Arrêt Kirchberg-Pfaffenthal

Mehr
15 Nov 2016 17:27 #4620 von Marc Sinner
Marc Sinner antwortete auf Arrêt Kirchberg-Pfaffenthal
Et ginn op alle Fall Ramen matt zwee Führerstänn. Soss missten jo iwerall Wendeschlaufen gebaut ginn. Ech kennen keen nei gebauten Tramsréseau an Europa deen matt Eenrichtungstramen bedriwen gëtt.

Wéi déi präzis Gleistopologie ausgesäit wees ech net. Daat waar op kengem Plang eindeuteg ze erkennen. Et kann een awer wuel dervun ausgoen, datt do Weichen hinkommen. Déi sinn och am Endzustand netzelech wann am Stéirungsfall dTramen muss fréizäiteg gedréint ginn.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
14 Nov 2016 23:24 #4618 von 34-19029
34-19029 antwortete auf Arrêt Kirchberg-Pfaffenthal
déi herrschafte vu luxtram si guernet kommunikativ. a gare-la-mine du frees eppes technesches, da si se erschoss.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
11 Nov 2016 10:33 #4616 von Carlo
Carlo antwortete auf Arrêt Kirchberg-Pfaffenthal
Moien,
An dësen Beiträg geht nëmmen iwer d'Froen vum Zuchverkéier riets, net awer iwwer den Tram. Do sin 2 Froen, op déi ech bis elo keng Entwert fond hun:
1) sin déi Rammen bi-directionell, dat heescht mat engem Führerstand op all Enn?
2)wéi geseit den Trams-Gleisplang op dem Arrêt aus, well an der Ufanksphase do jo Schluss ass?

Ech haat déi Fro!en schon um Kontakt vu Luxtram gestallt, mä do krut ech bis elo guer keng Entwert!

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
22 Aug 2016 22:10 #4530 von Marc Sinner
Marc Sinner antwortete auf Re: Aw: Arrêt Kirchberg-Pfaffenthal
Et ass wouer, dass een beim Duerchbannen nemmen nach een Zuch pro Gleis eran kritt. Daat gëtt awer kompenséiert doduerch, dass d' Zich nëmmen nach 2-3 Minuten do stinn an net méi 10-20. Zudem gëtt d' Gleis an déi selwescht Richtung besat, waat den Interval teschent zwee Zich verkierzen kann. Insgesamt ass de Kapazitéitsgewënn schon do. Dofir kann ech d'Erklärung mam zousätzlechen Quai absolut net verstoen. Do wier ech awer wierklech gespaant, fir de minutengenauen Noweis ze gesinn.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
22 Aug 2016 19:55 #4527 von Luxtony
Luxtony antwortete auf Aw: Arrêt Kirchberg-Pfaffenthal
Das d'Zich net direkt durchgebonnen ginn hunn ech och schon heieren. Do hätt een effektiv bis elo schon eppes kennen ausschaffen.
Ech geng soen een durchbannen vun den Zich brengt net vill mei Kapaziteit an der Staater Gare. Wann d'Zich do Kapp maachen kennen 2 Zich op engem Quai haalen. Wann een d'Zich elo durchbennt, dann brauchen si jeweils een ganzen Quai.
Ech hunn mir Dummeldenger Gare emol eng keier ugekuckt. Un sech kinnt een do jo nach e 4ten Quai dabei bauen op der Seite vun der Schmelz. Dann hätt een 2 Quaien wou d'Zich kennen durch fueren an 2 Quaien fir Kapp ze maachen. Em plus sinn nach Ofstellgleiser hannen drun.
Wann elo just d'Zich vun der Nordstreck do stoen bleiwen an enger eischter Phase sinn daat der och net esou vill. All 30min een Bummelzuch an all 30min een Schnellzuch. Dann brauch een och net all 5min een Tram. An d'Zich kommen wahrscheinlech schnell un hier Kapaziteitsgrenzen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
21 Aug 2016 17:13 #4526 von Marc Sinner
Arrêt Kirchberg-Pfaffenthal wurde erstellt von Marc Sinner
Moien,

Des Woch war um RTL en Reportage iwert den neien Eisebunnsarrêt bei der Rouder Bréck.

www.rtl.lu/letzebuerg/archiv/946972.html

Do heescht et, datt d'Zich vun Süden réischt ab 2020 kinnten duerchgebonnen ginn, well dann 2 nei Quaien an der Stater Gare zur Verfügung stinn. Wees een dorwier méi?

Ech hunn sérieux Zweifelen un där Explicatioun. Normalerweis brengt d'Duerchbannen vun Zich zusätzlech Kapazitéit an der Gare well d'Zich manner laang do stinn. Eng Duerchgangsgare ass en général vill méi leeschtungsfäheg wéi eng Kappgare. Nach virun engem Joer (September 2015) huet den Infrastruklturchef vun der CFL op enger Tagung gesot, datt se nach net wéissten (!) wéieng Zich genee géingen duerchgebonnen ginn. Innerhalb vun de leschten 11 Méint schéinten se also zu onerwarten Erkenntnisser komm ze sinn. Mir bauen zu Lëtzebuerg also nees drop lass, an kucken duerno wéi mer déi nei Infrastruktur notzen. Daat kann een nëmmen ganz schwéier als sënnvollen Emgang matt den Suen vum Steierzueler bezeechnen.

Et ass kloer datt déi momentan Fahrpläng am Norden an am Süden net openeen passen. Mee daat wëssen mer schon seit 4 Joer. Wann an där Zaït keng Léisungen op den Dësch kommen, dann leeft iergendeppes net sou wéi et soll.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.100 Sekunden
Zum Seitenanfang