rail.lu - Emfro fir den neien rail.lu-Site

Mehr
10 Mär 2015 16:43 - 11 Mär 2015 09:49 #3673 von adminv15
Hei sin déi éischt Äntwerten / Froën zur rail.lu - Emfro fir den neien rail.lu-Site:


What’s new?

Wat soll verbessert gin? Waat nei um Site ass op den Themensaiten,
eng Lëscht vun de läschte Fotoën déi baikoumen


JM: e vun de gréissten Défautën vun rail.lu ass de Moment, dat e leider nët gesait wou nei Fotoën baigesat goufen (wann ët keng Fotoën aus der rail.lu-News Rubrik sin). Bal all Daag gin op de verschiddensten Saiten Fotoën baigesat, Kurzfristeg versiche mer dee Problem iwert eng nei Sichfunktioun ze léisen, langfristeg iwert eng nei Funktionnalitéit um neie Site. Hei sin e puer Beispiller vun nei Fotoën vun de läschte Wochen:

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.

Locomotives ARBED

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.

Tunnel St. Esprit, Luxembourg

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


Marche-les-Dames, Dolomies Marche-les-Dames

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.



Historesch Fotoen

Wat soll verbessert gin? En Deel wou historesch Fotoen gepost an kommenteiert gin

JM : am Forum gët dat jo awer gemach, oder wat ass do madder gemengt?

plus de documents historiques

JM : Plus de documents / photos historiques de quel type ?


Modellseiten

Wat soll verbessert gin? D'Modellseiten sin nët fiirchterlech à jour
Modelleisenbunn : all "offiziel" CFL-Modeller am beschten mat Foto; awer och Rariteiten vun Verainer, Sondermodeller, Eegebauten asw.
modelleisebunn letzeburger sujeen


JM: A läschter Zait koumen ganz vill Modeller eraus. Wann eppes fehlt, einfach eramailen. Avis aux amateurs.



Forum

Wat soll verbessert gin? Eng besser Forumssoftware.

JM: Wat ass nët gut un der Forumssoftware? Jiddereen ka problemlos Einträg maachen / beäntwerten, Fotoën baisetzen, asw, oder? Mellt iech wa konkret Problemer sin!

Wat soll verbessert gin? Ausserdeem ass et schued dass een ouni Login um Forum keng Fotoen gesait. Wann daat weinst Serverkaeschten ass, dann verstinn ech et.

JM: D’Fotoën gin aus Copyrightsgrënn nët ugewisen, well zum Deel Fotoën vun annere Siten dra gepost gin. Déi meescht rail.lu-Benotzer hun esouwiesou ee Login, esou dat dat kee Problem dierft sin. Den nach kee Login sollt hun, kann dat jo nach ëmmer gratis machen.


Layout:

Wat soll verbessert gin? Den Layout vun der Sait mat enger Menu-leescht lenks a riets wann den Forum op ass, begrenzt alles e bessen, do keint een vlaicht den Layout verbesseren.
Smartphone Version


JM: De Layout hängt gréisstendeels vun der Opléisung vum Bildschirm of. Ab enger Résolutioun vun 1280 x 1048 Punkten misst de Layout an Reih sin, dh. ët brauch ee keng HD-Opléisung. Suguer op engem Tablet kritt een alles ugewisen. Beim neien rail.lu-Site wärd ët och eng Smartphone Version gin. Kontaktéiert eis wa Problemer si, fir dat mer beim neie rail.lu-Site dorop oppassen.


Méi genau Informationen

Wat soll verbessert gin? Méi genau Informationen beim CFL Rollmaterial
E bësschen méi Hannergrondinformatiounen.
Hannergrondinfo's


JM: Duerfir gouf ët jo d‘Eisebunnszaitschrëft EDF, déi leider ënnert där gewinnter Form wéinst Mangel un Ennerstëtzung vun den responsablen Comitéën de Moment nët méih erauskënnt. rail.lu sicht de Moment no Alternativen. All Iddi ass wëllkomm! E-Mail: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!
Letzte Änderung: 11 Mär 2015 09:49 von adminv15.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
09 Feb 2015 17:53 - 09 Feb 2015 17:58 #3633 von adminv15
Hei sin d'Äntwerten vun denen éischten 99 déi bei der Emfro matgemach hun:

Hues Du ee perséinlëche rail.lu - Compte / Login (gratis)?

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


Jo - ja - oui 91 92%
nee - nein - non 8 8%

Wéi oft besichts du d'rail.lu - Sait?

