass (wéi mir et zu Lëtzebuerg leider oft maachen). Beispill ass Lëtzebuerg - Sandweiler: do ass a gëtt extrem vill Geld verbaut. Bis haut hunn ech awer keen Fahrplankonzept gesinn, waat kloer noweist datt deen Ausbau och gebraucht gëtt.

PS: e 4-spueregen Ausbau vun der N7 teschent Ettelbréck a Wäiswampech halen ech fir absolut net néideg. Déi Strooss huet bei wäitem net d'Demande fir en autobunnähnlechen Ausbau ze rechtfertegen. An d'Secherheet ass net wierklech en Argument, wann bei deene meeschten Accidenter ze vill héich Vitesse am Spill ass. Vläicht wier e Radar an dem Fall déi méi sënnvoll Investitioun (deen finanzéiert sech Emstänn selwer).

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
10 Aug 2016 09:33 #4519 von Claude Oswald
Claude Oswald antwortete auf Re: Aw: Stonnentakt Léck-Gouvy
Ideal wier natierlech eng zweegleiseg Streck. Quitte dass déi sougenannten Eisebunnsfrënn déi am Kapp de Comptabel hunn, eis virrechnen, dat géif ze deier ginn.

Stroosse wuessen dogéint vum selwen, a se si gratis. Respektiv maachen d'Leit sech gemengerhand keng Gedanken. Dat leeft nom Motto : Mer hu jo alleguer en Auto, also brauche mer schéi breed Stroossen. D'Eisebunn brauche mer net onbedingt.

Sou geeschtert d'Fuerderung am Raum, d'Nordstrooss vun Ettelbréck op Wäiswampech véierspureg auszebauen. Fir nei Schnellstroossen ze bauen, ginn Hiwwele verréckelt a Brécke gebaut. Oder kuckt Iech déi kilometerlaang Autobunnstunnelen tëschent dem Waldhaff a Miersch un. Déi hunn alleguer näischt kascht, an et huet kee Comptabel gesot, déi géifen ze deier ginn.

Wann et ëm d'Eisebunn geet, gëtt direkt gejaut : "Dat rechent sech net. Dat gëtt ze deier." De Combel ass, wann esou e Gejäiz dann och nach vu sougenannten Eisebunnsfrënn kënnt, déi de Verkéiersexpert spillen.

Mer mussen eis guer net wonneren, wann d'Eisebunn bei där dote Politik ëmmer méi an d'Hannertreffe geréit.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
09 Aug 2016 22:26 #4518 von BB 26072
BB 26072 antwortete auf Aw: Stonnentakt Léck-Gouvy
Déi Saach kléngt jo nett onintressant fir Nordstréck ze sinn, just wéi schon beschriwwen, deen eengleisechen Deel am Eisléck an déi spéider Gare Roud Bréck, maachen dësen Projet secherlech nett einfach.
Falls dach, dann hoffen ech just, dass déi IC 'en vun respektiv op Léck, dann vill manner Halten ennerwee maachen, haaptsechlech no Ettelbréck, esou wéi daat emol fréier war.
Ech verstinn jo, dass déi Leit am Norden och gäeren den Zuch benotzen an dass een sech duerch méi Halten ahofft den Zuch besser auszelaaschten, mee schlussendlech hält den Zuch jo och nett teschend Ettelbréck an Miersch respektiv duerno Richtung Stad bis op kleng Ausnahmen ! Een IC soll nett als Bummelzuch bedriwwen ginn, eng schnell Verbindung bréngt och Klienten an den Zuch, vill Leit mussen sou wéisou den Auto huelen fir op eng Gare ze kommen. Denken all zwou Stonnen eng schnell Verbindung op Léck wäer ganz an der Reih, deen anneren kéinnt jo dann no deem aktuellen Plang fueren, esou ass jidderengem bëssen gehollef.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
07 Aug 2016 17:26 #4517 von Marc Sinner
Marc Sinner antwortete auf Re: Stonnentakt Léck-Gouvy
Ass schon gewosst waat der CFL hier Reaktiounen heirop sinn?

Et schéinen nämlech net extrem vill Léisungen ze ginn. De Belsch hieren Intérêt schéint jo ze sinn, d'Zich méi fréi Richtung Léck fueren ze loossen. Am Moment stinn se 5 Minuten zu Gouvy. Mee winnst denen eegleisegen Stecker kann een do net vill drun maachen. Wann d'Belsch wëllen réckelen, dann bleiwt wuel nëmmen d'Variant op den aalen Fahrplan zreck ze goen. Bei engem Stonnentakt gengen d'Kräizungen zu Stoumont an kuerz nördlech vun Gouvy leien.