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


Nët oft (just per Mol am Joër) 1 1%
ongeféier 1 x / Mount 3 3%
e puer x / Mount 3 3%
ongeféier 1 x / Woch 17 17%
e puer x / Woch 26 26%
bal all Dag 49 49%

Soll de rail.lu-Forum weider öffentlëch sin, oder solle verschidde Rubriken just no Login accessible sin?

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


weider öffentlëch 50 51%
verschidde Rubriken nëmmen no Login accessible 40 40%
de ganze Forum nëmmen no Login accessible 2 2%

Wat interéssiert Dëch am meschten um rail.lu?

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


rail.lu - News 82 83%
rail.lu - Forum 63 64%
rail.lu - Annonces 11 11%
2.500 rail.lu-Themesaiten mat iwert 30.000 Fotoën 66 67%

Biselo gouf de rail.lu privat finanzéiert. Wéi kinnt de rail.lu sëch an Zukunft finanzéieren?

Dieses Bild ist für Gäste verborgen.
Bitte anmelden oder registrieren um das Bild zu sehen.


Sponsoring (Verainer, Firmen, etc.) 57 58%
Fraiwëllegen Don vun de Benotzer 37 37%
Reklamen 33 33%
Jährlëch Cotisatioun vun de Benotzer, mat event. Remboursement vun den aktiven Matarbechter 22 22%

Wat fehlt de Moment nach um rail.lu?
  • D'Modellseiten sin nët fiirchterlech à jour
  • CFL-Bus als Nofolger vun den Schmuelspuerbunnen a vun verschiddenen Normalspuerstrecken.
  • eng Lëscht vun de läschte Fotoën déi baikoumen
  • Waat nei um Site ass op den Themensaiten,
  • Info iwert flott Photopunkten, viraus-Info iwer Sonderfahrten
  • Modelleisenbunn : all "offiziel" CFL-Modeller am beschten mat Foto; awer och Rariteiten vun Verainer, Sondermodeller, Eegebauten asw.
  • As ziemlech komplett. Sou ee site wou souvill vun engem Land drop ass,mfent ee soss neirens. Keint een vleit promouveiren dass d'memberen hier archiven digitaliseieren an se veröffentlechen.
  • Gleispläng
  • Reclamationsrubrik
  • zesummenaarbecht mat der cfl...
  • Smartphone Version
  • Ukennegunge vu Fotogeléenheeten, Giderzuchfahrpläng
  • Moien, Jean-Marie. Ech kucke vill de Site www.bahnonline.ch
  • Roulementen, Horaire vun Sonderzich etc...
  • Méi genau Informationen beim CFL Rollmaterial
  • Präzis Kaarten mat den alen Strecken
  • E bësschen méi Hannergrondinformatiounen. Ech sin Member an enger ganzer Rei vu Veräiner (och ALACF), mee zB ass nach keng Informatioun komm firwaat d'Wegmänner nött méi können agesaat gin.An e bëschen méi web 2.0, zB link mat facebook. (Ech haat eng Kéier probéiert fir e login op rail.lu ze kréien, daat haat irgendwéi nött geklappt a krutt gesoot ech soll et nach eng Kéier versichen, hun et awer du mol si geloos, ass awer fir mech kee Probleem :-)) )
  • e Kalenner
  • Eng Lescht mat alles kommenden Eventer dei mat Zich ze doen hunn
  • mei 1800er :-)
  • Hannergrondinfo's


Villmols merci u jiddereen de biselo matgemach huet. Eis hëllefen déi Informatioun ganz vill! Fir déi anner ass ët nach nët ze spéit. D'Emfro geet nach ëmmer weider ënner: rail.lu - Emfro
Dat ganz dauert just 1 Minut.

Villmols merci am Viraus!

bis geschwenn,

Jean-Marie
Letzte Änderung: 09 Feb 2015 17:58 von adminv15.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
24 Jan 2015 15:38 - 24 Jan 2015 15:47 #3592 von adminv15
rail.lu - Emfro fir den neien rail.lu-Site wurde erstellt von adminv15
Mir sin am gang de "rail.lu"-Site ze moderniséieren, a wiere frou wann Dir eis kuerz op folgend Froën kinnt äntwerten.

Einfach op dëse Link clicken: rail.lu - Emfro
Dat ganz dauert just 1 Minut.


Schëckt eis einfach en E-mail op Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein! fir weider Froën, Iddiën a Suggestiounen.

Villmols merci am Viraus!

bis geschwenn,

Jean-Marie
Letzte Änderung: 24 Jan 2015 15:47 von adminv15.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.093 Sekunden
Zum Seitenanfang