Domatt wier den Problem an der Belsch wuel geléist, mee zu Lëtzebuerg kengesfalls. Well de aalen Fahrplan léist keen perfekten 30-Minuten Takt zou. Et geng eng Kräizung ze Mëchela gebraucht ginn. Déi ass zwar schon seit Joeren an der Diskussioun, mee firwaat déi net virun kënnt wees keen. Et wier grondsätzlech en einfache Chantier. D'Emprise fir en zweet Gleis wier do an den Terrain wier och am Besetz vum Staat.

Waat eventuell geet wier folgendes:
Matt Kräizungen op der Giewelsmillen (zur Minute 15/45), kuerz nördlech vun Drauffelt (zur Minute 00/30) an zu Elwen (Minute 15/45) kinnt et opgoen. Dofir misst den Départ zu Ettelbréck em knapp 10 Minuten no fir geluecht ginn. Idem fir de ganzen Parcours bis dohinn (et kann een och d'Reserven e bëssen reduzéiren, well där sinn zimlech vill am Fahrplan). Wou et schwiereg gëtt, ass op der Wolzer Streck. Do ass de Fahrplan ganz stark ageéngt. Fir en 30-Minuten Takt op Woltz unzebidden (matt der heiteger Infrastruktur), ass den heitegen Fahrplan déi eenzeg Léisung, déi mathematesch gesinn iwerhapt geet.

Wann den Arrêt Pont Rouge bis op ass, dann kënne mer eis et net méi erlaaben, all puer Joere d'Taktgefüge komplett emzestellen. Soss gëtt et awer den ganz groussen Chaos.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
23 Jul 2016 23:32 - 24 Jul 2016 10:17 #4483 von merni
merni antwortete auf Re: Stonnentakt Léck-Gouvy
Salut,

Effektiv wiër déi Kräizung nom aktuellen Fahrplang tescht Elwen a Gouvy ... .
Allerdengs war déi Kräizung, iër d'Fahrpläng grestreckt goufen emmer zu Gouvy (du sinn déi Lécker Zich jo zuer ongerueder Stonn zu Léck fortgefuer). An deene belschen Artikelen war och riëds dervun, d'Arrivée zu Léck sou unzepassen, dat d'Studenten zur Zäit an hiëre Course wiren. Och as am Moment d'Korrespondenz op de Bréisseler Zuch mat 7' einfach ze kuërz.

Dat hätt dann och rem Auswiërkungen op de Lëtzebuerger Takt, wou wéineg Spillraum bleiwt. D'Eegleisegkeet as a bleiwt e grousse Problem.

nm.
Letzte Änderung: 24 Jul 2016 10:17 von merni.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
23 Jul 2016 15:47 - 23 Jul 2016 15:51 #4482 von Marc Sinner
Marc Sinner antwortete auf Re: Stonnentakt Léck-Gouvy
E Stonnentakt Léck-Lëtzebuerg wier zwar schéin, scheitert awer un de Kréizungen. Konkret missten d'Zich sech tëschent Ëlwen an Gouvy kréizen (zur Minute 30). Beim 2-Stonnen-Takt geet et, well déi eng Stonn den Zuch op Lëtzebuerg d'Stréck beleet an déi aner Stonn den Zuch op Léck. Den theoreteschen Kréizungspunkt geng +/- bei der fréirer Gare vun Bellain leien.

Op belscher Säit schéint et ze klappen matt de Kréiezungen fir e Stonnentakt: schon elo gëtt sech zu Trois-Ponts gekréizt. Nei dobäi kommen geng eng Kréizung bei Rivage. Souwäit ech wees ass do keen eegleisegen Abschnitt am Spill.
Letzte Änderung: 23 Jul 2016 15:51 von Marc Sinner.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
22 Jul 2016 11:13 #4481 von merni
Stonnentakt Léck-Gouvy wurde erstellt von merni
Salut,

Wéi schonn am Mee a verschidenen belschen Zeitungen ze liëse war, plangt d'SNCB 2017 e Stonnentakt tescht Léck a Gouvy (net ganz kloër as et op dat fir de nächsten oder iwernächsten Fahrplangwiëssel as). Dat as secher eng gutt Noriicht.
Ze hoffen wir et, dat d'Zich dann och am Stonnentakt tescht Léck a Lëtzebuerg géife fueren. Weess een eppes vu sou Pläng?

Schéi Gréiss

nm

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.125 Sekunden
Zum Seitenanfang